• De PLUS

    • Veraarbechtung
    • Confort
    • Fuerverhalen
  • De MINUS

    • 3-Zylinder Motor wierkt ugestrengt, passt net zum elegante Range Rover

Den Evoque gouf iwwerschafft a vun Diesel iwwer Mildhybrid bis Plug-In Hybrid kann ee sech seng Motoriséierung auswielen. Den Allrad ass awer Standard.

Haut da « very british » am Automag. Mir komme mam Range Rover Evoque Plug-In Hybrid. Dee stoung elo kierzlech an der Automag Redaktioun, an de Christian Schmit war domat ënnerwee.

Automag: Range Rover Evoque Plug-In Hybrid

E Range Rover beweegen, eigentlech ëmmer e Pleséier. Mam Modelljoer 2024 gouf den erfollegräiche Modell Evoque nach eng Kéier liicht iwwerschafft. A mat der neier Faarfkombinatioun Corinthia Bronze a schwaarz, fält e besonnesch op, an dat steet dem Evoque och ganz gutt.

RTL

Wat ass da soss nach nei?
En neie Külergrill, an LED-Grafik bei de Luuchten. D'Batterie krut e Push op 15kw/h. Et gouf am Sortiment geraumt. Ausstattungsniveaue falen ewech, an och nei den Evoque ass elo d’Office en All Wheel Drive. 4 Rad Traktioun elo fir all Modell. D’Kupplung gouf och a Pensioun geschéckt, Automatik ass elo de série.

RTL

Am Interieur huet sech méi verännert. D’Mëttelconsole kënnt elo ganz ouni Knäppercher aus. Gesäit ganz sober aus, mee et heescht sech derduerch touchen um groussen 11.5 Zoll Ecran an der Mëtt. Dee schéngt es quasi ze schwiewen. Alles gëtt elo digital gesteiert. Wichteg Funktiounen iwwer säitlech Läischten. Updaten kommen elo „over the air”, a munches léisst sech och mam Smart Phone kombinéieren. Knäppercher bleiwe just nach um Volant erhalen. Ganz wichteg, dee fir di akustesch Warnsignaler auszeschalten, wann de Chauffer dach tatsächlech mat 52, a Plaz 50, 72, oder 95 ënnerwee war.
Eng europäesch Direktive wëll dat esou hunn, mee ganz éierlech, dat Gepiips bei Vitess-Limitatioune nervt just! Punkt.

Wéi fiert sech den Evoque Hybrid dann am Alldag?
E puer Deeg sollte mir zesumme verbréngen, an hunn nees eng Kéier festgestallt, dass esou e Plug-In Hybrid Auto, also ee mat Stecker u Bord, och reegelméisseg mat Stroum geluede muss ginn. Nëmmen da mécht e Sënn, an de Verbrauch ass raisonnabel. Eng 1 vrum Komma ass dann duerchaus op net all ze laangen Trajeten dran. Bleift de Kabel ongenotzt an der Mall, kënnt zwar näischt drun, mee do hu mir Verbrauchswäerter vun iwwer 8 Liter notéiert.

RTL
RTL

De 1500er 3 Zylinder mat enger System Leeschtung vun 269 PS geet sécherlech am Alldag duer, mee a punkto Temperament wierkt en dann dach zäitweis ugestrengt, an dat passt net zum nobele Britt. De Fuerconfort ass och mat den 20 Zoll Felgen erstaunlech gutt. Fuerverhale ganz souverän.

RTL

Wéi schléit e sech dann am Kapitel Präis?
Also esou Range Rover gi jo vill um engleschen Haff beweegt, oder bei anere Leit déi et gepackt hunn, an den Euro oder d’Pond méi labber sëtzen. Dat soll et och, well den Testauto mat risegem laangen Numm: Range Rover Autobiography P300e benzine PHEV koum op iwwer 80.000 Euro.

Ganz stylish, yes. Ganz brittesch, yes, mee och ganz schéin deier. Mee bon, dat muss, wéi esou dacks, jidderee fir sech selwer jugéieren.

De Range Rover Evoque vun der neister Generatioun. En Erfollegsmodell zënter 2011 mat antëscht iwwer 800.000 verkaaften Exemplairen ronderëm de Globus.

RTL