Vill Plaz, vill Equipement an dat alles fir ee faire Präis - den Erfolleg vum Skoda Superb ass net onbegrënnt.

Elo start déi 4. Generatioun an de Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Lissabon mat derbäi.

Automag: Skoda Superb

Et ass eng Erfollegsgeschicht

Absolut, vu Generatioun zu Generatioun goung de Succès ëmmer virun erop, eleng vum drëtte Superb goufen 866.000 Stéck verkaf. Ongeschloen, an dat besonnesch vun der Nummer zwee un, war ëmmer déi enorm Plazoffer am Fond – hei konnt een d’Bee strecke wéi soss an der Luxusklass.

An déi neist Generatioun wäert déi positiv Säite vum Virgänger sécher viruféieren?

Natierlech – de Superb Nummer 4 presentéiert sech schonn emol direkt an engem ganz gefällegen Design an och erëm als typesche Skoda. Ugefaange beim grousse chroméierte Grill, de schmuele Phare mat topmoderner LED-Matrix-Technik oder der spezieller Luuchtegrafik hannen. Dozou gehéiert och nees déi breet Fal um Capot esouwéi e puer schaarf Kanten fir deem, mat elo 4 cm méi, relativ laangen Auto e Schoss Sportlechkeet ze ginn.

RTL

Wat bei der neister Generatioun awer virun allem geännert huet, dat ass de Fait, datt de Skoda op emol net méi deen eenzegen ass. War virdrun de VW Passat plazméisseg nach ëmmer op Distanz, esou si béid Autoen elo quasi identesch. Kee Wonner: alle béid goufen zesummen entwéckelt a ginn zesummen zu Bratislava gebaut. Déi tschechesch Autosmark léisst dat awer net op sech sëtzen a wëll sech vum däitschen Zwillingsbrudder ofhiewen.

An dat geléngt?

Menger Meenung no schonn. Beispill Banneraum, wou Skoda an déi méi gefälleg Richtung geet an z.B. am Tableau de Kühlergrill nees opliewe léisst. Déi geradderegt Sträif gefält zwar net jidderengem, mee hieft de Superb awer agreabel of.

RTL

Mee, trei no hirem Motto “Simply Clever” sinn et déi pfiffeg Iddien, déi en interessant maachen. Wéi z.B. d’Reegler fir d’Heizung, am Superb heeschen déi smart dials a sinn nach richteg Knäpp fir ze dréinen a keng Touch-Slider. Oder dat enormt Mëttelfaach, de Botzwürfel fir de Schierm, eng verstellbar hënnescht Armleen oder eng motoriséiert Mallenofdeckung. Net feelen dierf och de Präbbeli an der Chauffersdier, den Äiskrazer am Tankdeckel oder zeg aner Iddien fir z. B. déi op enorm 690 Liter gewuesse Mall ze organiséieren.

RTL

Natierlech profitéiert de Superb soss vun de ganzen Innovatiounen, déi mer och am Passat virgestallt kruten; sief et den neisten Infotainment mat Sproochassistenz oder déi exzellent Ergo-Sëtzer mat Massagefunktioun.

RTL

Motoren a Fuerwierk elo och um neiste Stand

Bensinner an Diesel gi weider ugebueden, mat oder ouni Mildhybrid. Se kommen all d’office mat Automatik, wou de Wielhiewel elo elektronesch gesteiert gëtt an un d’Steierkolonn wandert. Den Highlight ass och hei, wéi beim Passat, de Plugin-Hybrid mat 204 PS Systemleeschtung. Seng vergréissert Batterie mécht elo 100 reng elektresch Kilometer méiglech, geluede gëtt mat maximal 50 kW - esou verginn am beschte Fall 25 Minutte fir vun 10 op 80 % ze lueden. An déi Koppel aus E-Maschinn a 1500er TSI 4-Zylinder passt gutt zum immens bequeemen a rouege Kombi.

RTL

D’Zesummespill tëscht Elektro a Bensinner geschitt komplett diskret, d’DSG-Boîte begleet dat ganzt mat douce Gangwiessel. Op der anerer Säit rënnt dat neit DCC-Plus-Fuerwierk dat ganzt Bild vun engem perfekte Laangstreckecruiser of. Gefiedert gëtt zwar straff, mee net iwwerdriwwe sportlech.

Dat kléngt no villen Argumenter fir den neie Superb, en huet also seng Atouten all behalen?

Absolut, a virun allem dat wichtegst Argument fir de Superb: säi Präis! Bei 41.890 Euro start de groussen Tschech als Kombi, dat ass ee Virdeel vu bal 7.000 Euro zum Zwillingsbrudder aus dem Haus VW. A wierklech Ënnerscheeder ginn et keng, weder bei der Qualitéit nach bei der Technik. Eenzeg an eleng den Image schéint déi Differenz ze maachen. Ass engem dat egal, da mécht een hei sécher ee gudde Choix.

RTL