Et ass net ëmmer den SUV, och aner Kategorië si wichteg Piliere bei den Autosmarken. Esou ass z.B. bei BMW d’Business-Limousine nach ëmmer vill gefrot.

Fir d’Münchener ass dat de 5er, dee wärend dem Festival exklusiv mat engem Event zu Lëtzebuerg virgestallt gouf. De Paul Origer war fir eis op der Plaz.

Automag: BMW 5er

Et hat sech effektiv gelount, fir bis an de Gronn ze fueren – BMW hat direkt 2 Nouvelle matbruecht?

Wa mer elo beim 5er a bei der offizieller Presentatioun bleiwen, jo! Effektiv hat BMW Belux eis agelueden fir net nëmmen d’5er Limousine als Bensinner an Diesel virzestellen, se haten och direkt d’Elektroversioun i5 matbruecht. An domat net genuch, et gouf och nach eng kleng Iwwerraschung, op déi ech spéider nach emol zeréckkommen.

RTL

Mir soten et jo schonn, ee wichtege Modell an der Gamm a BMW huet et sech tatsächlech e bëssen eppes getraut?

Wat den Design ugeet, op jidder Fall. Besonnesch vun hannen, awer och vu vir geet d’Baurei G60/61 an eng nei Richtung. Dominant sinn an der M-Versioun déi grouss Nier an déi schwaarz Entlüftung ënnendrënner. Wärend d’Front relativ schaarf gezeechent ass, ass d’Säitelinn mat den aerodynamesche Klappgrëffer zimmlech glat. Am meeschten huet sech awer hanne gedoen, déi extrem breet Réckluuchte falen am meeschten op an zitéieren de grousse Brudder 7er. Generell ass d’Generatioun Nummer 8 e Stéck gewuess. 10 cm méi an der Längt, 3 an der Breet an an der Héicht, esou wéi 2 cm méi Radstand. Domat ass den aktuelle 5er quasi um Niveau vun de leschte 7er-Generatiounen.

RTL

Hei si mer also däitlech am Segment vun der Uewerklass, an dat spiert een och?

Op jidder Fall, woumat mer beim Banneraum ukomm wieren. Confort a Luxus si scho bal obligatoresch, mee virun allem déi neisten Technologie zeechent de 5er aus. Knäppercher ginn et esou gutt wéi keng méi, alles gouf digitaliséiert an op 2 grouss Displays esou wéi speziell Touch-Fläche mat Réckmeldung konzentréiert. Opfälleg sinn och déi nei ganz schmuel Lüftungsdüsen déi sech iwwert e spezielle System op- an zoumaache loossen, esou wéi eng vun hanne beliichten Dekorsträif. Iwwer Plaz a Sëtzconfort kann ee sech net bekloen; déi nei Sëtzer mat veganem Bezuch sinn extreem kamoud a fir Kapp a Been ass hanne wéi vir genuch Raum.

RTL

Du hues gesot, et gouf eng duebel Première – BMW hat de 5er direkt och mat Elektroundriw matbruecht?

Esou war et och, nieft dem 520 als Diesel a Bensinner stoung eis den i5 als M60 xDrive fir eng Mini-Testfaart zur Verfügung. 601 PS leescht den Top-i5 a geet an 3,8 Sekonnen op 100. Leider ware fir deen Dag all méiglech Wiederwarnungen eraus gaangen, esou dat mer just d’Iechternacher Streck emol erop- an erof piddelen duerften. Ausser datt et u Leeschtung esou wéi un absolutter Rou bannendran net feelt, konnt ech also nach net vill erausfannen.

RTL

Theoretesch gëtt fir den i5 eng Autonomie vun tëscht 455 a 582 km versprach. Geluede gëtt mat 11 oder optional 22 kW op Wiesselstroum esou wéi maximum 205 kW um Gläichstroum-Schnelllueder. Vun 10 op 80 Prozent dauert et am beschte Fall nëmmen 30 Minutten. Verbrenner bleiwen natierlech och an der Gamm; d’Diesel- a Bensinnerversioune gi mat 48-Volt-Mildhybrid-Technik ausgerëscht a leeschten 197 an 208 PS. Dee fir BMW typeschen a fir Gourmeten obligatoresche Reiesechser dierf am 5er natierlech net feelen, hei kënnt een neien Diesel.

RTL

Neien Design, nei Technik a bestëmmt och nei Präisser? An du hues eis jo och nach eng Iwwerraschung versprach!

Richteg, ganz inoffiziell hat eis BMW Belux schonn d’Kombiversioun Touring matbruecht. Wéi gutt déi gelongen ass, kann een sech antëscht jo schonn ukucken. Soss ass den neie 5er och nees mat Assistenzsystemer vollgepaakt; speziell deen neien Autobunnassistent an den aktive Spuerwiesselassistent sinn d’Highlights.

Präislech si ronn 58.000 respektiv 59.000 fir eng Limousine mat Bensinner oder Diesel minimum fälleg, den i5 start bei ronn 71.000 Euro. Fir d’Kombiversioun Touring, iwweregens als grouss Première dann och elektresch, muss een nach emol 2.400 Euro fir z.B. den Diesel dropleeën.