Range Rover Velar Hybrid
-
De PLUS
- zäitlosen Design baussen a bannen
- verbessert Autonomie
- erstaunlech sprëtzege 4-Zylinder-Turbo
-
De MINUS
- immens lues a keng Heizung beim Lueden
- héije Verbrauch am E-Modus
- Assistenzsystemer an Infotainment sinn nach net top
7 Joer ass et schonn hir, dass Range Rover hir Interpretatioun vun engem SUV-Coupé gewisen huet.
2017 gouf de Velar nämlech um Salon zu Genève gewisen, antëscht krut en 2020 ee Facelift. An, elo, 3 Joer méi spéit, steet déi zweet Renovatioun um Programm. Wat genee sech alles geännert huet, seet eis elo de Paul Origer.
Huet vill geännert?
Nee, d’Grondform ass komplett identesch bliwwen, un der Alu-Karosserie ännert sech also näischt. Am Fong och net néideg gewiescht, schliisslech, fannen ech emol, ass de Velar kaum gealtert an optesch nach ëmmer ee vun deene bescht gelongenen SUV. Just liicht Retouchë vir an hannen maache beim Joergang 2024 den Ënnerscheed. Dat selwecht gëllt fir bannen; dee fir Range Rover typesch minimalisteschen Tableau mécht nach emol ee Knäpperchers-Régime; vun elo un geet alles iwwert deen neien, liicht gekrëmmte groussen Touchscreen.

Soss wäerten d’Ännerungen éischter ënnert dem Blech ze fanne sinn?
Jo, awer och zum Deel vu baussen ze gesinn. Wéi zum Beispill déi nei super-schmuel Pixel LED-Pharen, soss éischter verbuergen déi nei vegan Sëtzbezich, d’Updates déi sech elo over the air maachen, oder de Filter fir eng besonnesch propper Banneraumloft.
Also éischter eng Evolutioun wéi eng Revolutioun?
Esou ass et, hei an do gouf de Velar verbessert. Och bei de Motorisatiounen, besonnesch wat de Plugin-Hybrid betrëfft. Deem seng Batterie wiisst elo op 19,2 kW a soll maximal 64 Kilometer reng elektrescht Fuere méiglech maachen. Ausserdeem léisst den Akku sech elo och um Schnelllueder nees voll maachen.

A wéi ech dech kennen, hues du dat op Häerz an Niere gepréift?
Du kenns mech gutt! De P 400e - esou heescht de Plugin-Hybrid Undriw - kombinéiert een 300 PS Turbobensinner mat enger 105 kW Elektromaschinn – dat mécht eng relativ üppeg Systemleeschtung vu 404 PS. Domat geet de Velar trotz sengen 2,3 Tonne richteg gutt vun der Plaz a léisst am Fong keng Zweifel un deem relativ klenge Motor opkommen. Reng elektresch geet am EV-Programm natierlech och, allerdéngs sinn do déi 105 kW séier un hire Limitten. An de Stroumverbrauch och. Enner 25 kW deet sech net vill an deementspriechend séier ass den Akku och eidel. Maximal eppes iwwer 50 Kilometer sinn esou ze maachen.

Mee och ouni elektresch Hëllef bäisst den opgeluedene 4-Zylinder gutt zou a beweegt de Velar zügeg. Ganz eleng bleift de Bensinnsverbrauch dann awer zweestelleg. Kee Problem, denken ech mer, Range Rover versprécht 50 kW um Schnelllueder – do misst an 30 Minutten nees genuch Jus an de Batterie sinn. Nujee, deem ass net esou: maximal 23 huet de Velar bei 4 Versich gezunn an domat de kuerze Luedstopp op minimum eng Stonn verlängert. Dat ass definitiv e Witz. An zu allem Iwwerfloss gëtt et bannenan keng Info iwwert d’Luedleeschtung an de Chauffer däerf nach fréieren: wärend dem Luedprozess bleift nämlech d’Heizung aus.
Also schonn emol ee Bemol fir eng vun den Neiegkeeten?
Jo, mee am Fong och de Problem vu villen Hybrid-Bensinner wa se an engem SUV agesat ginn. Soss huet de Velar awer vill Punkte konnte sammelen. Bis op Wandgeräischer ass de Banneraum extrem roueg, d’Sëtzer immens komfortabel an déi nei LED-Pharen e grousse Plus. Verbesseren dierfe se awer nach esou munches: de semi-autonomen Tempomat hat Krämpes d’Spuer ze halen, den Hill-Holder huet d’Ufueren dacks mat engem Ruck begleet a beim Infotainment hunn déi net ëmmer kloer Menüféierung an déi extrem schwéierfälleg Sproochsteierung genervt. Well geschenkt ass de Velar nach ëmmer net. Eis Testversioun als Plugin-Hybrid huet déi 100.000 € labber geknackt, als "schlichte Fichte" geet et bei eppes iwwer 67.000 Euro un.
