De Grupp Stellantis ass breet opgestallt mat senge Marken, an huet och eng Partie nei Modeller an der Pipeline.

Well jo zu Bréissel dëst Joer keen Auto Salon organiséiert gouf, hat de Grupp Stellantis decidéiert, seng Nouveautéiten, an den Ausbléck op 2024, op enger anerer Plaz ze weisen. Stellantis hat um Brussels Gate Expo Space a säin "House of Innovations" invitéiert. De Christian Schmit war bis dorobber kucke gefuer.

Automag: House of Innovations by Stellantis

Am Januar war et effektiv ëmmer den traditionellen Auto Salon an de Rendezvous mat der FEBIAC, der Fédération Belge de l'Automobile et du Cycle. Déi Kéier gouf dat leider näischt. Net schlëmm, mengt de CEO vu Stellantis BELUX, de Florian Kraft.

"Wir haben ja das Glück 8 Marken zu vertreiben von unterschiedlichen Produkten. Deswegen machen wir hier unseren kleinen Autofestival oder Salon de l'Automobile."

Alfa Romeo, DS; Citroën, Fiat, Abarth, Jeep, Peugeot, Opel, an déi hate net manner wéi 36 Modeller an d'Scheinwerferliicht gesat.

RTL

© Christian Schmit

Ëmmer méi rasant iwwerhuelen chineesesch Marken wichteg Marchéen. Ass e prett fir déi Offensiv an Europa?

"Also ganz konkret sind wir sehr zufrieden mit den Zahlen der letzten Wochen. Wir haben einige Konditionen verbessert und haben im Januar gut vorgelegt, und denken, dass wir in den Segmenten, wo die Chinesen auftrumpfen, gerade beim Thema Elektromobilität ganz gut dabei sind. Aber wir haben ja auch Hybride und herkömmlich betriebene Fahrzeuge. Insofern haben wir noch eine breitere Palette als die Chinesen."

A mam ë-C3 vu Citroën, deen och gewise gouf, och e Modell dee präislech d'Stier bidde kann an deem Segment.

125 Joer Opel ginn dann 2024 och gefeiert. A wéi et sech fir e "Salon" wann och a Miniaturformat gehéiert, dierfen och do Concept Cars net feelen.

"Heute extra dabei den Experimental, ein Opel Konzeptauto. Der experimentiert in dem Sinne, dass wir ein paar Features zeigen die dann serienmässig in den kommenden Fahrzeugen raus kommen werden in den Opel der Zukunft."

Ganz exklusiv konnte mir och Plaz huelen am Alfa Romeo 33 Stradale. Bella macchina italiano a genee op 33 Exemplaire limitéiert. A längst ausverkaf.

RTL

© Christian Schmit

Mee am Laf vum Joer gëtt et fir de Stellantis Grupp ganz interessant, fir ze gesinn, wéi d'Renaissance vu Lancia wäert acceptéiert ginn.

La mission est de faire de Lancia une marque crédible sur le marché premium. Pour ce faire on a developpé les trois derniers années ce plan qui va s'appuyer sur trois piliers.

Des nouveaux produits. En 2024 la Ypsilon, en 2026 la nouvelle Lancia Gamma, et en 2028, la très attendue Lancia Delta.

De Global Head of Communication, Charles Fuster hu mir elo och scho mol kennegeléiert.

Bon éischt Biller weisen, dass den neien Ypsilon vu Lancia, bausse wéi bannen, net esou revolutionär ausfält, well Stellantis Grupp oblige, steet en op där selwechter Plattform wéi och en Opel oder Peugeot.