Eppes fir usprochsvoll Individualisten, dat schonn iwwer 40 Joer, a mam Label Made in Germany.

"Im Kleinen entsteht Grosses", dat ass de Slogan vun eisen Noperen am Saarland. A genee dohi geet d’Rees elo am Automag. Beckingen an Überherrn sinn eis Destinatiounen. Well do ass de Rolf Hartge Edel Tuner doheem. De Christian Schmit war dohin invitéiert.

Automag: Rolf Hartge Tuning am Saarland

Op der leschter IAA zu München hate mir eis kennegeléiert. Zu Beckingen ass den Atelier, an um Linslerhof zu Überherrn, do ginn Rolf Hartge Modeller un de Client ausgeliwwert. "Jedes Fahrzeug ist etwas ganz Besonderes, einzigartig für Connaisseurs" esou kréien ech et erkläert. Eppes fir usprochsvoll Individualisten, dat schonn iwwer 40 Joer, a mam Label Made in Germany.

"Unser Kerngeschäft sind zur Zeit Kleinserien, GLC beispielsweise, S-Klassen, GLS 63, wo wir dann besomdere kleine Serien bauen mat Carbon Frontelementen und Applikationen veredelt werden. Darüber hinaus quasi der Bereich des V-KLasse Van mit einem mobilen Office. Eine Spilwiese der wir uns jetzt intensiver widmen. Das kleine i-Tüpfelchen was man noch "on top" drauf setzen kann, auf ein bereits sehr schönes Auto."

Voilà, huet den Hendrik Hartge et dann och scho quasi gesot. Et si Mercedes-Modeller aus der Gamme, déi verwandelt ginn. Mat ganz vill Passioun a Léift, ganz individuell no de Wënsch vum Client. An de Stär gëtt dann och mam Rolf Hartge Logo an de Familljen-Initialie getosch.

RTL

An da fält de Bléck op d’ Vis à Vis Editioun. Vu baussen eng V-Klass an der extra laanger Versioun.

Do geet een elo op eng nei Schinn, Office op Rieder?

"Das Besondere, man sitzt eben Vis à vis, deswegen auch der Name. Es gibt einen grossen ausklappbaren Tisch, wir haben ein 5G Netz, WLAN Router. Gleichzeitig auch Hotspot auch rund ums Auto.  Wir haben auch eine Fotovoltaik Anlage auf dem Dach, sind also quasi autark vom Strom und Internet Anschluss."

RTL

Besonnesch houfreg ass een op de selwer entwéckelten "AELUS Car Luftreiniger", fir deen ee esouguer de Red Dot Award krut huet. Wéi fonctionéiert dat?

"Es ist im Grunde so, dass der Luftreiniger in jedem Fahrzeug integriert ist. Man kann ihn aber auch mit raus nehmen. Jeder dieser Luftreiniger hat einen .... Filter eingebaut, aber auch eine Fotovoltaik Schleuse, so dass ich auch Gerüche herausfiltern kann."

Am Saarland bei Rolf Hartge gëtt deemno elo net nëmme méi op Optik, mee och op Wuelfillen gesat.

Hei ginn da wierklech all Regëster gezunn, déi awer och hire Präis hunn.

"Wir haben hochwertige Aston Martin Teppiche an Bord. Sternenhimmel, den man einstellen kann. Eine Trennwand, die mit eingebaut ist, damit man das private Arbeiten auch für sich hat. Extra zusätzliches Audiosystem, einen Monitor mit eingebaut, Echt Carbon Zierelemente, ja viele zusätzliche kleine Details."

RTL

Tëscht 30.000 an 58.000 Euro + V-Klass wären dann ze iwwerweisen.  Rolf Hartge Modeller, en zimmlech raren Artikel. Op Fro wéi vill der da bei eis zu Lëtzebuerg lafen? Hei d'Äentwert.

"Also im Moment noch keinen, aber mit Sicherheit bald."