Subaru Outback
-
De PLUS
- Vill Plaz, souwuel fir Passagéier, wéi och Gepäck
- Variabel asetzbar
- Clevere Gepäckträger-System um Daach
- Vill Assistenzsystemer
-
De MINUS
- De Verbrauch
- Fuerwierk e bësse schwammeg
- Choix u Motorisatiounen
Iwwer 2.000km fir en Automag-Test, ass éischter seelen, ma an dësem Fall konnt den Test mat engem Trip op de Rallye Monte Carlo verbonne ginn.
Am Automag hu mer dës Kéier nees a japanesche Vertrieder, dee mer iech méi genee virstelle wëllen. An dëse kënnt schonn an der 6. Generatioun op de Marché, ass deemno keen Onbekannten. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun ass nawell och eng jett Kilometer domat gefuer.
Ech hat am Januar en Trip op de Rallye Monte Carlo geplangt, a wëssentlech, dass do an de Bierger och alt emol Schnéi op ee waart, hat sech d’Geleeënheet perfekt ugebueden, mat engem «richtegen» Allradler dohinner ze fueren. Subaru hat den Outback an de Pressepark kritt, an do war d’Decisioun séier getraff, mat wéi engem Gefier d’Rees wäert an Ugrëff geholl ginn.

Fir déi déi sech net sou mat Subaru auskennen… wéi géifs du den Outback da kategoriséieren?
Do ginn d’Meenungen e bëssen auserneen. Muncheree seet wuel, dass et sech ëm en SUV handelt. A mengen Aen ass et awer éischten en héichgeluechten Allrad-Kombi, mat deem een och ouni Bedenken an den Terrain fuere kann. En huet Plastiksverbreederungen un de Kotfligelen, an och soss sinn all d’Iwwerhäng mat robustem Plastik agekleet. Dat gefält sécherlech net jidderengem, ma ass funktionell, wann ee bis Offroad ënnerwee ass. D'Karosserieform u sech erënnert mech op alle Fall méi un e Kombi wéi un en SUV, ma wéi ee Label d'Leit dem Auto ginn, ass jo éischter niewesächlech.

Den Depart op de Rallye Monte Carlo war awer net sou einfach
Richteg… well wéi ech den Auto kritt hunn, war e bannenan leider plätschnaass... also all d’Fënstere waren ugelaf a vum Schiebedaach erof sinn d’Drëpse quasi gefall komm. Et huet bis op Gap a Frankräich gedauert, bis mer erausfonnt haten, dass wuel ee ganz grousszügeg den Auto gebotzt hat, an d’Teppecher plätschnaass nees hannen an den Auto geluecht huet. Domat hate mer e bëssen ze kämpfen wärend 2-3 Deeg, éier mer d'Fiichtegkeet all aus dem Auto haten, an d'Fënsteren net all Kéiers nees ugelaf, oder moies souguer gefruer ware bannendran. Dofir konnt den Auto awer net.
Fir de Recht war d’Rees eigentlech ganz gemittlech, och dank de bequeeme Sëtzer. Den 2.5 Liter Boxer Bensinner ass elo net wierklech als «sprëtzeg» ze bezeechnen. Déi knapp 170 PS an 252Nm ginn awer duer, fir gemittlech och laang Strecken ze fueren.

D’CVT-Boîte mécht sech haaptsächlech bemierkbar, wann et z.B. an de franséische Bierger e Col eropgeet, dann huerelt de Motor nawell zimmlech onangeneem ugestrengt. Wat sech och bemierkbar mécht, ass den Duuscht vum Motor. En ass am Mix ugi mat 8,6 Liter. Bei mir waren et der no iwwer 2000km 9,2 op 100 Kilometer. En Ökolabel kritt en dofir net.

Punkte kann en awer an aneren Disziplinnen
Jo virun allem bei der Plaz... hei ass ee richteg verwinnt am Outback. An der Mall kritt ee 435 Liter ënner, a wann een d’Réckbänk ëmklappt souguer bis zu 1.480 Liter. A propos Réckbänk... déi kann de Passagéier hanne sech och am Réck am Wénkel verstellen, fir nach méi bequeem ze reesen. Och Passagéier iwwer 1m90 fanne gutt Plaz am Outback.

Bei de Sécherheetssystemer gëtt ee verwinnt bei Subaru. Sou huet een z.B. eng Chauffer-Iwwerwaachung, déi genee am Bléck huet, ob ee konzentréiert oder midd ass. Déi nervt zwar heiansdo, ma funktionéiert impeccabel an huet mech och alt dovun ofgehalen, ze laang um groussen zentralen Display no engem anere Radiosender ze sichen. Well d’Iwwersiicht net déi bescht ass, huet een e sëllege Kameraen an 360°-Funktioun, fir deem entgéintzewierken.

Clever geléist ass dann och den integréierte Gepäckträger um Daach vum Auto. D'Striewe kënne via e Click-System queesch iwwert den Auto verankert ginn, sou dass een net en deiere Supplement am Zubehör mussen kafen, dee fir de Recht vum Joer an der Garage oder am Keller hënnert.

Den Interieur ass gutt verschafft an et huet näischt gequiitscht oder gekraacht. De Bäifuerer huet eng praktesch Plaz fir den Handy ze verstauen, wat op der Chauffersäit leider feelt. Ma dat ass wuel bewosst gewielt, fir dass een e wäit aus de Féiss leien huet an net dozou verfouert gëtt, drop ze kucke wärend dem Fueren.

Fazit no iwwer 2.000km mam Outback?
Den Allrad konnt ech leider net wierklech testen, well um Rallye Monte Carlo hate mer éischter Fréijoersfeeling, ma wäit a breet kee Schnéi. Ma Subaru muss sech an deem Domaine mengen ech net méi beweisen.
De Reesconfort ass definitiv ginn, dat a Verbindung mat vill Plaz an e sëllege Sécherheetsassistenten. Ech wäert allerdéngs ni e Frënd vun der CVT-Boite ginn... an e kräftegen Diesel géif dem Auto definitiv gutt doen, ma dat ass jo eng Motoriséierung, déi éischter um Ausstierwen ass.
Präislech geet et lass knapp iwwer 41.000 Euro. An der Premium-Ausféierung, wéi mir se haten, si bal 48.000 Euro fälleg, wat a mengen Aen awer e faire Präis fir en Auto ass, dee sou villsäiteg kann agesat ginn.
