• De PLUS

    • Ofstëmmung vum Fuerwierk
    • Bremsen ouni Rekuperatiouns-Gefill
    • Alldagstauglech Reechwäit
  • De MINUS

    • Präis

E Bestseller esou konzipéieren, dass en och als reng elektresche Modell weider bei de Fans beléift ass, deem Challenge huet Porsche sech gestallt.

E Méindeg nach mam Suzuki Swift ënnerwee, an haut mat engem SUV, bei deem de Sport groussgeschriwwe geet. An eisem Automag treffe Welten openeen. Bei mir ass den Akim Schmit aus der Automag Ekipp, an du bass um neie Porsche Macan schonn de Rodage gefuer.

Automag: Porsche Macan Electric

Respektiv déi éischt Batterie platt gefuer – den neie Macan gëtt et nëmmen nach mat elektreschem Undriff. Eng Annonce, déi bei Fans vun der Marke zum Deel op Onverständnis gestouss ass. Ëmmerhin ass de Macan zanter senger Aféierung virun 10 Joer ganzer 850.000 Mol gebaut ginn an domat e Bestseller. Ob déi zweet Generatioun och e Bestseller gëtt weess ech net, dofir awer wéi e sech fiert.

RTL

Design: Et ass e Porsche
Jo, an dat war wuel déi gréissten Erausfuerderung. Beim éischten Elektro-Porsche, dem Taycan, konnten d’Designer sech nach kreativ austoben. Beim Macan ass et drëms gaangen, e bestoende Modell an den elektreschen Zäitalter ze iwwersetzen. Kuerz Iwwerhäng, eng flaach Motorhauf, breet ausgestallte Radkëschten, dobäi Dieren ouni Fënsterrumm, grouss oder ganz grouss Rieder (20 bis 22 Zoll) an eng hënnescht Partie mat breede Schëlleren suerge fir en onverkennbare Porsche-Look.

RTL

Wéi gesäit et da bannendran aus? Raumschëff oder Marie-Astrid?
Ech tendéieren zum Raumschëff, awer manner komplizéiert. Wat mol direkt opfält, ass wéi vill Plaz am Macan ass a wéi bequeem d’Sëtzer sinn. De Säitenhalt ass gutt, d’Sëtzpositioun ass méi déif wéi bis elo (-28 mm) an d‘Beefräiheet ass gewuess.

RTL

De Cockpit selwer ass opgeraumt, clean an erënnert staark deem vum Taycan. Bei der Veraarbechtung muss ee Porsche näischt méi erklären, en Head Up Display mat Augmented Reality gëtt et och, an och soss ass de Macan a punkto Infotainment „state ofthe art“.

RTL

Wat steet da beim Undriff um Menü? Och „state of the art”?
De Macan gëtt et als „Macan 4“ mat Allradundriff an 387 Päerd (285 kW) Leeschtung (300kW/408PS am Overboost via Launch Control). Domat bass de a 5,2 Sekonnen op Tempo 100. Oder däi Portmonnie gëtt et hier an du decidéiers dech fir de Macan Turbo – eigentlech ouni Turbo awer mat Power ouni Enn: 584 PS(430 kW), respektiv 639 PS (470 kW) am Overboost, si méi wéis de brauche kanns. 1.130 Nm Dréimoment rappen de Makadamm a Fatze wann et si muss. 3,3 Sekonne gi bis Tempo 100 duer a réischt bei 260 km/h bleift d’Unzeig stoen.

Wéi fiert e sech?
Bon, séier si kënne se all. Den Ënnerscheed mech d’Ofstëmmung. De Macan fillt sech méi liicht u wéi en a Realitéit ass – beim dynamesche fuere léise sech déi ronn 2,5 Tonnen a Loft op. E léisst sech agill a präzis steieren, bleift och bei héije Vitesse gutt ze kontrolléieren a mécht Loscht op méi. D’Ofstëmmung ass heckbetount, d’Gewiicht mat 48 zu 52 Prozent bal optimal verdeelt an de Schwéierpunkt méi déif wéi beim Virgänger (-140 mm). Esou mécht elektresch fuere Spaass.

RTL

Highlight?
Beandrockt hu mech d’Bremsen, déi e gudden Drockpunkt hunn a präzis ze doséiere sinn. Hei gëtt gefillt net recuperéiert mee direkt richteg gebremst. Iwwerrascht war ech och vum Verbrauch: no sprëtzegen 100 Kilometer louch mäi Verbrauch am Macan Turbo bei 19,3 kWh – domat stiechen an der 100 kWh Batterie (95 kWh netto) an der Praxis eng 500 km.

De Macan 4 Electric start bei 83.000 Euro, fir den Turbo wiesselen op d'mannst 113.000 Euro de Besëtzer.

RTL