Dëse Weekend ass et nees esou wäit: et ass Autofestival zu Lëtzebuerg. Sicht Dir nach ee praktesche Guide, deen Iech seet wou der wat fannt?

De Paul Origer vun der Automag-Ekipp mat all den Neiegkeeten vun dësem Joer!

Automag: Den Dossier "Autofestival 2024" op RTL.lu

Mir bidde fir all Autosmark eng kuerz a knackeg Iwwersiicht, wéi eng nei Gefierer et zu Lëtzebuerg wärend dem Autosfestival an de Garagen ze gesi gëtt. Dat sinn dacks Modeller, déi tëscht dem leschten an dësem Festival erauskoumen, awer och déi eng oder aner Première wäert et ze gesi ginn. An à propos gesinn: fir all Mark gëtt et déi passend Billergallerie esouwéi Links zu den Tester, déi d’Automag-Ekipp vun deenen entspriechende Modeller scho gemaach huet, respektiv zu der offizieller Säit vun der Autosmark.

Iwwer 50 Marke sinn opgelëscht - do sinn och e puer neier derbäi, well et ass effektiv e bëssen ee Kommen a Goen an der Autosbranche. Déi eng Marke si lues a lues amgaang der Autosbün Äddi ze soen, anerer starten elo mol hir Karriär. Zum Beispill Landrover... d’Mark selwer gëtt et esou net méi, de Jaguar-Landrover-Grupp huet hir Offroad-Gefierer an 3 gedeelt: Range Rover, Discovery an Defender.

Aner Marke sinn dogéngt e bëssen an den Hannergrond geréckelt. Seat zum Beispill. Déi spuenesch Traditiounsmark ass zënter dem Lancement vu Cupra bal vergiess – d’Gamm gouf reduzéiert an et ginn och keng nei Modeller méi presentéiert.

Dat selwecht Schicksal wäert Alpina erliewen. Zënter der Reprise duerch BMW komme keng nei Modeller méi vum Edeltuner aus Buchloe a lues awer sécher wäerten och do d’Luuchten ausgoen.

Aner Marke stinn awer dofir an de Startlächer oder liewen nei op. D’Chinese kommen... entweder si se schonn do, ouni dass mer et gemierkt hunn, oder si sinn amgaangen déi lescht Preparatiounen dofir ze maachen. Drop an Drun ass Build your Dreams, deenen hir Autoe mer jo schonn hei am Test haten. Oder nees zeréck, mee dofir hallef a chineesescher Hand ass smart!

Den neie smart #1 huet net nëmmen de Showroom gewiesselt, e geet och soss an eng ganz nei Richtung. Dat selwecht gëllt fir de Brudder vu Volvo, den EX30. Volvo wëll eis ze verstoe ginn, dat kleng, kompakt a laanglieweg Elektroautoe mussen ugebuede ginn.

Iwwerhaapt ass den Elektroauto nach ëmmer e grousst Thema, vill Marke sprangen op deen Zuch op. Maserati presentéiert zum Beispill, no der Annonce vum leschte Joer, elo endlech deen neien elektresche GT an natura. Oder, fir bei de sportleche Marken ze bleiwen, Lotus mat hirem neien SUV Eletre. Awer och Lamborghini suergt fir den A-Effekt a bréngt den neien Topmodell vun der Gamm, de Revuelto mat Hybrid-Undriff.

Awer och méi “normal” Autoen huet de Festival ze bidden. Den neie Fiat 600e zum Beispill, de Citroën ë-C3 wann et em bezuelbar Autoe geet oder de Ford Explorer, dee bei den Euro-Amerikaner den Ufank vun engem Boom vun Elektrogefierer bedeit.

Den Trend zum Elektroauto ass nach ëmmer ongebrach. Op d’mannst 1 neien Auto kënnt mat deem Undriff pro Mark bäi oder ass ënnerwee. Awer net eleng dat, et dierf och nach gedreemt ginn an esou richteg passionéiert Gefierer hunn nach ëmmer hir Plaz. Et ass mer awer och opgefall dass vill Marken um Festival dëst Joer net vill ze bidden hunn, respektiv guer keng Nouvellen. Engersäits well ongewëss Zäite sinn, anerersäits awer och dacks, well déi richteg Neiegkeeten eréischt méi spéit am Joer nokommen. Esou oder esou, gitt emol an d’Garage kucken a luusst virun allem an eisen Dossier eran, mir wäerten deen och stänneg à jour halen, dofir lount sech all Besuch!