Volvo huet schonn eng Zäitchen Elektromodeller an der Gamm – allerdéngs baséieren C40 an XC40 nach ëmmer op enger Verbrennerplattform.

Mat de Buschtawen EX start elo eng nei Modellrei, déi als reng E-Autoe konzipéiert gouf. Éischte Worf ass den EX30, deen Ufank Juli zu Lëtzebuerg seng statesch Première feieren duerft. De Paul Origer war fir eis deemools mat dobäi.

Automag: Volvo EX30

Dat kléngt esou, wéi wa bei Volvo eng nei Ära agelaut gëtt?

Do hues de Recht, den Invest an eng reng elektresch Plattform weist, a wéi eng Richtung et bei Volvo geet. Interessant ass awer och, dat mam EX30 mol fir d’éischt ee relativ klengen Auto lancéiert gëtt. An deem awer all déi typesch Valeure vu Volvo solle vertruede sinn: Design, Qualitéit a Sécherheet. Vu baussen sinn op jidder Fall déi typesch Attributer wéi dem Thor säin Hummer an de Luuchten, eng relativ staark a sportlech niddereg gehale Flank an déi héichgesate Luuchte hanne vertrueden. Net feelen dierf och eng glat Kalander ouni Külergrill esou dat den EX30 direkt als rengen E-Volvo ze erkennen ass.

RTL

Bannendran geet et schweedesch kill a minimalistesch virun: hei fanne mer just ee Schierm an der Mëtt, keng Lautsprecher an den Dieren an eng drastesch reduzéiert Unzuel vu Knäppercher.

RTL

Mam EX30 soll och d’Ëmwelt geschount ginn?

Op jidder Fall an hei si se houfreg drop, de Volvo mat dem niddregsten CO2-Impakt gebaut ze hunn. Bei der Produktioun reduzéiert Emissioune an de verstäerkten Asaz vu recycléierte Matière baussen a bannen drécken dem EX30 säi Foussofdrock wärend sengem Liewenszyklus vun 200.000 km op manner wéi 30 Tonnen CO2. Dozou bäidroe soll natierlech den Undriff; hei proposéiert Volvo Versioune mat 1 Motor an Heckundriff esou wéi 2 Motoren an Allrad. Vun 272 bis 428 PS geet d’Leeschtung, d’Autonomie läit tëscht 344 a 480 km.

RTL

Dat kléngt jo awer no engem brauchbare Gefier – du konnts den neien EX30 jo och live gesinn – wéi war däin Androck?

Direkt ganz positiv opgefall ass deen net iwwerdriwwene Gabarit; 4m23 laang an 1m55 héich ass eng agreabel kompakt an handlech Mooss, deem steet allerdéngs e Gewiicht vun tëscht 1800 Kilo an 2 Tonnen entgéint. Dofir bitt den EX30 genuch Raum bannenan; vir sëtzt een zimmlech agreabel, hannen ass et e bëssen enk, besonnesch duerch déi voluminéis Sëtzer fir Chauffer a Bäifuerer.

RTL

Mat knapp ënner 400 Liter gëtt et eng brauchbar Mall, dozou gesellt sech ënnert der viischter Klapp nach ee Frunk vun 34 Liter. Wéi sech den EX30 fiert, dat wäerte mer fréistens elo am Wanter mat engem Test erausfannen.

Also awer een interessanten neien Auto bei Volvo – d’Präisser sinn och scho bekannt?

Dat si se, et kann een sech den Auto scho monter konfiguréieren an online kafen. Bei knapp ënner 38.000 Euro geet et lass. Mam duebelem Motor, Allrad a chicen Optioune ass een awer, wéi kann et anescht sinn, séier iwwer 50.000!

RTL