Mercedes-Benz Vans
-
De PLUS
- Gutt verschafft
- agreabel ze fueren
-
De MINUS
- Héije Präis
- Plaz bannen am Auto, hätt nach besser kënne genotzt ginn
Am Automag stelle mir iech an der Reegel "normal" Autoen vir. Haut ass et awer eng Nummer driwwer, jiddwerfalls wat d'Plazen ugeet.
De Rich Simon war nämlech fir eis mat den zwee neie Minibusse vu Mercedes ënnerwee.
Seet een iwwerhaapt nach Minibusse?
Dat ass eng gutt Fro. Et gëtt effektiv an eisem Zäitalter vu Vans geschwat. Ech soen et direkt, datt ech elo net de grousse Spezialist vun esou Maschinne sinn. Allerdéngs soen ech och, datt esou Vans sech mëttlerweil fueren, wéi ganz normal Autoen an dacks sëtzt een an engem SUV méi héich wéi elo am Van vu Mercedes. Oder besser gesot an den zwee Vans vu Mercedes. Ech war nämlech eng Kéier komplett elektresch ënnerwee an eng Kéier mat engem gudden alen, an dat ass elo net negativ gemengt, Diesel.

Da komm mir "dieselen" elo fir d'éischt
Ech hat den 2 Liter, 4 Zylinder mat 237 Päerd. An deem ass eng 9-Gang Automatik verschafft, déi richteg gutt ass. D´Iwwergäng mierkt ee praktesch net. An dat souwuel beim erop- wéi och erofschalten. De Motor leeft roueg ouni vill Dieselvibratiounen. Wat d'Fuerdynamik ugeet, sinn déi 237 PS gutt. Manner dierfen et der awer a mengen Aen net sinn. De kombinéierte Verbrauch gëtt Mercedes bei 7,4 Liter un. Ech si ronn 50 Kilometer mam Van gefuer, dat ass elo net ganz vill, do louch de Verbrauch bei 9,8 Liter. Wat awer nach ëmmer ganz ok ass.

Nieft dem Diesel bass du awer och elektresch gefuer. Nämlech den EQV 300. Dat ass en éischten komplett elektreschen Passagéier-Van dee Mercedes op de Marché bruecht huet.
An dat bëssen als Konkurrenz zum VW BUZZ. De Problem bei normalen E-Autoen ass bekannt. Duerch den Akku geet ëmmer bësse Plaz verluer. Dacks op Käschte vun der Mall. Dat ass beim EQV awer net de Fall. D'Plaz ass identesch mam Verbrennermodell. Dat heescht du hues eng Mall, wann d'Sëtzer alleguerte montéiert sinn, vu 755 Liter. Wann een déi 4 oder 6 Sëtzer hannert dem Chauffeur eraus hëlt, dann huet ee 4.785 Liter. Also do geet schonns dat een oder anert eran.

Déi 2,8 Tonnnen, déi den EQV weit, musse beweegt ginn. Dofir huet een 204 Päerd zu Verfügung. Et gesäit een dem EQV déi knapp 3 Tonnen un. Allerdéngs wann een domadder fiert, huet een dat Gefill net. De Van léist sech einfach duerch d'Kéiere manövréieren. Et ass sécherlech keng Rakéit. Vun 0 op 100 brauch een 12,1 Sekonn a bei maximal 140 Kilometer ass Schluss. Bis zu 365 Kilometer soll ee mat engem vollen Akku kommen. Deen huet 90 kWh. Teststreck war ze kuerz fir dat objektiv ze kontrolléieren. Ech denken awer, datt ee realistesch vun 260 bis 280 Kilometer kann ausgoen.

Wéi gesäit däi Fazit aus vun deenen zwee Mercedes Vans, déi's du eis elo virgestallt hues?
Déi zwee Minibussen fuere sech gutt. Déi zwee sinn esou motoriséiert, datt et vun der Leeschtung sécherlech duergeet. Iwwer d'Plaz, déi ee bannen huet, brauch een net ze diskutéieren. Där ass masseg do. Allerdéngs fannen ech, datt trotzdeem vill Plaz ongenotzt bleift. Du hues zum Beispill nëmmen eng Plaz, wous du däin Handy kanns propper deposéieren. Tëscht dem Chauffeur- a Bäifuerersëtz ass einfach ee grousst Lach, datt ee ganz sécher hätt besser notze kënnen.

Iwwer d'Qualitéit wéi alles verschafft ass, gëtt et näischt Negatives ze soen. Mercedes léist sech dat awer och bezuelen. D'V-Klass gëtt et vu 53.450 Euro un. Dee Modell, deen ech gefuer sinn, kascht an der Basis 67.825 Euro. Beim EQV 300, deem elektreschen also muss ee minimum 73.370 Euro op den Dësch leeën.