• De PLUS

    • Fuerleeschtung
    • Top Veraarbechtung
    • Méi Plaz wéi et ausgesäit
  • De MINUS

    • héije Stroumverbrauch
    • Präis

Wann en Dramauto fir Iech elektresch ugedriwwe sinn dierf, da kéint dat heiten eppes fir Iech sinn.

Am Automag vun haut steet de Porsche Taycan 4S Cross Turismo am Mëttelpunkt. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp mat den Detailer.

Automag: Porsche Taycan 4S Cross Turismo

D’Reaktiounen a mengem Ëmfeld si fir mech als Member vun der Automag-Ekipp an der Reegel e gudde Stëmmungsbarometer. Gefält den Auto? Fält en um Parking op? Oder wëllen d’Kolleegen en Tour matfueren? Dräi Froen, an dräimol "Jo". Den Taycan 4S Cross Turismo huet fir Häerzklappe gesuergt. Net wéinst mengem Fuerstil, an och net well "e richtege Porsche nëmme Bensinn tankt". Vläicht éischter, well e fir e Sport-Kombi richteg gutt ausgesäit.

RTL

© Akim Schmit

Looss eis kuerz iwwert den Design schwätzen. Well den Taycan ass u sech keen neie Modell?
Den Ënnerscheed mécht den Zousaz “Cross Turismo“ am Numm. An der Praxis huet e méi Kappfräiheet fir déi zweet  Rei an eng grouss Mall, déi den Design geschéckt cachéiert: 446 (bis 1.200 Liter) passen eran. Méi Beefräiheet gëtt et leider net. Allrad-Undriff ass Serie, genee ewéi eng héichteverstellbar Loftfiederung. E bëssen Offroad-Chic a Form vu Plastik-Protektiounen un de Radleef an um hënneschte Stoussfänger – et voilà.

RTL

© Akim Schmit

Huet deen Offroad-Chic dann och e Wee an de Banneraum fonnt?
Den Taycan ass och als 4S Cross Turismo kee Begleeder fir Offroad Ausflich an ech géif och net mat knaschtege Stiwwelen era klammen. Genee esou wéineg schockéiert Porsche seng Clientèle mat Gummis-Foussmatten oder haarde Plastik-Verkleedungen. Nee, Bannendra geet et gedigen zou. Ech hu mech dru ginn, mee ech hunn näischt fonnt, wat mech gestéiert huet. Besser kann een en Interieur vun engem Auto net bauen. All Nout am Lieder sëtzt, alles wierkt zolidd a scho bal ze Schued fir eran ze klammen.

RTL

© Akim Schmit

Du sos „bal“, well ech ka mer net virstellen, dass eis Automag-Ekipp sech do zeréckhale kann?
Ech sinn éierlech, ech misst net forcéiert ginn de Knäppchen ze drécken a lass ze jauwen. Awer ëmmer mat enger Portioun Respekt: Eisen Testauto huet 490 Päerd (360 kW) Leeschtung op de Makadamm ze bréngen – am Overboost fir kuerz Zäit esouguer 571 PS (420 kW).

RTL

© Akim Schmit

Tempo 100 ass laut Stoppauer no 4,1 Sekonnen erreecht. Dat mécht Spaass wann ee weess wat kënnt, et ass awer och brutal, wann een net domat rechent. Ob séier oder gemittlech, béid Disziplinne beherrscht den Taycan. De Confort mat der Loftfiederung ass héich ouni schwammeg ze sinn, d’Sportsëtzer ginn Halt ouni ze quetschen an d’Steierung ass präzis.

RTL

© Akim Schmit

Wa mer vun Elektroautoe schwätzen, ass d’Reechwäit ëmmer en Thema. Wéi gesäit et domat aus?
Do lees de de Fanger an d'Wonn: Porsche verbaut mat 93,4 kWh eng relativ grouss Batterie, déi sech richteg séier opluede léisst. An enger perfekter Welt fléisst a 5 an enger hallwer Minutt genuch Stroum fir déi nächst 100 Kilometer. Op där anerer Säit hunn ech am Test 26,4 kWh op 100 km verbraucht. Domat stieche manner wéi 400 km an der Batterie.

De Porsche Taycan 4S Cross Turismo start bei 112.000 Euro - eisen Testauto koum op 143.000 Euro. Dat suergt net just fir Respekt, mee och dofir, dass et bei sou Munchem en Dramauto bleift...

RTL

© Akim Schmit