De Paul Origer këmmert sech jo ëmmer ëm den Dossier mat den Nouvellen an hat sech dann och Zäit geholl, fir selwer op de Festival kucken ze goen.

Automag: Bilan Autofestival 2024

Jo, tatsächlech hat ech mer op deenen zwee Weekender d’Zäit geholl, fir bei déi eng oder aner Garage luussen ze goen. An ech hunn net schlecht gestaunt; esouguer wann am Fong dobaussen éischter Spadséierwieder war, waren d’Showrooms ganz gutt besicht.

Da gouf et och eppes ze kucken?

E Virgeschmaach hate mer jo schonn an eisem Festivalsdossier ginn. Mee fir mech war et virun allem interessant fir ze gesinn, ob déi ugekënnegt Nouvellen dann och tatsächlech present waren, an ob déi eng oder aner Garage och vläicht nach Iwwerraschunge parat hat. An esou war et och.

Ugefaange bei de Stellantis-Marke Peugeot, Citroën an DS déi och dëst Joer nees zu Leideleng eng ganz Rëtsch Oldtimer ausgestallt haten. DS, 2CV, esouguer een Ami an een 205 GTI hate se am Showroom, respektiv am Ateliersberäich stoen. Mech freet et ëmmer besonnesch, wann Autosmarken hir Geschicht net vergiessen. Esou och Lamborghini. Hei gouf et nieft Klassiker wéi dem Countach nach ee grousse Schratt zeréck an d’Geschicht vun der italieenescher Sportswonmark: eng exklusiv Ausstellung vun Trakteren huet nach emol erënnert, woumat et bei Lambo ugefaangen huet.

Mee du sos, et waren och vill nei Autoen ugekënnegt, gouf dat Versprieche gehalen?

Dat war effektiv spannend, well déi grouss Nouvellë waren herno awer net iwwerall vertrueden, mee hunn entweder den Tour gemaach, oder ware just op eng Plaz konzentréiert. Wéi zum Beispill den Citroën ë-C3; sécherlech een interessanten Auto fir en interessante Präis: exklusiv gouf et dee just den 2. Februar ze gesinn. Idem fir de Konzernbrudder Opel Corsa, dee just zu Bartreng ausgestallt war. An zu Bartreng gouf et vu Kia déi nächst Iwwerraschung: de Picanto Facelift sollt et fir de Festival net packen a war dunn awer ze gesinn.

Du has jo bei der Virstellung vum Dossier en Trend ugedeit – huet sech deen um Festival confirméiert?

Op jidder Fall. Dat ass emol deen zum SUV. A quasi all Showroom dominéiere se d’Bild. A se sinn de Marken immens wichteg - Beispill BMW: an der Concessioun zu Esch stoung den neien X2 direkt vir bei der Dir. Den neie 5er, dee jo an der BMW-Gamm och eng gewësse Roll spillt, stoung dogéint zimmlech onopfälleg hannen am Eck. Mee och op de Fuerpleséier oder Emotioune gëtt zum Gléck nach Wäert geluecht: Mercedes huet dat mam Coupé CLE bewisen a Ford hat fir Bensinn-Junkies dee ganz neie Mustang Dark Horse ausgestallt.

Zu gudder Lescht bleift natierlech den Elektro-Trend net aus an do stoung déi grouss Iwwerraschung bei Volvo a bei smart. Déi technesch Zwillingen EX30 esouwéi #1 an #3 hunn nawell vill Virwëtzeger ugelackelt. An esouwäit ech et konnt gesinn, gouf sech bei de Vendeuren och fläisseg informéiert.

Verschidde Modeller waren als Iwwerraschung do an anscheinend och eng nei Mark?

Jo, deen een oder deen aneren huet sécherlech bemierkt dat ëmmer méi chineesesch Marken de Wee op Lëtzebuerg fannen. Eng dovunner war och schonn e puer mol bei eis am Automag vertrueden an huet elo um Festival hire Showroom opgemaach. BYD fir Build Your Dreams deelt sech neierdéngs zu Bartreng de Showroom mat Toyota a Lexus an hat quasi déi ganz Gamme matbruecht.