• De PLUS

    • eleganten SUV Coupé
    • Veraarbechtung
  • De MINUS

    • Verbrauch
    • Präis

Kann ee mat engem Elektroauto an d'Vakanz fueren? De Christian Schmit huet et fir den RTL-Automag getest.

Elektroautoen erbléckst e jo elo ëmmer méi dacks am deegleche Stroosseverkéier. Kann ee sech och elo op d’Rees an d’Ausland mat hinnen trauen, a klappt dat mam Oplueden ënnerwee. Dat fanne mir elo eraus, well de Christian Schmit war mam Testauto, dem Volvo C40, op den Tour.

Automag: Volvo C40 mat Range Extender

Ma ech duecht mir fueren 100% elektresch dohinner, wou een de Lëtzebuerger jo dacks am Congé begéint: op der belscher Plage. De Volvo C40 e chice Coupé, deen ze gefale wosst, wou och ëmmer mir eis mat him gewisen hunn. Den C40 kann een nëmme reng elektresch bestellen, an neierdéngs och elo als Single Motor mat Range Extender.

RTL

Wat heescht dat dann elo konkret u Leeschtung?

Also dat sinn 238 PS an eng Batterie Leeschtung vun 82 kw/h. Interessant, et ass no 25 Joer nees e Volvo mat Traction arrière. De Power Potenzial geet op alle Fall méi wéi duer. Acceleratiounen si scho beandrockend. An eng Spëtzevitesse vun 180 km/h och. Zemools Autobunn-Passagen nach ëmmer enorm un der Autonomie knabberen.

Interessant an deem Kontext e Gespréich, wat ech mam Direkter vun der Volvo Concessioun hat. Deen huet recommandéiert, dass 110 km/h am beschte wär, fir ouni Problem zu Lëtzebuerg unzekommen. Dobäi soll dee Range Extender jo elo 100km méi Autonomie erlaben, a bis zu 580km sollen dra sinn.

RTL

Elo sinn ech awer gespaant, klappt dat mat deem wat de Konstrukteur versprécht?

 

Dat geléngt, wéi esou dacks och bei anere Marken, definitiv net. Mir starten eis Rees mat 460km Autonomie bei 11 Grad Baussentemperatur. Mir haten de Volvo C40 iwwer Silvester am Test.

Op d’Belsch Côte geet et strikt no Vitesse Limitatiounen, an esou gesi mir d’Mier eng éischte Kéier mat 25% an der Batterie. An di vum Bordcomputer affichéiert 19,3 kw/h si schonn héich, wou mir mat enger Moyenne vun 80 km/h ënnerwee waren.

Jo op enger Autobunn gëtt et och wéineg Plaze fir ze recuperéieren an duerch Bremse Kilometeren zeréck ze gewannen. Bei Volvo huet e sech dofir entscheet, déi Recuperatioun automatesch ze steieren.

Geluede gëtt jo no Méiglechkeet mat bis zu 200kw/h. Mee um Fast Charger wou ech drun houng, déi Borne huet maximal 116 kw/h an de Volvo gezunn.

RTL

Wéi confortabel ass een da mam Volvo C40 ënnerwee?

 

Do gouf et zefridde Gesiichter. Ganz bequeem Sëtzer, eng top Veraarbechtung a vill Recyceltes u Bord. De schwedesche Konstrukteur schwätzt vun engem „veganen“ Interieur.

RTL

Navi an Infotainment si positiv opgefall. Di Stëmm vum Navigatiounssystem war scho méi dacks do uewen op der Küst. Wosst déi dach, dass de Restaurant, deen ech agespäichert hat, 10 Minutte nodeems ech ukomm wär, eréischt géif opspären.

RTL

Si mir prett, fir och mam E-Auto an d’Vakanz ze fueren, a wat kascht de 4 dierege Coupé vu Volvo?

 

Ech géing soe jo. Setzt eng gewëss Preparatioun viraus, eng Recharge Kaart déi fonctionéiert, an et mierkt een, dass vill Bornen dach an tëscht besat sinn, an esou den Tankstopp nach méi Gedold erfuerdert.

Präislech louch eisen Test Auto bei 58.000 Euro, an dat bei guddem Ekipement an, Volvo oblige, e sëllege Featuren fir d’Sécherheet. E chice Vertrieder an der grousser Famill vun den E-Autoen.

RTL