smart #1
-
De PLUS
- originellen Design
- geraimege Banneraum
- confortabelen a leeschtungsstaarken Elektroundriff
-
De MINUS
- breet an onbequeem Mëttelkonsol
- maximal Luedleeschtung nëmme geziilt méiglech
- héije Verbrauch an awer keng esou héich Autonomie
- huet am Fong mat smart net méi vill ze dinn
Geely huet smart nees opliewe gelooss. Ma wat huet den neie smart nach mat dem ale gemeinsam? De Paul Origer huet sech de smart #1 méi genee ugekuckt.
Et ass déi lescht Jore méi roueg gi bei der Mark smart – no de Modeller fortwo a forfour koum näischt Neies méi no an iergendwéi war d’Mammenhaus Mercedes och net méi un deene klengen Autoen interesséiert. Elo ass de chineesesche Constructeur Geely mat am Boot an huet d’Mark smart mat engem neie Modell erëm opliewe gelooss. De Paul Origer ass fir eis den #1 gefuer.
Jidderee weess, wat e sech ënnert engem smart virstellt – elo ass endlech een neie Modell eraus. Mee d’Fro déi sech jidderee stellt, ass dat nach ee richtege smart?
Ech erlabe mer e bëssen an d’Geschicht wullen ze goen: Dat sinn elo iwwer 25 Joer hir, dat d’Mark MCC fir Micro Compact Car hire klenge Stadflitzer lancéiert huet. Eng Revolutioun, well den Auto war nëmmen 2,50 Meter laang, hat zwee Sëtzer an ee butzegen 3-Zylinder mat 600 Kubik ënnert dem Mallebuedem. Haut ass dat anescht a smart ass nach just eng Mark. Viru mer steet ee kompakten SUV mat 5 Dieren, 4m27 laang, iwwer 1,8 Tonne schwéier. Dat eenzegt, wat e mat senge butzege Virfare verbënnt, dat ass den elektreschen Undriff a virun allem den Design, well dee kënnt nach vu Mercedes-Benz.

Den Design ass also nees typesch?
Soe mer mol, en hieft sech vum Eenheetsbräi of. Vir zimmlech breet a flaach, hanne ronn a liicht pummeleg. Säitlech stécht virun allem den Daach an d’A. Eng sympathesch Erscheinung, besonnesch well déi üppeg Moossen dem Banneraum zerguttst kommen. D’Mall ass zwar elo net riseg, dofir gëtt et awer relativ vill Plaz fir d’Been esou gutt hanne wéi vir, virun allem awer d’Kappfräiheet ass extreem grousszügeg. De Bannendesign straalt och ee frësche Geescht aus; an eiser Testversioun dominéiert den Tableau mat wäissem Dekor an imposanter Mëttelkonsol.

Dat kléngt scho mol gutt, wéi fillt sech dat am Alldag un?
Ma déi chic a breet Konsol engt schonn emol d’Knéifräiheet an, jiddefalls huet mäi rietse Knéi stänneg dru geschauert. Opfälleg an agreabel ass dee groussen 12-Zoll-Schierm, genee wéi dee méi klengen a gestache schaarfen Display virum Chauffer. Wéi esou üblech goufen d’Knäppercher staark reduzéiert a mussen alleguer am Haaptmenü gesicht ginn, leider och déi vun der Spigelverstellung. Den Assistent, ee klenge Fuuss riets ënnen um Schierm reagéiert op Sproochbefeeler à la “Hey smart”, allerdéngs och net ëmmer. Soss mécht de smart keng Schwieregkeeten; au contraire: Sëtzpositioun an Iwwersiicht sinn tipptopp, just no hanne schif eraus mécht den Design engem d’Liewe méi schwéier. Mee dofir ginn et jo wéi ëmmer Kameraen.
Du sos, eppes ass vum Virgänger bliwwen, den Elektroundriff?
Genee, awer a kenger Hisiicht méi mam Virgänger ze vergläichen. Endlech huet ee Leeschtung a Form vu minimum 272 PS an eng brauchbar Autonomie vu gutt iwwer 300 km! Dat huet mech ugestiwwelt, mol bis op Stuttgart ze fueren, mat iwwer 400 km Autonomie sollt dat jo méiglech sinn. 150 kW Luedleeschtung maachen dann och eng Tëschecharge zum kuerze Pleséier. Dat war d’Theorie; an der Praxis ass de smart duuschtereg. Och am Ultra-Gaspedal-Heemelmodus sinn et, allerdéngs och bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt, Minimum 19 kW-Stonnen, voll ofgetrëppelt 30. Do ass d’Autonomie natierlech séier fleeten.

A propos séier; dat geet beim Luede just tëscht 10 a 60 %, trëfft een net dee richtege Peegel, drëpse maximal 50 Kilowatt an éischter manner an den Akku. Domat wier awer d’Kritik schonn ofgeschloss. Op bal 1000 Testkilometer huet de smart gutt gefall. Natierlech, ofgesi vu liichtem Wandkaméidi un de Fënsteren, duerch seng niddereg Fuergeräischer, enger trotz 19 Zoll uerdentlecher Fiederung an de flott a gemittlech gemaachte Banneraum.
Kléngt no engem positive Bilan?
Soe mer esou, et ass definitiv kee smart méi, mee e pfiffeg designten an duerchaus brauchbaren an uerdentlech equipéierten Auto. Bei eppes iwwer 40.000 Euro geet et un a kann iwwer 50.000 fir d’Brabus-Versioun erreechen.
