VW Tiguan
7,6 Millioune mol huet e sech verkaf, de VW Tiguan! Zu Recht kann een do vun engem grousse Succès schwätzen.
Elo start déi drëtt Generatioun vum kompakten SUV an de Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun zu Nice dobäi.
Et ass ëmmer schwéier e Bestseller nach besser ze maachen, oder?
Dat ass richteg an dofir huet VW sech beim Tiguan och richteg druginn. Ugefaange beim Baussendesign; dat typescht Familljegesiicht sollt erhale bleiwen, gläichzäiteg gouf awer d’Aerodynamik verbessert. An trotzdeem wierkt deen neien Tiguan méi héich a méi present wéi säi Virgänger. Wat den Nuetsdesign ugeet, do falen déi nei a flaach LED-HD-Matrix Pharen – spendéiert vum grousse Brudder Touareg - genee esou op wéi och déi beliichte Kalander.

Hanne gouf sech nawell och bei de Modeller aus der Gamm inspiréiert an eng LED-Sträif iwwert déi ganz Breet gezunn. Bannenan ass den Tiguan een typesche VW, opgeraumt, ergonomesch nawell gutt duerchduecht mat neien Hiewelen um Steier fir Winker a Wischer an neierdéngs och engem fir d’Automatik. Dozou en dominanten Display an der Mëtt an digital Instrumenter virum Chauffer. Knäppercher goufen och hei op e Minimum reduzéiert, nei ass den Dréih-Dréck-Knapp fir d’Fuerprogrammer an der Mëttelkonsol.

D’Stéchwuert Touareg ass gefall – den Tiguan huet sech nawell staark an déi Richtung entwéckelt?
Gewuess ass en op jidder Fall, an zwar 3 cm an der Längt wat virun allem der Mall zegutt kënnt. Em 37 op gigantesch 652 Liter ass déi gewuess. Mee och soss kann ee sech am Tiguan iwwer Plaz oder eng richteg gutt Sëtzpositioun net bekloen. Finitioun an Equipementer krazen um Uewerklass-Niveau; den Infotainment-System gehéiert zu der neister 4. Generatioun a gouf a punkto Menüféierung a Logik verbessert. A fir deen, deen et brauch, dee ka sech mat sengem Tiguan elo iwwer ChatGPT ënnerhalen.
Mir wëssen alleguer, VW setzt de Moment mat hirem ID-Programm op d’Elektromobilitéit, wou steet do deen neien Tiguan?
Dat ass eng ganz gutt Fro an d’Äntwert ass nawell iwwerraschend. Den Tiguan gëtt et weider als Bensinner an Diesel a verschiddene Leeschtungsstufen, dann och als Mildhybrid a last but not least, mat Plugin-Hybrid-Undriff. An dee war och den Highlight bei der Presentatioun, well hei gouf nach emol eng Schëpp bäigeluecht. VW huet dem eHybrid en 19,7 kW-Stonnen-Akku a méi Luedkapazitéit spendéiert. Reng elektresch sinn esou 100 km, a Kombinatioun mam 1500er TSI-Bensinner awer och Leeschtunge bis zu 272 PS a 400 Nm méiglech. An der Praxis fonctionéiert dat gutt.

Den neie 1.5 TSI evo2 stécht voll moderner Technik a bréngt e bessere Wierkungsgrad bei manner Verbrauch. Beim Fuere gouf et op jidder Fall näischt ze meckeren. Egal ob de Bensinner leeft oder net, den Undriff an den Tiguan generell bleiwen extrem roueg an diskret. Genee wéi d’Boîte, iwwert déi zwar och den E-Motor leeft, mee déi deem seng Leeschtung ouni spierbar Gangwiessel virugëtt. Ass déi bal duebel esou grouss Batterie emol eidel, da ka mat maximal 11 kW um Typ 2 respektiv 50 um CCS geluede ginn. Beschtefalls ass an 23 Minutten vun 10 op 80 Prozent gelueden.
Vill Verbesserungen um komplett neien Tiguan, do bleift wéi ëmmer d’Fro ob sech dat och am Präis néierschléit?
Den Tiguan start bei ronn 39.000 Euro, soll et ee gutt equipéierten Hybrid sinn, da kann et gären och méi sinn. Iwwer 53.000 sinn hei fir dee klengen Hybrid als R-Line fälleg. A fir Familljepappen a fréier Sharan-Clienten: et steet och nees eng vergréissert Tiguan-Versioun an de Startlächer. Si wäert awer net méi “Allspace” heeschen.
