Mat Plazverhältnesser wéi an der Luxusklass trompt den neie VW Passat elo op, dat gepuert mat dem neiste Plugin-Hybrid an ChatGPT-Funktioun.

Laang virum SUV an dem Minivan war am Fong de grousse Kombi den idealen Auto fir d’Famill. An dëser Liga huet och ëmmer de VW Passat matgespillt. Wärend d’Limousine scho méi laang an d’Pensioun geschéckt gouf, huet de Kombi elo een Nofollger kritt. De Paul Origer huet fir eis den neie Passat zu Nice getest.

Automag: VW Passat

Effektiv huet e laang duerchgehalen, de Passat – elo ass seng Vocatioun awer eng aner?

Dat sees de mat Recht – mir sinn nämlech elo bei der 9. Generatioun ukomm. An effektiv ass säin Haaptasaz net méi bei der Famill mee am Business. Vill Kilometere mat vill Gepäck an der Mall, dofir gouf de grousse VW Kombi elo entwéckelt.

RTL

An e réckelt domat och méi no un een anere Member aus der grousser VW-Famill!

Richteg, nämlech un de Skoda Superb Combi. An dat ass keen Zoufall, well net nëmme mam ID.7 mee och mam Superb deelt e sech d’Produktiounslinn zu Bratislava. Den Design vum neie Passat Variant änelt dann och zimmlech dem tschechesche Cousin: jee no Versioun sinn et déi markant LED-Pharen, grouss Entlëftungsgitter, breet Chrombaguetten oder déi breet Réckluuchten. Vun der Säit an typesch fir de grousse Kombi fënnt een eng laang Fënsterlinn an déi typesch Blechfal op der Héicht vun den Diergrëffer. Bannenan bleift et beim kloren an niichteren Design mat wéinege Knäppercher, dominéiert vun horizontale Linnen an deem grousse Bildschierm. A genee hei gouf eng Schëpp ugeluecht: den Infotainment baséiert um neisten MIB4-Baukasten, mat z.B. ChatGPT-Funktioun an dem Sproochassistent IDA.

RTL

Also technesch schonn emol topmodern, mee seng al Dugenden, wéi z.B. vill Plaz bannenan bleiwen dem Passat erhalen?

Absolut! De Virgänger war schonn net kleng, abee elo kommen nach emol 5 cm méi Radstand, déi direkt der Beefräiheet an der zweeter Rei zerguttst kommen. Resultat si Plazverhältnisser wéi an der Luxusklass. An domat net genuch; d’Mall wiisst och, an zwar em 40 Liter op am Ganzen 690. Kloer ass de Passat mat bal 5 Meter Längt en imposant Gefier, mee nieft dem lëftege Banneraum bréngt dat och seng Virdeeler beim Fueren.

RTL

Anescht wéi an engem héighe SUV ass een am Passat méi mat der Strooss verbonnen. Déi vill besser Aerodynamik vun 0,25 suergt fir wéineg Wandgeräischer an nidderege Verbrauch, säi Fuerwierk gouf a Richtung Laangstreckeconfort an neutralt Fuerverhale virun entwéckelt. An dat sinn alles keng eidel Verspriechen; op eisen Testfahrten zu Nice konnt de Passat seng Talenter ënner Bewäis stellen; exzellent Sëtzer, Plaz en masse a kee Kaméidi bannenan – ech hätt och direkt kéinten domat vun Nice heemkommen ouni midd ze ginn.

RTL

Ech ginn dovunner aus dat VW och eng Motorepalett proposéiert, déi dat mat mécht?

Dat maachen se, an zwar setzen se virun op Bensinner an Diesel, mat oder ouni Mildhybrid-Technik. Highlight zu Nice war deen neie Plugin-Hybrid deem seng Batterie op dat duebelt vergréissert gouf an elo 100 km reng elektresch packe soll. Tatsächlech huet dat och gutt fonctionéiert, bis 140 leeft den E-Undriff bis iergendwann a komplett diskret de Verbrenner sech derzou schalt. A jee no Besoin nees ausgeet. 800 km Gesamtautonomie solle méiglech sinn, dëst natierlech och duerch den nidderege Verbrauch vum komplett iwwerschafften 1.5 TSI evo2. Ob et herno an der Praxis wierklech esou ass, fanne mer bestëmmt nach an engem Alldagstest eraus.

RTL

Esouwäit ech weess, war de Passat jo ëmmer den Auto fir déi breet Mass – bleift dat och an der 9. Generatioun nach esou?

Naja, éischter net méi. De Passat Variant start elo bei 49.380 Euro, domat si mer net méi wäit vun der Uewerklass ewech, oder, fir bei VW ze bleiwen, zimmlech no um Arteon Shooting Brake. Lues awer sécher wäert de Passat och deem seng Nofolleg untrieden. Wéi sech de Konkurrent aus dem Haus Skoda präislech situéiert wäerte mer ganz geschwënn op dëser Plaz héieren.

RTL