• De PLUS

    • Verbrauch
    • richteg Handbrems
    • Fuerspaass
  • De MINUS

    • Steierrad relativ grouss
    • Gepiips vum Vitesse-Assistent
    • keng "Sport Editioun" fir Europa virgesinn

En ass kleng, bezuelbar, et ass zur Ofwiesslung mol keen SUV an e fiert nach mat Bensinn.

An dësem Automag stelle mer iech den neie Suzuki Swift vir. Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp war fir eis op der Präsentatioun mat dobäi.

Automag: Suzuki Swift

Kleng, bezuelbar an onverwiesselbar: mam Swift huet Suzuki zanter 40 Joer esou e Modell an der Gamme. Elo rullt déi mëttlerweil 7. Generatioun vum Band an déi ass net just technesch um aktuellsten Niveau, mee och optesch nach ëmmer op den éischte Bléck als Swift ze erkennen.

RTL

 

Optesch bleiwe mer no um Design, dee mam „Neo-Swift“ 2005 agefouert a bei all Generatiounswiessel (2011 an 2017) virun entwéckelt gouf. D’Motorhauw geet optesch an d‘Schëllerlinn iwwer, de schwaarz blénkege Killergrill an den hënneschte Stoussfänger zéien d’Blécker op sech, an zwou nei Lackéierungen (Frontier Blue Pearl Metallic a Cool Yellow Metallic) erweideren d’Faarfpalette.

Interieur
Och hei ass d’Zäit net stoe bliwwen. Fir déi néideg Portioun "Swiftness" – dovu war op der Virstellung méi wéi eemol rieds – suerge beim Amaturebried e Mix aus hellgroen an anthracite-faarwegen Elementer. Wat hei wéi zesummegewierfelt kléngt, gesäit iwwerraschend gutt aus.

RTL

D’Veraarbechtung ass gutt, d’Instrumenter a Knäppercher sinn op de Chauffer ausgeriicht an d’Ergonomie passt. Alles sëtzt do, wou een et sicht – dat ass haut keng Selbstverständlechkeet.  

Infotainment
De Swift ass 2024 ukoum, dat ka gutt sinn – muss et awer net. En 9 Zoll Touchscreen ass Serie, genee esou wéi Apple Carplay an Android Auto. Wat feelt, ass eng Oflag mat Wireless-Charging fir den Handy. Méi wéi komplett ass och d’Lëscht u serieméissegen Assistenten: Kollisiounswarner,, Ofstandstempomat, Doudege-Wénkel- a Spuerassistent an eng Verkéierszeechenerkennung si mat u Bord. Verzicht hätt ech am léifsten op dëse leschten: mat sengem permanente Gepiips an dem komplizéierte Wee fir en auszeschalten, huet en nawell Nerve kascht.

Op der Strooss

Fänke mer mam Undriff un: am Swift gëtt et en neien 1,2 Liter Dräizylinder Bensinner (Sauger, ouni Turbo) mat 82 Päerd, deen als 12-Volt Mildhybrid ausgefouert ass. Geschalt gëtt iwwert eng 5-Gang-manuell Boîte, eng CVT-Automatik an eng Allrad-Versioun sinn ugekënnegt.

RTL

Dat ass verstänneg, wat d'Zuelen awer net verroden, ass de Fuerspaass, fir deen de straffe Chassis, déi direkt Lenkung, déi gutt doséierbar Bremsen a säin niddregt Gewiicht vu knapp enger Tonn suergen. An obschonn ech mat Momenter schëtzeg ënnerwee war, louch mäi Verbrauch um Enn vum Test bei 4,6 Liter – exakt deem, wat Suzuki no WLTP errechent huet. Gënschteg ass awer net just säi Verbrauch, mee och de Präis: lass geet et aktuell bei 17.700 Euro.

RTL