Volkswagen ID.7
-
De PLUS
- klasseschen Design
- agreabelt Fuergefill (Sport vs. Confort)
- vill Auto fir e faire Präis
-
De MINUS
- Nëmmen 11 kW On-Board Lueder
- Touch-Knäppercher um Steierrad
- Méi grouss wéi en ausgesäit
Mam ID.7 steet an dësem Test d’Flaggschëff aus der ID-Gamme vu VW am Mëttelpunkt.
Den Akim Schmit huet sech am Alldag mat de Stäerkten a Schwächte vun der Reeslimousine ausernee gesat.
No enger Reih SUVen huet VW also mam ID.7 och eng elektresch Limousine an der Gamme. An déi soll – wann et no VW geet – an enger Liga mat BMW 5er a Mercedes-Benz E-Klass spillen. Wann een d’Gréisst als Moossstaf hëlt, passt de Verglach. Fir eng Iddi ze kréien: 4,96 m ass d’Limousine laang, en T7 Multivan ass nëmmen 1 cm méi laang (4,97 m). Ma och wann een d’Gréisst net op den éischte Bléck erkennt, spéitstens beim parke fält op, mat wéi engem Kaliber een et ze dinn huet.

Stéchwuert „éischte Bléck“: beim Design ass VW bei senge Wuerzele bliwwen?
Form follows function war d’Devise. Dem ID.7 seng fléissend an aerodynamesch optiméiert Form dréckt de Loftwidderstand op en cW-Wert vun 0,23. D’Hallschent vum cW-Wert gëtt nämlech duerch d’Karosserieform beaflosst, 30 Prozent vun de Rieder a Pneuen. Den Ënnerbuedem a Funktiounsëffnungen (wéi Loftaläss fir ze killen) hu mat allkéiers 10 Prozent e méi klengen Impakt.

Manner Loftwidderstand heescht méi Reechwäit hu mer geléiert
Bis zu 621 Kilometer stieche laut Hiersteller (a WLTP Zyklus) an enger voll geluedener 77 kWh Batterie. A mengem Alldagstest a feinstem Schmuddelwieder (8° Baussentemperatur) louch mäi Verbrauch bei 19,6 kWh/100 km. Domat muss spéitstens all 400 Kilometer eng Borne oder Wallbox ugesteiert ginn. Nieft dem Wieder huet awer och de Fuerstil e groussen Afloss op de Verbrauch, a wann een déi 286 Päerd (210 kW) déi eng oder aner Kéier këddelt, schmëlzen d’Kilometere méi séier wéi d’Glace an der Sonn.

286 Päerd klénge sportlech. Fiert sech den ID7 dann och esou?
Vun der Leeschtung hier ass den ID.7 aktuell de stäerksten ID-Modell. Mee Leeschtung eleng ass net alles. Zwar dréckt een d’Kraaft beim Kickdown an de Sëtz (6,5 Sekonne vun 0 op 100 km/h), mee d’Stäerkte leien definitiv am Kapitel vum Confort. Wien d’Rou iwwert dem fuere genéisst, ass mam ID.7 gutt zerwéiert, d’Fiederung an d’Sëtzer këmmere sech ëm d'empfindlech Bandscheiwen an déi direkt Lenkung vermëttelt e gudde Kontakt zur Strooss.

D’Flaggschëff vun der ID-Gamme stécht awer och voller intelligenter Technik
Fir alles opzezielen hu sech schlau Käpp bei VW einfach ze vill afale gelooss, dofir just meng perséinlech Top 3: déi automatesch Klimaanlag, déi d’Lüftungsdüsen komplett automatesch steiert (wéi bei Tesla iwwert den Infotainment-Schierm an der Mëtt), oder nach d’Sëtzer vu Chauffer a Bäifuerer, déi Fiichtegkeet erkennen, kille, wiermen a masséiere kënnen, an nach den Head-Up Display mat „augmented reality“. Konkret bedeit dat, dass z.B. d’Navigatioun hir Uweisungen an Echtzäit virun den Auto projezéiert.

Esouvill Auto huet sécher och säi Präis. Wou leie mer dann do?
Lass geet et bei 58.500 Euro. Dat ass net geschenkt awer fair. A wiem d’Reechwäit net duergeet, deem sief verroden, dass eng 86 kWh-Batterie mat bis zu 700 km Reechwäit ugekënnegt ass.