De Seat Ibiza ass e reegelrechte Verkafshit bei der spuenescher Mark. Fir de ronne Gebuertsdag gëtt et elo eng limitéiert Sondereditioun.

Den Ibiza ass definitiv e Bestseller bei Seat. Dëse leeft zanter 2017 an der 5. Generatioun iwwert d'Produktiounslinn a bleift weiderhi ganz beléift.

RTL

Den éischte Seat Ibiza ass 1984 gebaut ginn an dat deemools scho ganz erfollegräich. Entworf gouf e vum italieenesche Stardesigner Giorgio Giugiaro, den Interieur gouf vu Karmann entwéckelt, ma besonnesch ervirgestach ass de Motor, deen zesumme mat Porsche entwéckelt gouf. Deen Ament war ee mam klenge Seat Ibiza besser motoriséiert ënnerwee wéi z.B. mam VW Polo.

RTL

Fir de ronne 40. Gebuertsdag ze feieren, huet Seat elo eng Sondereditioun erausbruecht, déi op den Numm "Seat Ibiza Anniversary Limited Edition" lauschtert.

Fir der Press déi virzestellen, goufe mer op Barcelona invitéiert, wou nieft der Presentatioun vum Auto och nach eng Visitt vun der "Seat Heritage Collection" mat abegraff war.

RTL

En Highlight war dann awer d'Méiglechkeet, déi verschidde Generatioune vum Seat Ibiza op de Stroosse ronderëm Barcelona fueren ze dierfen. Sou gouf engem nees bewosst, wéi verwinnt een hautdesdaags an de modernen Autoe ass. Sief et eng Servosteierung, elektresch Fënsterhiewer, Klimaanlag oder och nach en astellbare Sëtz... alles dat gouf et guer net beim éischte Seat Ibiza, oder just an enger ganz simpeler Versioun.

RTL

Sou gesäit den Tacho vun engem Seat Ibiza GLX vun der 1. Generatioun aus.

Wann ee mat engem Seat Ibiza GLX 1.5 vun der 1. Generatioun ënnert der spuenescher Sonn ënnerwee ass, da kënnt een nawell un d'Schweessen. Do huet een hannert dem Steierrad nach richteg eppes ze dinn. Wat et awer mécht, et entschleunegt, et fiert ee vill méi opmierksam an et mécht dobäi nach richteg Spaass. Do kënnt een dach tatsächlech un d'Iwwerleeë sech e Youngtimer zouzeleeën (Notiz u mech selwer: Nee Andy, du hues keng Plaz dofir!)

Mir ware mat 5 verschiddene Seat Ibiza aus 4 Generatioune vun 1984 bis 2017 ënnerwee an hunn dobäi nawell vill Blécker op eis gezunn.

RTL

Direkt zwee Autoe vun der 1. Generatioun (Typ 21) hate mer ze probéiere kritt. Dann nach e GTI 16V vum Typ 6K (2. Generatioun), grad ewéi déi nach méi geleefeg Modeller 6L (vun 2002 bis 2008) a 6J (vun 2008 bis 2017).

RTL

Mech hat do dann och besonnesch de 6K interesséiert, dee vun 1993 bis 2002 gebaut gouf, deemno déi Zäit, an där ech 1998 mäi Fürerschäi gemaach hunn. Deemools war den Ibiza GTI en immens beléifte Modell, deen ech awer ni hunn dierfe fueren. Dee gouf et dann och am Rallye als Kitcar-Versioun. D'Erwaardunge waren deemno grouss. Et huet mega Spaass gemaach, ma vum Sëtz war ech dann awer e bëssen enttäuscht. Eng bequeem Positioun hunn ech op de puer Testkilometer net fonnt.

RTL

Dës Sëtzer am Seat Ibiza GTI gesinn zwar gutt aus, ma wierklech gutt ware se net.

Leider war déi Testfaart mat den eelere Generatioune vill ze kuerz, ma et goung jo am Fong och drëm déi aktuell Generatioun ze probéieren, an do eben d'Anniversary Limited Edition.

Anniversary Limited Edition

Dës zeechent sech z.B. aus duerch Sportsëtzer, enger Lackéierung am Graphene Grey, Felgen am 18 Zoll an der Faarf Cosmo Grey. Am Interieur fënnt een dann och z.B. den "Anniversay Limited Edition" Schrëftzoch, agravéiert a beschter Vue, direkt wann een an den Auto eraklëmmt.

RTL

Mat deem Auto konnte mer bis an den Zentrum vu Barcelona fueren, an do dann och laanscht d'Küst. Wierklech opfale mécht d'Sondereditioun do dann awer net, well elo net wierklech jäizt "hei sinn ech", ma dat ass jo och net Sënn an Zweck vun dësem Gebuertsdagsmodell.

RTL
RTL

Eis bleift just "Happy Birthday" ze wënschen, an et däerf ee gespaant sinn, ob et och nach eng "Anniversary Edition" fir de 50. Gebuertsdag vum Ibiza gëtt, oder ob et 2034 dee Modell net méi gëtt?

Fir en aktuelle Seat Ibiza muss ee Minimum 18.655 Euro op den Dësch leeën. Als FR sinn et da scho minimum 22.390 Euro, wou een dann awer schonn e gutt equipéierten Auto huet. Soll et en "Anniversary Edition" sinn, kommen nach e puer Euro dobäi. Hei geet et lass bei 23.375 Euro. Bestelle kann een d'Sondereditioun nach bis d'Enn vum Joer 2024.

bei de Motorisatioune kann ee wielen tëscht:

  • EcoTSI, 70kW (95 PS)
  • EcoTSI, 85kW (115 PS)
  • EcoTSI, 85kW (115 PS), DSG
  • 1.5 TSI EVO, 110kW (150 PS), DSG

Zukunft vu Seat

Bei Seat ginn et an der Lescht keng wierklech Neivirstellungen, woufir et och scho Spekulatiounen iwwert e méiglechen Aus vun der Mark gouf. Déi goufen och duerch Aussoen aus der Chefetage ugeheizt, wou et geheescht huet, dass déi elektresch Zukunft vu Seat bei der Mark Cupra läit. An Tëschenzäit gouf déi Ausso awer korrigéiert an och bei Seat géif een iwwert Elektromodeller nodenken. Dat huet de CEO Wayne Griffiths rezent matgedeelt. Et géif kee Grond ginn eng 73 Joer al a lieweg Traditiounsmark stierwen ze loossen.

Sou gouf z.B. e Facelift vum Seat Leon ugekënnegt, deen nach dëst Joer soll erauskommen. Hei kéim dann och e Plugin-Hybrid-Undriff an den Asaz, deen et schonn am VW-Konzern gëtt. D'Modeller Ibiza an Arona sollen 2025 e Facelift kréien, an och den Ateca soll weiderhin ugebuede ginn.

Bei engem méiglechen Elektromodell dierft een an enger éischter Phas haaptsächlech a Richtung vun enger Seat-Variant vun z.B. engem VW ID.1 respektiv ID.2 goen.