Mercedes-Benz E-Klass Kombi
-
De PLUS
- Plaz a Confort typesch Mercedes
- Verbrauch an Autonomie
- Verbessert Veraarbechtung
-
De MINUS
- Diergreffer heiansdo schwéier ze manipuléieren
- Assistent fir Verkéiersschelder kritt net alles mat
- Sproochsteierung iergendwéi méi schwéier vu Begrëff wéi bei anere Mercedes-Testween
Wiem eng C-Klass ze kleng an eng S-Klass ze grouss oder ze deier war, deen huet bei der E-Klass vu Mercedes-Benz meeschtens säi Gléck fonnt.
Net fir näischt ass d’Uewerklass mam Stär och schonn iwwer 75 Joer d’Symbol fir Confort a souveräänt Fueren, esou wéi den éiwege Favorit vun den Taxifuerer. Ob dat nach ëmmer op déi neist Baurei W214 zoutrëfft, a wat sech par Rapport zum Virgänger gedoen huet, dat seet eis elo de Paul Origer no sengem Laangzäittest.
Eng nei Baurei, also och ee komplett neien Auto?
Ma genee dat ass d’Fro, déi ech mer gestallt hunn. Ass déi nei E-Klass wierklech esou nei, dass et derwäert ass bei der Baurei d’Zuel ze wiesselen? Schliisslech ass deen Neie sengem Virgänger net nëmme vun de Moossen hir, mee och wat den Design ugeet, extrem änlech. Gutt, et ginn Ënnerscheeder. Déi nei Front z.B., wou besonnesch déi nei Pharen an deen elo optional beliichte grousse Grill an d’A stiechen, oder hannen d’Réckluuchten, déi mat décke roude Mercedes-Stären als Banneliewen opfalen.

Soss bleift d’Silhouette am Stil vum 213, krut awer nei versenkbar Diergrëffer a gouf e bësse méi op sportlech getrimmt. Alles an allem kéint een trotzdeem éischter vun engem grousse Facelift, oder fir an der Sprooch vu Mercedes ze bleiwen, enger zweeter "Modellpflege" schwätzen. Mee nee, den 214 steet op enger nei entwéckelter Verbrenner-Plattform, iwweregens der Leschter, ier nach just soll elektresch gefuer ginn.
An der Kombiversioun zielen natierlech virun allem déi bannescht Wäerter!
Richteg! Dat éischt wat beim Eraklammen awer opfält, dat sinn elo keng grouss Verbesserunge bei der Plazoffer, mee dee fonkelneien a relativ voluminéisen Tableau am Stil vum EQS. Hei nennt en sech MBUX-Superscreen a vereent e grousse Schierm an der Mëtt an ee méi klenge vum Bäifuerer ënnert enger grousser Glasscheif. Gesäit spaceg aus, ob een dat elo muss hunn ass eng aner Fro. Bedénge kann een dat alles awer ouni Problem, d’Sproochsteierung hat allerdéngs e puer Problemer mech ze verstoen. An déi vill Fangerofdréck, déi sech no enger Woch ugesammelt haten, waren och net grad sexy.

Verbessert huet sech d’Qualitéit vun der Veraarbechtung; d’Matière si méi robust a méi déck, hei an do kënnt méi Teppech a Filz an den Asaz an et gëtt manner Gekréckels. A fir op d’Thema ze kommen: u Plaz feelt et sécher net. Vill gewuess ass den E-iwweregens och net, just 1 Zentimeter an der Längt, dofir awer 3 Zentimeter an der Breet. Kapp a Beefräiheet si perfekt, d’Sëtzer awer e gutt Stéck méi straff.

Wat awer net negativ opfält. Fir de Kombi schwätzt natierlech d’Mall, déi sech mat 615 bis 1.830 Liter Volume zwar bretze kann, am Verglach mam 213 awer huet misse 25 Liter dem Wandkanal afferen.

Zanter 75 Joer e Symbol fir Fuerkonfort – do wäert déi nei E-Klass awer och net lappen?
Definitiv net, dofir gouf scho gesuergt. Generell sinn dofir och scho vill agreabel Saachen u Bord, och wann ee se deier bezuele muss. Loftfiederung zum Beispill, déi trotz 20-Zoll-Rieder douce ofrullt an zum Gléck bei schlechte Stroossen a Kéiere manner versetzt a poltert wéi beim ale Modell.
E grousse Gewënn an aus der S-Klass bekannt sinn déi wierklech performant Digital-Light-Pharen. Awer och soss gefält beim Fueren déi enorm Rou, an déi fir mäi Goût gelongen Ambiance vum Banneraum. Ënnert dem Capot hate mer, o Wonner, een Diesel! An als E 220 d mat 197 PS mol net deen Décksten. A wat stelle mer fest: dee Motor passt! Gutt gedämmt a bal net ze héieren, mat 440 Nm genuch Dréimoment fir virunzekommen a mat der exzellenter a viier 9-G-Tronic un eng optimal Boîte gekoppelt.

A richteg Freed kënnt beim Tanken op: eng 5 virum Komma ass ze maachen, dee Moment sinn iwwer 1200 km Autonomie keen eidelt Verspriechen an den Aller-Retour op München ouni Zwangspaus duerchaus dran. Semi-autonom Fuere kann den E och nach ëmmer an dat gutt, just beim Liese vun de Vitesse-Schëlder gouf et dacks desagreabel Iwwerraschungen.
Gëtt et bei de Finanzen och desagreabel?
Bon, et erwaart sech elo sécher keen ee Schnäppchen. Fir eng E-Klass si minimum ronn 60.000 Euro fir d’Limousine an 62.000 fir de Kombi fälleg, eisen Testauto E 220 d T-Modell huet quasi voll equipéiert un den 100.000 gekraazt. Vill Suen, mee wien de Prestige vun der S-Klass net muss hunn, dee kritt mat der E-Klass quasi de selwechte Luxus zum Spezial-Tarif.
