Lexus LBX
-
De PLUS
- schéin unzekucken, aus alle Perspektiven
- Veraarbechtung
- Verbrauch, sou wäit mer et teste konnten
-
De MINUS
- grouss Persoune kéinte Plazproblemer kréien, virun allem hannen
- kleng Mall beim Allrad
- net grad bëlleg
Lexus huet en neie Kompakt-SUV erausbruecht, deen op d'Besoine vun der europäescher Clientèle ausgeluecht ass.
Et muss ee sech mat der Konkurrenz vun Audi Q2, Mini Countryman an DS3 Crossback ausernee setzen. Virun allem Mini huet zejoert de Marché an deem Segment gutt Resultater opweises. Fir déi kommend Joren, wëll Lexus hei net just e Wiertche matschwätzen, ma eng wichteg Roll spillen.
Den neien LBX ass de bis elo klengste Modell vun der Mark Lexus a wëll mat Komfort an Technologien punkten, déi ee soss haaptsächlech aus méi héije Klasse gewinnt ass. Klenge Fun-Fact... bis elo hat just de Supersportler LFA 3 Buschtawen als Numm. Elo huet ee mam LBX dann en zweete Vertrieder am Portfolio. Ob den LBX och esou e Legende-Status wéi den LFA kritt, doru wëll ech elo einfach emol zweiwelen... ma loosse mech gär eppes besserem beléieren.
Am éischte Joer sollen 24.000 Exemplarer gebaut ginn. An de Joren dono viséiert een 100.000 Unitéite pro Joer un.
Design
Den LBX fäert net opzefalen. En huet nawell zimmlech breet Schëlleren, fir et emol sou ze nennen. Dozou gesellt sech en neit Gesiicht, wat en awer als Lexus erkenne léisst, mat enger Nei-Interpretatioun vun dem bekannten Diabolo-Külergrill.

De Radstand vun der globaler GA-B-Plattform, wéi z.B. beim Toyota Yaris Cross, gouf verlängert an d'Spuer méi breet. Nei Materialien a Technologië suerge fir eng méi héich Festegkeet vun der Karosserie.
Am Banneraum soll de Chauffer am Mëttelpunkt stoen. Dëse sëtzt iwwerdeems och zimmlech déif am Auto, an d'Leit hanne sëtze méi héich, fir awer och nach ëmmer e gudde Bléck no vir ze hunn.

Virun allem déi jonk Automobiliste solle sech ugesprach fillen, déi d'Mark Lexus éischter net um Schierm haten. Alternativ natierlech och Leit, déi sech en Zweetwon zouleeë wëllen a scho Client bei Lexus sinn. Bei der Konfiguratioun vum Auto ginn et dann och e sëllege Méiglechkeeten, sengem individuelle Goût entspriechend e Choix ze treffen. Net manner wéi 64 Faarfkombinatioune stinn zur Auswiel, an et kann een aus 4 verschiddenen "Atmosphères" wielen, wann engem de Basismodell net duergeet. Et sinn dat "Elegant" oder "Relax", wou virun allem Héichwäertegkeet grouss geschriwwe gëtt. Bei den Atmosphèren "Emotion" a "Cool" läit den Haaptakzent op Sportlechkeet an Dynamik. Hei huet een dann och eng Lackéierung mat zwou verschiddene Faarwen.

Wann ee sech fir de Basismodell, respektiv d'Versiounen "Emotion" oder "Elegant" entscheet, kann een e vegane Banneraum konfiguréieren, deemno ganz ouni Liederprodukter.
Egal wéi eng Konfiguratioun ee mécht, et huet een ëmmer en Auto, bei deem d'Veraarbechtung op engem héijen Niveau ass. De Choix vun de Materialien ass top an dat mierkt een och all Kéiers, wann een an den Auto eraklëmmt.
Den Handy amplaz vum Schlëssel
Eppes wat bei der jonker Clientèle gutt dierft ukommen, ass d'Méiglechkeet säin Handy als Schlëssel vum Auto ze benotzen. Den Auto erkennt dann den Handy wann ee bei den Auto kënnt a späert sech dann op, ouni dass een dësen aus der Täsch oder Posch muss huelen. Et huet een dann och d'Méiglechkeet den Auto aus der Distanz op- an zouzespären. Sou kéint een den Auto zum Beispill och als grouss Bréifboîte notzen, wann ee seng Päck geliwwert kritt.
Wéi all déi aner Lexus-Modeller bitt den LBX och Over-the-Air-Software-Updates fir d'Multimedia- a Sécherheetssystemer. Wee gäre seng Musek am Auto lauschtert, an dobäi op Qualitéit setzt, dee sollt sech fir de Mark Levinson Audio-System mat 13 Lautsprecher decidéieren, dee speziell op de Banneraum vum LBX ofgestëmmt ass.
D'Mall huet e Volume vu 402 Liter, wann ee mat der Front-ugedriwwener Variant ënnerwee ass. Beim Allrad sinn et just nach 317 Liter, ma déi Variant kritt een um Belsch-Lëtzebuerger-Marché net. Dofir misst een da schonn an Däitschland oder Frankräich säin Auto kafe goen.
Wat d'Plazverhältnisser ugeet... do dierfte virun allem gréisser gewuesse Leit Problemer kréien, dëst op der hënneschter Sëtzrei.

Motorisatioun
Bei der Motorisatioun si mer bei engem nei entwéckelte 1500er 3-Zylinder, dat ganz gekoppelt un en Hybridundriff, mat Transaxle-Boite. Op nei-Lëtzebuergesch schwätze mer vun engem "Self-Charging-Hybrid". Dobäi kommen 136 PS eraus an en Dréimoment vun 185Nm.
Nom Lexus RX ass den LBX elo den zweete Modell vun der Mark, deen déi nei Nickel-Metallhydrid-Hybridbatterie (NiMH) verbaut kritt. Déi ass méi liicht a kompakt, liwwert awer méi eng héich Leeschtung, bei däitlech méi séierem Uspriechverhalen. Dat hëlleft ënnert anerem bei der Beschleunegung vum Auto an och d'Recuperatioun iwwert d'Brems geet méi féx. De komplette Batteriesystem ass ënnert den hënneschte Sëtzer verbaut.

De Sprint vun 0 op 100 geschitt an 9,2 Sekonnen an e Verbrauch vu 4,5 bis 4,8 Liter op 100km soll méiglech sinn, wat ech awer esou op eiser Testfaart net zu 100% erausfanne konnt, dofir si mer einfach net genuch gefuer. Ma zäitweis huet d'Verbrauchsunzeig ënner 5 Liter ugewisen, deemno gleewen ech an dësem Fall emol den Zuele vu Lexus.
Well d'Batterie méi Leeschtung liwwert, leeft de Motor mat bis zu 20% méi niddreger Dréizuel, wat nieft engem manner grousse Verbrauch, och e méi niddrege Geräischpeegel mat sech bréngt. Dat passt dann och bei d'Wuelfill-Philosophie, déi een an de Lexus-Modeller erliewe soll.

Präis
Wee sech fir den LBX decidéiert, muss op d'mannst 32.000 Euro op den Dësch leeën, wat 6.000 Euro méi sinn, wéi de Schwëstermodell Toyota Yaris Cross. Jee no Konfiguratioun kënnt een och gär op 42.000 Euro. Déi éischt Clienten zu Lëtzebuerg kréien hiren LBX am Mäerz ausgeliwwert, deemno dierft ee se geschwënn op eise Stroosse gesinn.
Um Autosalon zu Tokio gouf am Januar iwwerdeems de Lexus LBX Morizo RR Concept virgestallt. Hei hu sech d'Ingenieuren e bëssen defouléiert an den 1600er 3-Zylinder aus dem Toyota GR Corolla verbaut, deen 300 PS liwwert a 400 NM Dréimoment. D'Karosserie gouf verbreet, 19 Zoll Felgen montéiert an eng aner Ophänkung. Aktuell ass et just e Showcar, ma deen däerf gäre sou gebaut ginn, wann ee mech freet.
