Subaru Crosstrek
Subaru - di japanesch Mark hat invitéiert fir der Press de neie Modell Crosstrek ze presentéieren.
Wéi nei deen tatsächlech ass, huet de Christian Schmit fir eis eraus fonnt.
An dat zu Nivelles um Site vum Royal Automobile Club Belgique. Well nieft der Piste d’essai hunn déi och en Offraod Parcours, deen ee loune kann. An dat trëfft sech gutt, wa mir vu Subaru schwätzen, déi jo den All Wheel Drive, als eng 4X4 Traktioun an hirer DNA hunn.

D’lescht Joer gouf jo schonn de 70. Anniversaire vun der japanescher Mark gefeiert, an esou och 70 Joer AWD.
Aus dem XV an der Gamme gëtt elo de Crosstrek. Interessant, dass op der Presentatioun och di zwee Modeller dobäi waren. Dat well den XV elo mol nach parallel zum neie Crosstrek ugebuede gëtt.
An den Dimensiounen bleift esou zimmlech alles beim Alen. A punkto Styling gouf awer nach eng Kéier nogeschäerft. Dynamic X Solid heescht di Design Sprooch elo.

D’Plastik Applikatiounen un der Karosserie stiechen elo nach méi ervir, dräidimensional ausgeformte Radkëschten, a mat 22 Zentimeter Buedemfräiheet kann et dann och emol duerch de Bulli goen, ouni gläich opzesetzen. Wat mir dann och, wéi gesot, konnten ausprobéieren.
Nom Ausflug huet ee fir sech erëm festgestallt, dass Technik och bei Subaru méi ka wéi e sech selwer géif zoutrauen. D’Aventure kann deemno biergop a biergof kommen. Oder och just e Plus u Sécherheet op verschneiten a glate Stroossen.

Ënnert dem Capot ass de Choix elo ganz séier gemaach. De 1600er fält ewech, den 2 Liter Boxer Mild Hybrid bleift, kritt awer wéinst der CO2 Bilanz an dem Verbrauch elo nach just 136 PS mat op de Wee a keng 150 méi.
Ka sécher näischt schueden, well di Boxer Motricen sinn eis nach ni duerch moderat Verbrauchswäerter opgefall.
Mat 11 Sekonnen op 100 a bal 200 Spëtzt léisst sech liewen.
Mat der Automatik muss e sech ufrënden. Ech soe just CVT, also stufelos. Dat kënne mir jo scho vun anere Konstrukteuren, déi och dorop sëtzen.
Douce Acceleratiounen a Gläichméissegkeet dat läit dem Crosstrek.
Soss goufen et Verbesserunge beim Fiederungsconfort, der Lenkung mat méi Gefill, Sëtzer, Finitioun, an der Isolatioun.
Bannenan fält engem och op dass sech an der Mëttelconsole elo e groussen 11,6 Zoll Full HD Ecran breet mécht. Dee selwechten aus dem Modell Outback an der Gamme. Mee trotz scrolle bleiwen och Knäppercher u Bord. Connectivity a Mobility ass up to date.

Präisser, Fazit?
Di gutt Noriicht virop: Et ginn elo 8 Joer Garantie.
3 Ausstattungsniveaue kommen a Fro, an egal wéi sinn Automatik, Allrad an de Sécherheetsplus Eyesight mat zwou Kamerae serieméisseg. Präis 37.600 an der Premium Versioun, wou dann nach just d’Metallicfaarf Optioun ass.
De Subaru Crosstrek ass en interessante Vertrieder an der Kompaktklass, wann et emol eng Kéier keen SUV muss oder soll sinn.
