• De PLUS

    • onkomplizéiert Lueden um Supercharger
    • Performance & Handling
    • nidderege Verbrauch
  • De MINUS

    • Kee Blinkerhiewel méi
    • Nervös beim Alenke bei héijer Vitesse

De Basismodel vun Tesla ass d'Nummer 1 an de Venten, a krut elo e Facelift spendéiert.

Et gëtt wuel kaum en aneren Hiersteller, deen esou ënner Stroum steet, ewéi Tesla. Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp huet sech mam Facelift vum Model 3 beschäftegt. An ob em d'Hoer ze Bierg stinn, oder ob de Fonken iwwergesprongen ass, gi mer elo gewuer.

Automag: Tesla Model 3 Facelift

De Model 3 ass de Basismodell bei Tesla a gläichzäiteg d’Nummer 1 vun de Venten. Ronn 2 Millioune Mol gouf de Model 3 zanter senger Aféierung 2017 verkaaft. 2019 huet de Modell seng Europa-Première gefeiert. Ma no reegelméissege Software-Updates ass et elo awer un der Zäit, d’Hardware op den neiste Stand ze bréngen.

Et ass awer kee ganz neie Modell, mee an dësem Fall e Facelift.
An awer gëtt et méi wéi just kosmetesch Changementer. Mee fänke mer baussen un. De gréisste Changement gëtt et un der Frontpartie, déi net just nei Luuchten, mee och méi Kante spendéiert kritt huet. D’Säitelinn ass manner pummeleg, hanne gëtt et nei Réckluuchten an eng verbessert Aerodynamik.

RTL

Ännerunge gëtt et awer net just beim Design, mee och am Banneraum…
An do huet sech vill gedoen, och wann een et net direkt gesäit. Nei ass d’Steierrad, wat méi Touch-Knäppercher huet, den zentralen Ecran an der Mëtt ass liicht gewuess (vu 15 op 15,4 Zoll), d’Sëtzer an der éischter Rei sinn elo och belëft, d’Fënstere sinn alleguer schallisoléiert an d’Soundanlag krut e klengen Upgrade (vu 14 op 17 Lautsprecher).

Den Infotainment spillt ëmmer méi eng wichteg Roll - an dat och fir d’Passagéier an der zweeter Rei.
Fir de Confort op der Laangstreck gëtt et eng nei Réckbänk a fir den Zäitverdreif en 8 Zoll Ecran tëscht de viischte Sëtzer. Domat loosse sech d’Klimaanlag an de Radio vun hanne steieren, Videoe streamen oder kleng Spiller zocken. Wéi bequeem dat op deem klengen an zimmlech déif positionéierten Ecran ass, hunn ech net probéiert. Ech krut den Tesla jo fir ze fueren, an net fir Videoen ze kucken.

RTL

 

Apropos Laangstreck: wéi wäit kënns de da mam Model 3?
Am Testzäitraum louchen d’Temperaturen tëscht -5 a -10 Grad. Also keng Ideal Konditioune fir d’Effizienz ze testen. Eisen Testauto war d’Dual Motor Versioun (vill Leeschtung, Allrad-Undriff an 79 kWh Batterie) déi et wéi scho virum Facelift op 324 kW (440 PS) Leeschtung bréngt.

RTL

Wie sech am Grëff huet, soll am Idealfall 629 km (+20 km zum Virgänger) wäit kommen.  Gemittlech am Beruffsverkéier matschwammen klappt mat 16,5 kWh op 100 km. Wann et e bësse méi schëtzeg viru geet, kann de Verbrauch och mol bei 21,2 kWh leien. De Sprint a 4,4 Sekonnen op Tempo 100 ass allkéiers op en Neits en Erliefnis.

Ech héieren do eppes ewéi Fuerspaass eraus. Oder ieren ech mech?
Ech hu mech séier un de Model 3 gewinnt: d’Steierung ass liichtgängeg a präzis, d’Recuperatioun passt sech dem Verkéier an der Fuerweis un, d’Fuerassistenten hale sech agreabel zeréck an de Geräischconfort ass eng Klass fir sech. Dobäi komme Fuerleeschtungen an eng Stroosselag wéi an enger Sportsmaschinn. Kritik gëtt et awer fir d’Nervositéit un der viischter Achs beim Alenke bei héije Vitessen an d’Iddi, de Blinkerhiewel anzespueren an duerch Knäppercher ze ersetzen. Dat gesäit zwar chic aus, mee et ass net intuitiv an huet méi genervt, wéi dass et eppes bruecht huet.

RTL