Hyundai Kona
-
De PLUS
- Korrekt Präis/Leeschtung-Verhältnis
- Gudde Verbrauch
- Anstänneg Platz fir ee Kompakt-SUV
-
De MINUS
- Warnsystemer nerven
- D’Batterie luede kéint méi séier goen
Als elektresch Versioun gëtt et de Kona schonn zanter 2018. Wéi déi neiste Versioun sech fiert, huet de Rich Simon erausfonnt.
Zanter 2017 gëtt et an der Gamme vun Hyundai, de Kona. Relativ fréi hat de koreanesche Konstrukteur, nieft de reng thermesche Motoren och eng Hybrid- an och eng Elektroversioun, a sengem Portfolio. Am Automag kucke mer elo iwwer deen neien Kona, dee reng elektresch ënnerwee ass. De Rich Simon huet den Auto getest.
De Kona am elektreschen ass schonns een alen Hues. E gouf schonns 2017 presentéiert an ee Joer drop gouf et schonns déi éischte komplett elektresch Variant. Elo ass een neie Modell do an deen ass e bësse méi grouss wéi säi Virgänger, dat kënnt ënnert anerem der Platzoffer bannen am Auto ze gutt. Et ass awer nach ëmmer ee kompakten SUV, an deem ee sech awer net ageengt villt. Och op den hënneschte Sëtzer ass d'Been- a Kappfräiheet nämlech ganz ok.

Eng deck Datz gëtt et allerdéngs fir d'Emplacement vum Feierläscher. Deen ass um Bäifuerersëtz ënne riets placéiert. Dat gesäit net nëmme schlecht aus, mee et stéisst een och reegelméisseg mam Fouss derwidder. Den Interieur ass awer gutt verschafft. Allerdéngs deet sech Hyundai nach ëmmer schwéier, fir komplett op den haarde Plastik ze verzichten.

Op der Strooss
Et ginn zwee Modeller. Ee mat enger 48 kWh an ee mat enger 65 kWh Batterie. Aus dem klengen Akku ginn 156 Päerd gesuckelt, aus deem Groussen 217 PS. Dat ass dee Modell, deen ech hat. Deen ass agreabel ze fueren. De Sprint vun 0 op 100, huet een a 7,8 Sekonnen hannert sech. Ech sinn de Virgänger Modell och schonns gefuer a fir mech läit déi nei Versioun besser op der Strooss. Dat huet villäicht mam méi laange Radstand ze dinn, vis à vis vum Virgänger. Den Handling ass wierklech gutt.

Eng kleng Kritik gëtt et awer. De Kona gëtt et just mat 2-Rad-Undriff. Wann et schmiereg an naass ass, an et dréckt een de Champignon bei Start komplett duerch, dann hunn déi viischt Rieder Tendenz fir duerchzedréinen. Dat mécht een awer sécherlech net permanent. Dofir sinn d'Pneuen ze deier.
Een Dauerthema bei Elektroautoen; Wéi gesäit et mam Verbrauch aus?
Komm ech fänken u mat deem wat Hyundai virgëtt. Dat sinn 514 Kilometer (WLTP). Dat ass, wéi esou dacks bei Elektroautoen, Wonschdenken. De Verbrauch louch bei mir, wärend der Woch wou ech den Auto hat, bei ronn 18kWh. Da kënns de op eng Autonomie vu plus/minus 400 Kilometer. D'Batterie fëllt sech dann, vun 10 op 80 Prozent, a 40 Minutten un enger Schnellluedstatioun mat 102kW. Do ginn et Konkurrenzmodeller, déi méi séier sinn. Un enger Wallbox luet een de Kona mat 11 kW.

Wat mir gutt gefall huet: d'Steckdous fir de Kona ze lueden ass net hannen oder vir op der Säit, mee déi ass an de Külergrill integréiert. Dat bréngt mat sech, datt de Wee un d'Luetstatioun méi kuerz ass.
Wéi gesäit däi Fazit aus a wat kascht den Auto?
Wéi schonns gesot, den Auto fiert sech ganz gutt. Wat allerdéngs nervt, dat sinn déi permanent Piipsgeräicher, wann's de e bësse méi séier bass, wéi dat wat erlaabt ass. Dat ass nëmmen ee vun e puer Warnsystemer, déi een zwar kann ausschalten, mee et muss ee se dann allkéiers ausschalten, wann een den Auto nees umécht. Hei wier bësse manner, bësse méi.
Wat de Präis ugeet, kritt een de Kona EV mat der klenger Batterie vu 37.686 Euro un. Bei der décker Batterie muss ee schonns 43.221 Euro dohinner bliederen. Mat e puer Optiounen ass een dann awer relativ séier op deenen ominéise 50.000 Euro. Dat ass sécherlech net geschenkt. Den Auto ass awer deen Ament praktesch mat allem equipéiert wat ee brauch, respektiv net onbedéngt brauch.
