• De PLUS

    • Verbrauch
    • Finitioun
    • Choix u Motorisatiounen
  • De MINUS

    • ze schmuel Sëtzer

Et gëtt erëm Neies aus Stuttgart. Den Akim Schmit war mam Mercedes-Benz CLE Coupé ënnerwee, a weess wéi sech de Coupé am Alldag schléit.

Automag: Mercedes-Benz CLE Coupé

Zu Stuttgart stelle se sech a Fro: net just kleng Baureie fléie geschwënn aus dem Programm, mee och Modeller, déi sech géigesäiteg an de Féiss stinn. Dozou zielen och d’Coupé-Variante vun C- an E-Klass, déi am neien CLE-Coupé verschmëlzen.

Wann eppes schmëlzt, geréit et och alt mol aus der Form. Ass dat och beim CLE de Fall?
Nee, ganz am Géigendeel: den CLE ass eng gelongen – net gelunge – Mëschung aus deenen zwee Modeller, woubäi d’Aflëss vun der C-Klass liicht dominéieren. Nach e bëssen EQE a Form vum duerchlafenden LED-Liichtband un der Mall an e Schotz CLA un der Front (Stéchwuert: “Sharknose”) a fäerdeg ass den CLE. Mat senger Längt vu 4,85 Meter läit den neie Coupé dann awer éischter um Niveau vun enger E-Klass, och wat d’Plaz bannendran ugeet.

RTL

Du hues d’Plaz schonn ugeschwat, wat erwaart een dann am Interieur?
Mercedes spillt an der Luxus-Liga mat, an do ass den CLE Coupé keng Ausnahm. Den Opbau vum Tableau de Bord kéint aus der C-Klass stamen, Mëttelpunkt sinn dobäi déi zwee ronn 12 Zoll grouss Bildschiermer fir Instrumenter an Entertainment, hannert deenen déi aktuellst Versioun vum MBUX-Infotainment stécht. Nei entwéckelt goufen dogéint d’Integralsëtzer déi laut Mercedes sportlech geschnidde sinn. Ech fir mäin Deel hu se am Beräich vun de Schëlleren ze schmuel an domat onbequeem fonnt. Et ass also unzeroden de Bon de Commande eréischt no der Sëtzprouf ze ënnerschreiwen.

RTL

Et ass an dengem Fall awer net bei der Sëtzprouf bliwwen. Wat stécht dann ënnert deem laange Capot?

Mëttlerweil ass et scho bal ongewinnt esouvill Auswiel ze hunn: 4 Véierzylinder an esouguer e Sechs-Zylinder sinn ze kréien. Alleguer sinn als “Mildhybrid” ausgeluecht, also mat Starter-Generator an 48 Volt Bordnetz. D’Schalten iwwerhëlt ëmmer eng 9-Gang Automatik, eng manuell Boîte ass – wéineg iwwerraschend - net am Programm. An der Top-Motoriséierung (CLE 450) stinn 381 Päerd op Opruff bereet, am Test hat ech mam CLE 220d awer net just den eenzegen Diesel an der Gamme, mee och déi schwächste Motoriséierung. 197 Päerd a 440 Nm Dréimoment sinn net wéineg, an awer ech hätt mer a verschiddene Situatioune méi Sprëtzegkeet a méi Reserve gewënscht.

RTL

Du waars e puer Deeg mam CLE Coupé ënnerwee: wéi war däin Androck?
Androck ass et gutt Stéchwuert: well diskret an onopfälleg si keng Adjektiver, déi bei dësen Auto passen, genee esou wéineg wéi ech als Chauffer. Zilgrupp dierften éischter „Silver-Ager“ sinn, als Koppele wou d’Kanner aus dem Haus sinn an d’Plaz op der Réckbänk – an de Wee dohinner! - eng ënnergeuerdent Roll spillen.

RTL

Vum Fuergefill ass den CLE Coupé als 220d eng gemittlech a spuersam Reeslimousine. Am Schnëtt sinn ech mat knapp iwwer 5 Liter op 100 Kilometer gefuer, an dat ouni extra drop opzepassen. Net ganz esou spuersam ass dogéint d’Uschafung: den CLE 220d Coupé an der AMG Line huet e Basispräis vu 64.300 Euro.

RTL