• De PLUS

    • Flotten Design
    • Gutt Autonomie
    • Präis/Leeschtung
  • De MINUS

    • Mall net gutt accessibel
    • Just 2 Joer Garantie um Auto
    • Fiederung

E gouf gewielt zum "THE CAR OF THE YEAR 2024": De Renault Scenic ass vun elo u just nach elektresch ze kréien. Dat ass awer net déi eenzeg Neierung.

Den Auto gesäit och optesch komplett anescht aus, wéi nach säi Virgänger. De Rich Simon hat den Auto bei der Presentatioun méi genee ënnert d'Lupp geholl a konnt och e puer Fuerandréck sammelen.

Automag: Renault Scenic E-Tech Electric

Ass de Scenic komplett nei?

Eng kloer Äntwert Jo: Den Scenic gëtt et zanter 1996. Also ronn 30 Joer. Et war den éischte sougenannte kompakte Monoplace. Fir mech hat deen ale Modell, iwwer all déi Joren, awer ëmmer ee bëssen ugestëbsten Design. Esou richteg ass de Fonke bei mir net eriwwer gesprongen. Dat ass elo net méi de Fall. Den Auto huet Ecken a Kanten, flott Luuchten a cool Felgen. Hie wierkt relativ breet obwuel et vun de rengen Moossen hir keen iwwergroussen SUV ass. Fir et kuerz ze maachen. Den Auto gesäit richteg flott aus a stellt och eppes duer.

RTL

Scenic vun elo u just nach elektresch

Du hues zwou Batterien zur Auswiel. Déi kleng mat 60 kWh an déi grouss mat 87 kWh. Bei deem klengen Akku hues de 170 Päerd zu Verfügung, bei deem groussen 220 PS. Dat ass och dee Modell, deen ech gefuer sinn. Bei der décker Batterie gëtt Renault eng Autonomie vu 625 Kilometer un. Dat ass vill an dacks kritt een dach eng negativ Iwwerraschung, wat reell méiglech ass. Abee beim Scenic ass dat net de Fall. Ech sinn zwar nëmmen eng 250 Kilometer domadder gefuer. An dat bei, fir een Elektroauto, perfekten Temperaturen vun ëm déi 25 Grad.

RTL

Den Duerchschnëttsverbrauch louch awer just bei 16,8 kWh, mat Klimaanlag a.s.w.  Dat ass fir esou een Auto extrem gutt. Ech hunn de Verbrauch e bëssen héich gerechent a sinn der Meenung, datt ee gutt 500 Kilometer kann domadder fueren. Do kann d'Konkurrenz sech eng Scheif erof schneiden.

 

Op der Strooss

Da komm ech fänke mam Negativen un. D'Fiederung kéint a mengen Aen besser sinn. Déi kleng Lächer an der Strooss absorbéiert de Scenic net immens. Bei méi déiwe Lächer, nach vill manner. Dat wier awer schonns bal alles un Negativem. Een Elektroauto mécht logescherweis keng Motorgeräicher, dacks stéieren awer d'Wandgeräicher. Där huet een awer praktesch keng. Och wann een op der Autobunn ënnerwee ass.

RTL

Mat den 220 Päerd, déi een zur Verfügung huet, ass ee vun 0 op 100 a 7,9 Sekonnen ënnerwee. D'maximal Vitesse leit bei 160 km/h. Dat ass ganz anstänneg. An dat huet och domadder ze dinn, datt den Auto och mat der décker Batterie mat 1.890 Kilo relativ liicht ass. Vill Konkurrenzmodeller packen et net ënner 2 Tonnen.

Wéi gesäit den Auto bannen aus? Wéi ass e verschafft?

Duerch d'Bank gutt. Obwuel op e puer Plazen, nach ëmmer bësse bëlleg Plastik ze gesinn ass. Du hues vir an och hanne gutt Plaz. Wann's de dech fir "Esprit Alpin" Versioun decidéiers, hues de Schuelesëtzer bei deenen s de besser gehale bass wéi bei deenen normale Sëtzer.

RTL

Déi eenzel Knäppercher sinn e bëssen no beieneen. Hei hues de séier d'Sëtzheizung un, wann's de zum Beispill wëlls op de Knäppche vun der automatescher Heizung drécken.

De Scenic ass eng Familljekutsch a bei esou enger spillt d'Mall keng onwichteg Roll. Déi huet zwar am normal Fall 545 Liter a bei den ëmgeklappte Sëtzer esouguer 1.670 Liter. Allerdéngs hues de eng immens héich Luedkannt. Dat ass alles anescht wéi optimal, wann's de beispillsweis eng schwéier Këscht Waasser muss eraushiewen.

RTL

Fazit a Präisser

Ech denken, datt Renault mam Scenic E-Tech ee gudde Worf gelongen ass. Virun allem si se, wat d'Autonomie ugeet, méi wéi konkurrenzfäeg. Awer och am Präis ass den Auto interessant. Mat engem Akku vu 87 kWh fir ee Basispräis vu 45.398 Euro. Mat der klenger Batterie vu 60 kWh, esouguer schonns vun  38.299 Euro un. Ee klenge Bmol nach. Et si just 2 Joer Garantie um Auto. Op der Batterie awer 8 Joer, respektiv 160.000 Kilometer.

De Scenic E-Tech ass vum nächste Mount u bei eis an de Showrooms ze gesinn.

RTL

Car of The Year 2024

Iwwregens gouf de Renault Scenic E-Tech vun enger europäescher Jury zum Auto vum Joer 2024 gewielt ginn. Et ass schonn déi 7. Kéier, dass e Modell vu Renault dës renomméiert Auszeechnung kritt huet!