Peugeot E-3008
-
De PLUS
- Flotten Design
- Korrekt Verbrauch
- Gutt Präisleeschtung
-
De MINUS
- Stramm gefierdert
- Bësse méi PS géifen dem Auto guttdoen
Zanter 15 Joer gëtt et den 3008 an der Gamme vu Peugeot. Mëttlerweil ass de Kompakt-SUV a senger drëtter Generatioun ukomm.
Am Automag vun haut gëtt dee Modell ënnert d'Lupp geholl, an dat zesumme mam Rich Simon.
Gesäit een, dass den 3008 an der 3. Generatioun ukomm ass?
Déi Fro ass kloer mat 2 Mol Jo ze beäntwerten. D'Erklärung liwweren ech direkt mat. Engersäits huet den 3008 am Design ee gewaltege Sprong gemaach an anersäits kann een elo komplett elektresch mam 3008 ënnerwee sinn.
Peugeot huet sech als Zil gesat, fir bis 2030 zu 100 Prozent an Europa elektresch ze verkafen.
A wa mir elo hei iwwer Elektro schwätzen, da kann een d'Batterie direkt ënnert d'Lupp huelen. Den Testauto, deen ech hat, hat een Akku vun 73kWh mat 210 PS. Laut Peugeot huet déi Batterie eng Autonomie vu 525 Kilometer. Am Test louch de Verbrach bei eppes iwwer 18 kWh. Wann ee bësse ekonomesch mam E-3008 ënnerwee ass sinn effektiv eng 450 Kilometer méiglech. Dat ass ganz ok. Mat bis zu 160 kW Gläichstroum kann den Akku vun 20 op 80 Prozent an 30 Minutte geluede ginn. Mat Wiesselstroum gëtt mat de gewinnten 11 kW gelueden.

Dat nächste Joer sollen nach zwou Versiounen dobäi kommen: Eng Kéier ee sougenannten Long Range, mat 230 Päerd an enger 98 kWh Batterie, an dann och nach eng 4-Rad-ugedriwwe Versioun, mat 320 Päerd.
Design
Den Design ass wierklech flott ginn. Bei der Testfaart, an den domadder verbonne Fotoshootings, gouf ech dacks op den Auto ugeschwat. De Leit huet d'Maschinn gefall. Schonns d'Virgänger Modeller hu sech ëmmer e bësse vun deenen aneren SUVs ënnerscheet. Och wann een d'Rad net nei erfanne kann. Déi 3 Krallen, ee Symbol wat op de Peugeot Léiw soll hindeiten, déi ënnert de viischte Luuchte placéierte goufen, an déi een och schonns vum 2008 kennt, loossen den 3008 méi aggressiv wierken a virun allem och méi sportlech.

Den Daach an d'Mall lafen hanne vill méi flaach aus, wéi dat bis elo de Fall war. Dat fält awer net zu Laaschte vun der Kappfräiheet. Déi ass nach ëmmer do. Mat der Beefräiheet ass et hannen am Auto ok, ouni datt ee kann dovunner schwätzen, datt een der masseg huet. Masseg kleng ass d'Steierrad. A mengen Aen ze kleng fir esou een Auto, dobäi wierkt och alles e bëssen openee gedruddelt.

Dobäi kennt, datt dat Steierrad och nach immens déck ass. Wanns de keng laang Pianosfanger hues, stéiert dat.
Soss ass vir am Cockpit alles anstänneg placéiert an um Display, vun iwwer 53 Zentimeter, ass och alles uerdentlech arrangéiert a gutt liesbar. D'Mall ass mat 520 respektiv 1480 Liter ok. Sans plus.

Op der Strooss
210 Päerd bei engem Gewiicht vun 2.183 Kilo, do brauch ee sech näischt virzemaachen. Et ass keng Rennmaschinn. Den Auto gesäit definitiv méi séier aus wéi hien an der Realitéit ass. 8,8 Sekonne brauch ee fir vun 0 op 100 ze sinn.
D'Spëtzevitesse läit bei 170 Kilometer. Den Auto ass relativ stramm gefiedert a wann een dann och nach 20 Zoll Felgen drop huet, da spiert ee schonns dat een oder anert Lach an der Strooss. Dat globaalt Fuerverhalen ass awer gutt. A wann ee sech bis mat de Réckgewënnung vun der Energie, wou 3 Modussen zu Verfügung stinn, vertraut gemaach huet, kann ee mat de Bremsen ganz dezent spillen.

Fazit
Optesch ass de Peugeot E-3008 wierklech ee schéinen SUV. Et ass net vill Revolutionäres um Auto, mee et ass och net vill Negatives driwwer ze soen. Beim Präis kënnen d'Fransouse punkten. Lass geet et bei der elektrescher Versioun vum 3008 bei 47.186 Euro.
Duerfir kritt een ee richteg flotten Auto, deem awer wuel bësse méi Power géif guttdoen. Déi Power soll jo awer dat nächste Joer kommen. Wann een nach net vollkommen op elektresch wëll ëmsteigen... et gëtt och nach eng Hybrid-Versioun, an déi kritt ee schonns fir 37.807 Euro.
