• De PLUS

    • Ideal Kombinatioun vun Diesel an Elektro
    • keen Höcker méi an der Mall
    • vill méi Autonomie a méi séier Luedzäiten
  • De MINUS

    • zimmlech héicht Gewiicht
    • den Hybrid-System reagéiert heiansdo e bëssen zéi

E bëssen an den Hannergrond geroden ass e schonn, den Hybrid. Et ginn awer och Marken, déi un em festhalen, wéi zum Beispill Mercedes-Benz.

Si kombinéieren esouguer nach ëmmer den Diesel- mam Elektromotor, den neiste Worf ass déi aktuell C-Klass als C 300 de. De Paul Origer huet e fir eis am Alldag getest.

Automag: Mercedes C-Klass Diesel-Hybrid

Haut steet also een Dieselhybrid um Programm - am Fong gouf et deen och schonn am Virgänger a Mercedes ass, wann ech mech net ieren, nach deen eenzege Constructeur, deen den Diesel mam Elektromotor kombinéiert. U sech, wann’s de mech frees, eng interessant Motorisatioun, well ee souzesoen dat bescht aus zwou Welten an engem Auto huet. Den doucen, onkomplizéierten a komfortabelen Elektromotor fir den Alldag an déi kuerz Strecken an de spuersamen, dréihmomentstaarken Diesel fir déi grouss Rees.

RTL

© Paul Origer

Beim C 300 de ass dat een 2 Liter 4-Zylinder Diesel, deen aleng schonn 197 PS leescht. Hie kritt awer dann nach Hëllef vun engem 129 PS staarken Elektromotor, esou dass zesummen 313 Päerd Systemleeschtung a sat 700 Nm Dréimoment entstinn.

Du soos, am Virgänger gouf et den Dieselhybrid schonn – ech huelen un, an der Baurei 206 gouf deen nach emol verbessert?

Op jidder Fall. Ugefaange bei der Autonomie. Déi ass vu 50 km op iwwert dat duebelt gewuess. 110 gi versprach, bei relativ kalem Hierschtwieder huet den C 300 de mer ëm déi 90 km ugewisen. Dat ass natierlech enger vergréisserter Batterie ze verdanken, déi Mercedes och besser ënnerbruecht huet wéi beim Virgänger. Deen onprakteschen Höcker an der Mall ass verschwonnen, dofir gouf de Buedem iwwert déi ganz Fläch liicht ugehuewen.

RTL

© Paul Origer

Vu 490 Liter Volume bleiwen der nach 360 iwwereg, wat mech elo am Alldag net grouss gestéiert huet. Wärend d’Motorleeschtung quasi identesch bliwwen ass, huet sech beim Luede vill gedoen. Den C 300 de kann nämlech elo och un den CCS-Schnelllueder gehaange ginn. Mat maximal 55 kW ass en dann a ronn 20 Minutten nees voll. An och un der normaler Borne kann een no maximal 2 Stonnen nees 100 km fueren. Dat ass e wiesentleche Fortschrëtt an am Alldag immens nëtzlech.

RTL

© Paul Origer

Wéi waren dann deng Fuerimpressiounen – ass do just spueren ugesot oder kënnt och e Fuerspaass an d’Spill?

700 Nm an 313 PS klénge jo elo net no Spuerprogramm, also wollt ech och kucke wat den Dieselhybrid esou kann. Ugefaange bei de Laangstreckekalitéiten. Ronn 1400 km hat ech an enger Woch ofgespullt, dorënner och mol iwwer 200 um Stéck. An déi meeschtert den “de” wonnerbar. Gestart gëtt ëmmer elektresch, d’Elektronik reegelt duerno den Asaz vu béide Motoren dat de Chauffer näischt dovunner matkritt. Kloer bleift den Diesel héierbar, mee trotzdeem agreabel gedämmt. Dat héicht Dréimoment bréngt de lockere Schub beim Iwwerhuelen, besonnesch am Sport-Modus kann een et esou richteg kraache loossen.

RTL

© Paul Origer

Wat sech awer ëmmer bemierkbar mécht, dat ass dem C 300 de säi Gewiicht. Iwwer 2,2 Tonne bréngt en op d’Wo an déi maache sech beim Beschleunegen, Bremsen a Renkele bemierkbar. Trotzdeem huet sech de Verbrauch iwwert déi ganz Distanz, mat bal 50 % elektreschem Undeel an heefegem Oplueden op ronn 4 Liter agependelt. Alles an allem ee ganz agreabelen a confortabelen Undriff. Gestéiert hu mech just déi liicht spierbar Gangwiessel am Elektromodus, well den E-Motor jo och iwwert d’Automatik fiert, esou wéi d’Reaktiounszäiten an der Hybrid-Astellung.

A wou si mer dann do präislech drun?

Als Kombi start den C 300 de bei 62.292 Euro, dat si ronn 8.000 méi wéi dee selwechten Diesel ouni Hybrid. Lount sech deen Invest? Dat hänkt vum Fuerprofil of. De Kilometerfréisser huet vläicht net esouvill dovunner well, ass d’Batterie emol eidel, muss een dat Gewiicht trotzdeem matschleefen. Setzt een den Auto awer am Alldag, spréch op Kuerz- a Laangstrecken an, an, virun allem, luet ee reegelméisseg, da kéint et tatsächlech dat bescht aus zwou Welte sinn!

RTL

© Paul Origer