Porsche Taycan
Net manner wéi 1.108 PS an 1.340 Newtonmeter huet een elo an der stäerkster Versioun vum Porsche Taycan.
Mir erënneren eis zeréck; iwwer 4 Joer ass et hier, dass Porsche mat hirem éischten Elektrosportler eng Revolutioun lancéiert hunn. Deemools goufen all méiglech Regëster gezunn, fir um absolut neiste Stand vu Leeschtung an Technik ze sinn. An awer war den Taycan elo zeideg fir ee Facelift. Wat alles geännert gouf, huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Sevilla erausfonnt.
Mir schwätze vun engem Facelift, also éischter méi kleng Modifikatiounen?
Loosse mer et esou soen, et gouf an all Domaine vum Taycan eppes verbessert. Zesummegefaasst kann ee soen, et gëtt elo méi Leeschtung, méi Autonomie, eng besser Acceleratioun a méi séier a stabil Luedzäiten. An net feelen dierf natierlech déi eng oder aner Retouche um Design. Do solle virun allem elo d’Turboversiounen sech méi staark ofhiewen.

Natierlech betrëfft dës Renovatioun alleguer d’Versiounen, d’Sportlimousine, den Taycan mat Offroad-Touch Cross Turismo an de sportlechen, wann een dat soen dierf, Kombi Sport Turismo. Wat natierlech net geännert huet, dat sinn d’Moosse bannen a baussen.

Mee da komme mer emol direkt zum Detail an zu engem fir Porsche wichtege Punkt: Leeschtung!
Déi huet een am Virgänger jo schonn net vermësst. Abee elo gouf bei sämtleche Versiounen eng Schëpp drop geluecht: 60 kW méi sinn et beim Basis-Taycan an esouguer 140 beim Turbo S. Mat Launch Control an Attack Modus kann esou d’Leeschtung scho bis op 700 kW oder 952 PS klammen. Dat ass awer alles kale Kaffi géint déi nei Top-Versioun Turbo GT: Ganzer 1.108 PS an 1340 Newtonmeter ginn hei op déi 4 Rieder lassgelooss.

Do sinn ech op jidder Fall schonn op d’Fuerimpressioune gespaant! Gouf et dann och soss Verbesserunge bei den elektresche Kapazitéiten?
Op jidder Fall... engersäits huet sech d’Autonomie ëm 175 Kilometer op maximal 678 erhéicht, anerersäits geet d’Lueden elo nach méi séier. Un enger 800 Volt-Gläichstroum-Borne si bis zu 320 kW méiglech, en plus luet den Taycan och elo méi laang mat héijer Vitess. An dat elo och méi onofhängeg vun der Temperatur, en nei Thermokonzept mécht dat méiglech.

Wéi fiert den neien Taycan sech?
Dorop war ech op d’mannst esou virwëtzeg wéis du, schliisslech hat ech beim Virgänger all statesch Presentatioune matgemaach, mee sinn den Auto selwer ni gefuer. An ech ka just soen: et ass impressionnant! Schonn déi “normal” Versioune bestieche mat enorme Fuerleeschtungen. D’Basisversioun huet 435 PS a sprint ënner 5 Sekonnen op 100.
Gräift een elo awer zu der neier Topversioun Turbo GT, da gëtt dat alles einfach emol verduebelt, respektiv hallwéiert. 1.108 PS an 1.340 Nm beandrocke schonn als Chifferen – op déi 4 Rieder vum Taycan lassgelooss, kënnt do näischt méi no. Zielt emol bis 2 – ma genee esou laang oder kuerz dauert et bis den Tacho 3-stelleg gëtt. Onbeschreiflech! Egal wéi eng wëll Achterbunn engem do an de Sënn kënnt, dat ass kale Kaffi. Wien awer elo seet, a jo, riichtaus fueren, dat ka jiddereen. Nee, nee, wat nach méi Androck gemaach huet, dat ass nieft der Ofstëmmung dat neit adaptiivt Fuerwierk Porsche Active Ride. An egal wéi enger Situatioun bleift den Taycan domat schnouerriicht a kritt säi relativ héicht Gewiicht extreem gutt kaschéiert.

Och de Grenzberäich réckelt an extrem héich Sphären, esouguer ee wëlle Rëtt iwwert d’Rennstreck vu Montebianco bei Sevilla huet den Taycan net aus der Rou bruecht. Enorm G-Kräften komme bei Beschleunegung a Bremsen am Asaz, den Tour iwwert de Circuit gläicht scho bal engem Computerspill, därmoosse perfekt meeschtert den Elektro-Porsche all Manöver. Kee Wonner, datt direkt zwee Rekorder, nämlech zu Laguna Seca an op der Nordschleife, opgestallt goufen.

Also nees e Superlativ an allen Domänen, den neien Taycan – wat seet dann de finanzielle Volet?
Do bleift et natierlech ee wäschechte Porsche. Ronn 100.000 kascht den Entréesticket, den neie Summum an der Elektromobilitéit läit bei 236.000 Euro – natierlech ouni Optiounen. Just d’Weissach-Paket kascht näischt a spuert esouguer 75 Kilo Gewiicht.
