Mercedes CLA 180 Coupé Facelift
-
De PLUS
- Design
- Soundsystem vu Burmester
- Veraarbechtung
-
De MINUS
- Wéineg Plaz bannendran
- Fuerleeschtung vum CLA 180
- Präis ze héich
De Mercedes CLA Coupé krut e Facelift spendéiert, ma et muss ee scho ganz genee kucken, fir d'Ënnerscheeder ze erkennen.
Et muss ee schonn de Brëll opsetze fir ze erkennen, dass hei e Facelift virun engem steet. Wie schonn en CLA huet, kann also berouegt sinn – et gëtt Changementer, mee den net-CLA-Fuerer wäert se net gesinn.
Mee et wier net den Automag, wa mer haut net e bësse méi schlau géife ginn
Da ginn ech fir unzefänken direkt den Tipp, sech déi viischt Calande ganz genee unzekucken. Déi gouf nämlech getosch, fir méi eng sportlech Optik ze erreechen. Dat selwecht soll de liicht ugepassten Heckdiffuser erreechen. LED-Luuchte vir an hanne sinn elo Serie, e Choix bleiwen dogéint zwou nei Faarwe fir de Lack (Hyperblau a Spektralblau) an nei Felgen, déi elo iwwregens ëmmer op d'mannst 17 Zoll grouss sinn.
Do spiert een d’Fréijoer schonn. An dee frësche Wand bléist och duerch den Interieur?
Banne gehéieren elo zwee digital Ecrane vun 10,25 a 7 Zoll zur Serie, am Testauto waren zwee 10,25 Zoll Ecrane verbaut, déi fir d'"Widescreen"- Optik, déi mer vun anere Mercedes Modeller kennen, suergen. D’Steierrad ass mat Lieder bezunn, dobäi komme bei der AMG-Linn vum Testauto Applikatiounen a Carbon-Optik. D’Komfortsëtzer si lo de Standard – fir mech ware se trotz normalem BMI ze schmuel an ze kuerz. Et muss een sech einfach virun Aen halen, dass den CLA mat dat Klengst ass, wat Mercedes am Programm huet.
Apropos am Programm – wéi steet et dann ëm den Undriff?
Nom Facelift bleiwe 5 Bensinner an 3 Diesel am Programm déi all nëmme mat enger Automatik-Boîte ze kréie sinn. Am Testauto, engem CLA 180, huet en 1,3 Liter 4-Zylinder Bensinner mat 136 Päerd säin Déngscht verriicht deen als „Mild Hybrid“ vun engem 14 PS Elektromotor ënnerstëtzt gëtt. De Sprint op Tempo 100 dauert bal 10 Sekonnen – dat ass Hausmannskascht awer keng Stärekichen.
Wéi mécht sech den CLA 180 dann an der Praxis?
Ech war hin- an hiergerappt am Test. Zum engen huet den CLA eng gutt Stroosselag, eng direkt Steierung a gutt doséierbar Bremsen – also Saachen déi zum Fuerspaass bäidroen. Op där anerer Säit passt den 1,3 Liter Bensinner net bei den Auto: en ass weder immens spuersam (7,1 Liter am Test op 100 Kilometer), nach passen déi zéi Fuerleeschtungen zum sportlechen Optrëtt vum CLA. An da wier do nach d’Präisschëld: den CLA 180 Coupé steet mat 42.100 Euro an der Lëscht, an dat virun Optiounen.