Opel bréngt den Numm "Frontera" nees an d'Spill. Den neie Modell soll de Crossland ersetzen, woumat e sech tëscht Mokka a Grandland positionéiert.

D'Mark mam Blëtz am Logo, Opel feiert 2024 125 Joer, an erfreet sech am Moment grousser Beléiftheet. A fir dass dat och esou bleift, komme permanent nei Modeller an de Showroom. Elo ass et da geschwënn um Frontera. Wéi e Profil dee wuel huet a genee positionnéiert soll ginn? Alles dat gouf de Christian Schmit op enger Avant-Première zu Rüsselsheim gewuer.

Automag: Opel Frontera

Parallel zum Modell Grandland, dee mir op dëser Plaz Enn Abrëll kennegeléiert hunn, hat Opel och säi neie Frontera an d'Scheinwerferliicht geréckelt. Opel hat schonn eng Kéier e Modell Frontera am Programm. Dat war ugangs de 1990er Joren, deemools an Zesummenaarbecht mat Isuzu. E richtegen 4X4 duerch an duerch, zu enger Zäit, wéi dat mat dem SUV, Sport Utility Vehicle nach guer net "à la mode" war. Deen ale Frontera huet net jiddereen a gudder Erënnerung. Den Numm géif ideal zu deem neie Modell passen, esou de Christian Beck, Head of future products bei Opel, an dowéinst dann elo d'Renaissance.

Antëscht gehéiert Opel jo och zu der grousser Famill vum Stellantis Grupp, an do soll de Frontera am ënneschten SUV-Beräich punkten, an de Modell Crossland ersetzen.

Effektiv geet et do a punkto Design a Styling an eng ganz aner Richtung. Wiem de Mokka ze kleng, de Grandland eng Nummer ze grouss ass, fir dee soll de Frontera mat senge 4m30 da passen. An dat fir Alldag a Fräizäitaktivitéiten.

RTL

© Opel

E steet op der Konzern-eegener CMP, Common Modular Platform, an domat ass de Wee fräi, fir dësen dann och als E-Auto ze lancéieren. Et huet ee sech nach e bëssche bedeckt gehalen, wéi eng Batterie-Motor-Kombinatioun ënnert der Karosserie lant, mee et dierft awer mat gréisster Warscheinlechkeet déi mat 50 kw/h sinn, deemno 136 Päerd Leeschtung.

Well et jo awer nach vill Länner ginn, wou dat mat der Infrastruktur fir den Elektroauto nach net esou klappt, bleift de Bensinner als Mild-Hybrid och mat an der Offer. Hei geet e Grëff an d'Stellantis-Motoreregal duer, an et dierft e sech fir den 1.2 Turbo decidéieren.

Mir konnte scho Plaz huelen, a bannenan ass et de Pure Panel, deen een och aus engem Opel Astra kënnt. Steet fir Detox bei de Knäppercher a soberen puristeschen Design. Ervirzehiewen, dass Wäert op Nohaltegkeet geluecht gëtt. Upcycling ass Thema, Lieder a Chrom Applikatiounen tabu.

RTL

© Opel

Mam Frontera ënnersträicht Opel säin Engagement, modern an emissiounsfräi Autoen enger méi breeder Clièntele zougänglech ze maachen. De Frontera kombinéiert eng robust Interpretatioun a punkto Designphilosophie mat den neisten Technologien am Beräich vun der Elektromobilitéit.

Trotz robuster Form a senger Boxy-Designlinn muss op eng 4X4 Traktioun verzicht ginn. Traktioun op all Rieder bleift just der Mark Jeep am Stellantis-Grupp virbehalen.

An der zweeter Hallschent vum Joer kënnt de Frontera an de Showroom. Iwwer Präisser war nach näischt gewuer ze ginn. Eng aner Interpretatioun vun deem klengen SUV mat eegestännegen Elementer dierft dann och zäitno bei Citroën stoen, als neien C3 Aircross. Allebéid Marke gehéiere jo zu der grousser Stellantis-Famill.

RTL

© Opel