Opel Grandland


















De Grandland kënnt elo a senger zweeter Generatioun a bleift an der Kategorie vun den SUV. Fir de Recht ass et e komplett neie Modell.
Fir eis war de Christian Schmit dobäi, wéi de Voile eng éischte Kéier gelëft gouf.
Mir waren dohin invitéiert wou d'Wéi vun Opel steet a Modeller vum Band lafen. Zu Rüsselsheim bei Frankfurt. Woubäi dat och elo net méi esou richteg ass, well Opel gehéiert jo zënter 2017 zum Stellantis Grupp an esou kommen och elo DS Modeller vun do.
A propos Stellantis, e Multi Marque Grupp. Wéi vill Fräiheeten huet een do eigentlech? Eng Fro, déi mir dem Christian Beck, Head of future products bei der Mark mam Blëtz gestallt hunn?
"Wir haben natürlich auf Basis der Plattform, die wir gemeinsam nutzen, totale Freiheit. Und man sieht das auch an den vielen Elementen an diesem Fahrzeug, dass das ein echter Opel ist. Von vorne bis hinten."
A wouru solle mir et erkennen?
"Die typischen Elemente, wie den Vizor in der Front, der hier mit einer komplett neuen Technolgie kommt. Komplett beleuchtet, inklusive Markenlogo. Ebenfalls haben wir hinten unseren Marken Schriftzug beleuchtet, und das ist etwas was es innerhalb der Stellantis Gruppe und vielleicht im Markt sogar eine Alleinstellung ist."
© Opel
Deen neie futuristesche Vizor Look, ganz am schwaarze gehalen, steet dem Grandland och ganz gutt. Trotzdeem kee Geheimnis, den 3008 bei Peugeot steet op där selwechter STLA Medium Platform. Dat huet de Virdeel, dass de Grandland och elo reng elektresch ugedriwwe ka bestallt ginn. Mat 73 kw/h oder 98 kw/h Stonn E-Power ass een dann ënnerwee. An der Theorie soll ee jo bis zu 700km domat bei perfekte Konditiounen kommen. Abbé, dat wëlle mir gären deemnächst testen.
Mee och di hybrid Versioune mat Verbrenner kommen. Zumindest elo mol um Ufank. Dat dierft da wuel den 1200er 3 Zylinder mat 136 PS sinn.
Hat di éischt Generatioun nach den X am Numm, esou fält deen elo emol ewech. Well beim offizielle Lancement an der zweeter Halschecht vum Joer keng 4X4 Versioun wäert ugebuede ginn. De Grandland, am Moment jo den Topmodell an der Gamme.
Di Avant Première vum Opel Grandland war eng statesch Presentatioun. Kucken, sech drasëtzen an alles upake jo, mee fueren leider nach net. Bequeem a gutt konturéiert Sëtzer sinn engem opgefall. Kruten och schonn erëm de Label AGR, Aktion Gesunder Rücken.
© Opel
Interessant ze gesinn, dass eng Partie Elementer vum Concept Car Experimental de Wee elo an d'Serie wäerte fannen.
Komplett verzicht gëtt op Lieder a Chrom. An och beim Plastik wëll een nohalteg sinn, an esou kënnt just dees recycléierten a Fro. Präislech war nach net vill gewuer ze ginn, mee et kann een dovun ausgoen dass eng 35.000 Euro sollte akalkuléiert ginn.
Houfreg ass een och op "Designed, engeneered, built in Germany". An dat awer net zu Rüsselsheim, mee am Opel Wierk zu Eisenach an Thüringen.
© Opel