Peugeot e-308
-
De PLUS
- Flotten Design
- Gutt verschafft
- Gudde Verbrauch
-
De MINUS
- Et feele puer PS
- De Panoramadaach geet just manuell op
Am Automag ginn d'Krallen erausgefuer, nämlech déi vum Peugeot-Léiw. An deem heite Fall sinn et elektresch Kralle vum 308.
De Rich Simon war mam 308 ënnerwee. Deen Auto gouf et bis elo net an enger Elektroversioun. Peugeot war schonns mat all deenen anere Modeller elektresch ënnerwee, awer eeben net mam 308. Dat ass elo de Fall. Am e-308 ass awer, mat 156 Päerd, déi selwecht Leeschtung dra wéi beim klenge Brudder dem e-208, deen et schonns méi laang gëtt. Mat 156 Päerd am Zäitalter, wou verschidde Marken et drop uleeën fir mordikus d´Konkurrenz a Saachen Leeschtung ze iwwertreffen, sinn déi 156 PS éischter bescheiden an déi eng oder aner Kéier vermësst een och bësse Leeschtung. Virun allem wann een am Eco Modus ënnerwee ass, feelt ganz einfach Dynamik.
Feelt déi da just do?
De Peugeot 308 keefs du net, fir um Nürburgring Ronnerekorder ze briechen. E puer Päerd méi, géifen dem Auto awer sécherlech, net schueden. Virun allem well den Design och richteg flott sportlech gehalen ass. Mat engem dynameschen, schonns bal, an dat mengen ech net negativ, aggressive Külergrill deen direkt an de Capot iwwer geet a wou de Kapp vum Peugeot Léiw dominéiert. Iwwer den Design léist sech a mengen Aen och net vill diskutéieren. Deen ass ganz einfach flott. Bannen ass den Auto gutt verschafft, alles ass iwwersiichtlech an dat sportlecht Steierrad ass méi wéi gelongen. Wat mech allerdéngs genervt huet ass de Panoramadag, deen ee manuell muss op an zou maachen a wou ee sech bal d´Schëller ausrenkt. Been- a Kappfräiheet ass alles ganz gutt. Et gëtt den e-308 als Berline an och als Space Wagon. Beim Kombi interesséiert jo ëmmer d´Mall. Déi geet vu 548 bis 1.574 Liter. Och dat ass ganz ok!
Wéi fiert den e-308 sech dann?
Ech hunn et schonns ugedeit, datt et am Eco-Modus dach e bësse langweileg ass. Wann een nach méi op d´Spuere vun Energie aus ass, an et wiesselt een an de "B" de Brake Modus also, da kennt et engem vir, wéi wann ee géif un der gudder aler Handbrems zéien. Dat ass net ganz agreabel. Ech denken, datt een am normal Fall, éischter an deenen zwee anere Modussen ënnerwee ass. Wéi déi meescht reng elektresch Autoen, leit och den e-308 ganz gutt op der Strooss. Den Handling ass och duerch dat sportlecht Steierrad ganz gutt an d´Assistenzsystemer si gutt ofgestëmmt.
Wéi gesäit et mat der Batterie aus?
Et ass eng 54 kWh am Auto agebaut, déi eng Autonomie vu 413 Kilometer soll hunn. Esou wäit konnt ech ne fueren, esou datt ech dat net richteg konnt testen. De Verbrauch gëtt Peugeot tëscht 14,9 a 15,7 kWh un. Bei den 175 Kilometer Testfaart louch ech bei 16 kWh an dat ass ee ganz gudde Wäert. Déi Batterie muss och nees opgeluede ginn. Mat 3 Phasen kann ee mat 11 kW Wiesselstroum den Akku vun 0 op 100 Prozent a 5 h 30 min lueden. Mat Gläichstroum an 100 kW vun 0 op 80 Prozent a 35 Minutten.
Wéi gewinnt zum Schluss däi Fazit?
Et gëtt net vill Negatives ze soen. Peugeot weess wéi ee flott Autoen baut, déi am Alldag dat bréngen wat een sech an där Präisklass erwaart.
Domadder wiere mir och schonns beim Präis. De Peugeot e-308 Berline kritt een net an den zwou méi einfachen Ausféierungen. Et geet lass bei 41.750 an der Allure a bei 43.811 an der GT Versioun. De Space Wagon, also de Kombi ass liicht méi deier: 42.709 Euro fir deen Normalen e-308 a 44.770 fir de Space Wagon. Och deen ass just an der Allure, respektiv GT-Ausféierung ze kréien.