• De PLUS

    • extravaganten Design, deen ervirstécht
    • gutt Verarbechtung
    • bequeem Sëtzer
  • De MINUS

    • CVT (di automatesch Boîte)
    • Oniwwersiichtlech beim Rangéieren
    • Rigoros an zäitweis lästeg Assistenzsystemer

C-HR steet fir Coupé High Rider, an di zweet Generatioun huet sech dann elo am Alldag misste beweisen.

Wie souz hannert dem Volant? De Christian Schmit.

Automag: Toyota C-HR

Toyota ass jo zënter 2015 weltwäit offizielle Mobilitéitspartner bei olympesche Spiller. Dat trëfft sech gutt, well zu Stuttgart war ugangs Februar di international Kach Olympiad, an do hate mir e mat.

Huet e sech da qualifizéiert?

Bon a verschiddenen Disziplinne jo, an aneren éischter net.Mee mol der Rei no.

Den Toyota C-HR fält eigentlech e bësschen aus der Roll, der Design-Roll, awer mat vill Erfolleg. Well wa sech vun der éischter Generatioun 800.000 Exemplaire konnte verkafen, dann ass dat ganz remarkabel. Di Geschicht mam "Showcar for me" gëllt och fir deen neie Modell.

Deen extrovertéierte Look muss ee gär hunn. Just schued, dass den Testauto an der Faarfkombination schwaarz/gro ausgeliwwert gouf. Da komme verschidden Designelementer quasi guer net zur Geltung.

RTL

Mir haten et gesot, Alldagstest, wéi schléit e sech dann do?

Also mir haten déi Kéier di bescheide Versioun mat 140 PS an den 1800er Moteur. Hybrid ouni Kabel. D'Batterie mat 13.6 kw/h am Zesummespill mam Bensinner erlaben awer an 10 Sekonnen op 100 ze sinn, an och di 175 km/h gi meeschtens méi wéi duer. Mir hate jo wéi gesot den C-HR mat op Stuttgart, an déi Kéier stoung de Stau-Barometer ganz uewen, an de Launometer zimmlech ënnen.

5 Stonnen Trajet fir 350km, do kann ee sech ausrechne wou d'Duerchschnëttsvitess louch. An esou koume mir op e Verbrauch vu knapps iwwer 5 Liter, wat no un deem läit, wat de japanesche Konstrukteur annoncéiert. Am renge Stadverkéier, dat ass säi Revéier, do ass en a sengem Element, an do koume mir op 66% reng elektresch ënnerwee.

Mat där schonn dacks ernimmter CVT, der stufeloser Boîte, schwëmmt ee souwisou am beschten am Verkéier mat, well brüsk Acceleratiounen si Gëft fir d'Gemitt an e moderaten Dezibelpeegel.

RTL

Bannenan fillt e sech wuel?

Jo do leeft den C-HR a senger Kategorie zu olympescher Héichform op. Alles top verschafft, a ganz vill Luxus gëtt gebueden. Den 12,3 groussen Ecran dominéiert am Interieur. Mee d'Knäppercher goufen hei net all a Pensioun geschéckt, wat gutt esou ass, an den Toyota ganz maniabel am Alldag mécht.

RTL

D'Sëtzgarnitaur, wat scho bal Fotelle sinn, kréien och eng bonne note. Ganz bequeem, a laang Strecken si kee Problem.

A punkto Fuerconfort sinn et frequenz selektiv Amortisseuren, déi hei an den Asaz kommen.

Den C steet beim C-HR jo fir Coupé, an esou sollten déi, di hanne mat fueren, net all ze grouss sinn. E speziell entwéckelte Glas Daach mat Infrarout, deen d'Hëtzt soll ofweisen, war och u Bord. Bon ob dat geléngt, dat konnte mir ugangs Februar elo net testen. Dofir awer de Liicht-Spektakel bausse wéi bannen. Am Interieur si 64 verschidde Kombinatioune méiglech.

RTL

Plaz an der Mall geet och an d'Rei, op d'mannst wann et zu zwee op d'Rees geet.

Kloer, dass och di aktiv Sécherheet an d'Assistenzsystemer iwwerschafft goufen. Verschiddener iwwerdreiwen et awer mat der Rigorositéit an zäitweis gëtt een d'Gefill vum "Big Brother is watching you" net lass.

Wéi vill Budget ass da fälleg fir den Toyota C-HR

De Bléck an d'Präislëscht annoncéiert am Moment 32.000 Euro fir den onkonventionellen C-HR mam Basismotor, dee mir gefuer sinn. Di mi héich motoriséiert Versiounen als Plug-In Hybrid a 4 Rad Traktioun schloen dann awer séier mat iwwer 40.000 zu Buch.

Ob den Toyota C-HR och an der zweeter Generatioun nees seng Amateure fënnt bleift ofzewaarden. Sech aus der Mass ervirdoen, oder wéi et beim japanesche Konstrukteur heescht, serieméisseg aussergewéinlech, dat passt!

RTL