• De PLUS

    • Design a Veraarbechtung
    • Reesconfort a Plazverhältnisser
    • Verbrauch vum PlugIn Hybrid
    • 5 Stären am Euro NCAP Crashtest
  • De MINUS

    • Gefaach fir Luedkabel / Accès
    • Fake Loftausläss um Capot

An dësem Automag kucke mer eis e brittesche Luxus-SUV un, deen de Begrëff "Sport" mat a sengem Numm dréit.

Ob deen do och eng Daseinsberechtegung huet, huet den Andy Brücker am Test erausfonnt.

Automag: Range Rover Sport

Ech muss zouginn, mir sinn e bësse spéit u mat dësem Test... ma besser spéit wéi ni. Rieds ass vum Range Rover Sport. Déi 3. Generatioun koum Enn 2022 op de Marché. Op de Sport-Emblème komme mer méi spéit ze schwätzen, fir unzefänke kucke mer eis den Auto mol méi genee un.

Et heescht jo ëmmer, iwwer de Goût a Faarwe léisst sech net streiden. Beim Range Rover Sport muss ech soen, ech hu wéineg Leit begéint, déi net gesot hätten, dass e schéin ass. Egal aus wéi engem Wénkel een drop kuckt, e wierkt scho bal wéi wann en aus engem Stéck Metall erausgefrääst gi wier. D’Iwwergäng sinn extrem fléissend an elegant an et gouf vill Wäert op Detailer gesat. D’Grëffer verschwannen an den Dieren... bei de Fënstere gesäit ee keng Dichtung... d’Luuchten, Capot, Parechoc a Kühlergrill kéinten och een eenzegt Baudeel sinn. Erausstieche mécht scho bal just den Heckspoiler, dee fir en SUV éischter grouss ausfält, an de sportlechen Touch ënnersträiche soll.

RTL

Baussen also e Pleséier fir d’Aen... geet et am Banneraum dann och esou weider?

Den Interieur ass zimmlech opgeraumt, a bei der Veraarbechtungsqualitéit beweege mer eis och an de bessere Regiounen. Déi behëtzten oder gekillte Sëtzer si bequeem, och op laange Strecken, wat nach ënnermauert gëtt duerch e sëllege Massage-Méiglechkeeten, déi een am hekteschen Alldag entspane loossen. Eisen Testauto war ee «First Edition» an hat z.B. vill Elementer mat schwaarzer blénkeger Uewerfläch. Do muss ee reegelméisseg mam Microfaser-Duch driwwer goen, soss gesäit et ganz séier ongefleegt aus, duerch déi vill Fangerofdréck a Stëbs.

RTL

Och op den hënneschte Plaze gëtt ee verwinnt mat gehëtzten oder gekillte Sëtzer, an z.B. mam Entertainment-System, wou ee viru sech en 11,4 Zoll groussen Ecran huet, grad ewéi separat Kopfhörer, fir z.B. e Film ze kucken. Déi Ecranen hunn allerdéngs gehënnert, wéi ech déi hënnescht Sëtzer elektresch wollt ëmleeën, fir d’Mall méi grouss ze maachen.

RTL

Déi sinn nämlech mat de Kappstütze widder gestouss an hu sech dorun net stéiere gelooss. Am Infotainment-Menü kann een awer astellen, dass déi viischt Sëtzer no vir fueren, wann een déi hënnescht ëmklappe wëll, fir dass dat net geschitt. Onbedéngt maachen, well soss kann et deier ginn.

Du hues d’Mall ugeschwat... wéi vill kritt een dann do ënner?

Am Normalfall sinn et ronn 650 Liter, mat ëmgeklappte Sëtzer a vollgepak bis ënnert de Panoramadaach sinn et bal 1.500 Liter. Do kritt een also sou munches ënner. Praktesch ass heibäi déi riicht Luedkant, déi een dank Loftfiederung och bequeem hannen aus der Mall an der Héicht astelle kann. Via Knäppche fiert den Auto wéi vu Geeschterhand erop oder erof.

Mir haten d’Plugin-Versioun vum Range Rover Sport, deemno huet een ëmmer e Kabel dobäi, deen dann an der Mall ronderëm läit. Heivir huet een awer och e Gefaach ënnert dem Mallebuedem. Fir déi Klapp opzekréien, brauch een awer béid Hänn, fir dass se sech net verkannt, wat nees onpraktesch ass, wann een an enger Hand de Kabel am Grapp huet.

RTL

Komme mer dann elo awer mol op seng Performancen op der Strooss. Wéi huet de bal 5 Meter laangen an iwwer 2 Meter breede Range Rover Sport do ofgeliwwert?

Du hues d’Gréisst ugeschwat... also domadder ass ee schonn zimmlech «Chef-méisseg» ënnerwee. Ech versti wisou sou vill Leit op de Range Rover schwieren, fir laang Strecke bequeem ze meeschteren. Och am Stadverkéier schléit e sech gutt, dat och dank Allradlenkung, wouduerch een e ganz klenge Wendekreess fir sou e groussen Auto huet.

Ugedriwwe gouf eise PlugIn-Hybrid Testauto vun engem 3 Liter Reiesechszylinder aus dem Haus BMW, mat enger 8-Gang Automatikboîte, als Allrad gekoppelt un en Elektromotor. Hei komme 510 PS Leeschtung zesummen, grad ewéi 700 Nm Dréimoment.

RTL

Dat ass eng zimmlech perfekt Kombinatioun aus vill Leeschtung, déi awer och spuersam ka beweegt ginn. Reng elektresch soll ee laut WLTP 110km wäit kommen. Do war ech mat menge 96km net wäit ewech an hätt sécherlech nach Sputt gehat. Mam Besinnsmotor sinn ech och ronn 600km wäit komm, woumat een eigentlech eng super Kombinatioun aus Elektro-Autonomie a Verbrenner huet... spuersam duerch d’Stad oder bis op d’Schaff, a mat Schmackes iwwert d’Autobunn a Richtung verlängerte Weekend!

Wann ee reegelméisseg den Akku opluet an den Hybrid richteg notzt, soll e Verbrauch vun ënner 1 Liter op 100 km méiglech sinn. Dat ass a mengen Aen duerchaus realistesch.

RTL

De Sprint vun 0 op 100 ass mat 5,4 Sekonnen uginn a Schluss ass bei 242 km/h. Dat si schonn zimmlech sportlech Wäerter a sécherlech kann een dem Auto eng gewësse Sportlechkeet net ofschwätzen... et ass allerdéngs e schwéiere Sportler mat iwwer 2,8 Tonnen, an en zimmlech groussen. Wann een eng Sportaart, respektiv en Typ vu Sportler misst als Ënnertitel drënner setzen, géif ech soen éischter Rugby-Spiller wéi Dressurreider.

RTL

Wann ee mam Range Rover Sport och alt emol am Terrain ënnerwee ass, huet een duerch clever Allradtechnik mat Spären, grad ewéi masseg Buedemfräiheet och méi Méiglechkeeten a Reserven, wéi déi meescht dem Auto jee zoumudde wäerten. Sollt een dat méi dacks maachen, géif ech awer roden net op d’23 Zoll Felgen zeréckzegräifen, déi mir montéiert haten. Dat gesäit zwar super aus, ma am Terrain géif ech éischter 1 bis 2 Nummere méi kleng wielen.

RTL

Déi ganz gutt 3D-Kamera hëlleft engem net just beim Parken nieft engem Trottoir, ma och am Terrain, well ee souguer gesäit, wat ënnert dem Auto lass ass, an een esou geféierlech Obstakelen evitéiere kann.

Sou vill Design, Luxus an Technik huet och säi Präis. Wat muss een dann op den Dësch bliederen fir Range Rover Sport kënnen ze fueren?

Lass geet et bei ronn 90.000 Euro fir den 250PS Diesel MildHybrid. Eisen Testauto mat 510PS als Bensinner PlugIn-Hybrid koum als First Edition op bal 156.000 Euro. Dee kann ee sou net méi bestellen, ma an der 550PS-Versioun geet et u bei knapp iwwer 140.000 Euro, virun Optiounen. Ween nach méi Leeschtung a Sportlechkeet wëll, fir dee gëtt et nach den SV-Modell mat engem 4.4 Liter V8 Biturbo a 635 PS, wou awer nach kee Präisschëld drop steet.

RTL