Am Kader vun der World Endurance Championship (WEC) zu Francorchamps, stoung déi 65 Joer al Brittin de Belschen a Lëtzebuerger Journaliste Ried an Äntwert.

De Rich Simon hat d'Linda Jackson, CEO vu Peugeot, fir den RTL-Automag am Interview.

Zanter 2022 ass Peugeot an der WEC mat dobäi. Bis elo stoung d‘Mark awer réischt eng Kéier um Podium (6 Stonne vu Monza 2023). Hat Dir Iech virgestallt, datt et esou schwéier wier, fir Fouss bei den Hypercar ze faassen?

Virun 2 Joer ware just 4 Marken, an der WEC vertrueden. Elo 2024 ass d'Konkurrenz vill méi grouss ginn. Ënnert anerem si Porsche, oder och nach Ferrari, dobäi komm. Ech muss soen, datt ech dat begréissen. Et ass ëmmer gutt, staark Konkurrenz ze hunn. Mee et ass awer wouer, datt mir eis aner Resultater virgestallt hunn. Dir wësst, datt mir vun 2022 an 2023 an och nach déi éischte Course dëst Joer am Katar, als eenzeg Ecurie, ouni hënneschte Spoiler gefuer sinn. Dat hu mir elo zanter der Course zu Imola geännert. Mir hoffen, datt dat elo seng Friichten dréit.

De Peugeot 9X8 hat zu Imola eng éischte Kéier och en Heckfligel / © Jeannot Boesen

Wat sinn dann kuerz- respektiv mëttelfristeg Är Ziler an der WEC?

Mir géifen natierlech gären um Podium stoen. Am beschte ganz uewen. Als franséisch Mark, déi mir sinn, ass et natierlech een Dram, fir eng Kéier bei de 24 Stonne vu  Le Mans ze gewannen.

RTL

© Jeannot Boesen

Wat fir een Impakt, op d’Vente vu Peugeot-Autoen, huet d’Participatioun an der WEC?

Dat ass ëmmer schwéier ze soen. Wann ech awer d’Beispill huelen, wou dat leschte Joer den 100. Gebuertsdag vun de 24 Stonne vu Le Mans war, do hate mir ee Pic op de soziale Medien. Parallel hate mir awer och ee Pic deen Ament an der Vente a Frankräich. Ass dat Zoufall? Ech mengen net. Et ass awer schwéier ze soen, datt een X Prozent méi verkeeft, well een an de Sport investéiert. Mee et gëtt awer doudsécher ee Lien.

Mee justifizéiert den Invest an d’WEC, de Pic deen dir an der Vente erreecht?

Ganz kloer Jo. De sougenannten “Return of Invest” stëmmt.

RTL

© Romain Scheffen

Wann een d'Marke kuckt, déi an der WEC vertruede sinn, stellt ee fest, datt ausser Peugeot alleguerten déi aner Marken och sougenannte Sportsmaschinnen an hirer Gamme hunn. Firwat ass dat bei Peugeot net de Fall?

Jo dat stëmmt effektiv. Dir wësst, datt d'Zukunft an der Automobilbranche elektresch ass. Dozou goufe mir praktesch gezwongen. Bei Peugeot hu mir decidéiert, datt mir de Fokus op Elektro setzen. Ech selwer si begeeschtert vu Cabrio-Autoen. Mee bei Peugeot ass dat elo net prioritär. Mir setzen alles op elektresch. Awer net nëmme bei Peugeot eleng. Mir sinn eng vu 14 Marke vum Grupp Stellantis, dee 40 Milliarden Euro an d'Entwécklung vum elektresche Fuere stécht. Dofir soen ech nach eng Kéier, datt d'Prioritéit bei Peugeot den Ament um Elektresche läit, an datt den Ament och net un eng Sportsmaschinn geduecht gëtt.

Dir hutt elo de Grupp Stellatis ugeschwat. Wéi gesäit Är Zesummenaarbecht mam CEO vu Stellantis, Carlos Tavares, aus?

De Carlos (sic Linda Jackson) huet als CEO vu Stellantis, 14 Marken ënnert sech. Hie kann net an den Detail vun all Mark goen. Ech si CEO vun Peugeot. Dat heescht, ech si Responsabel fir Marketing, Präisser a.s.w..

Natierlech hunn ech ee reegelméissegen Austausch mam Carlos (sic Linda Jackson). Dir wësst, datt hien den Automobilsport immens interesséiert. Dofir ass et och kloer, datt mir doriwwer schwätzen.

Kenn Dir Iech virstellen, datt nach eng aner Mark vum Stellantis Grupp, an d'WEC kéint era klammen?

Nee, dat kann ech mir net virstellen. Bei Stellantis ass kloer, datt just eng Mark un enger Rennserie deelhëlt. Et kann awer duerchaus sinn, datt eng Mark zum Beispill an de Rallyesport era klëmmt. Beim Rallye ass et awer bësse komplizéiert, well kee Lien zum Elektresche besteet. Obwuel Lancia (och eng Mark vum Stellantis Grupp) eng grouss Rallyegeschicht huet. Mee et ass kloer; 1 Mark vu Stellantis an enger Klass vum Automobilsport.

Do gëtt et also keng Konkurrenz, bannent dem Stellatis Grupp. Mee wéi ass grondsätzlech de Konkurrenzkampf, tëscht de Marken vum Stellantis Grupp?

Ganz éierlech. Deen ass net direkt do. Wou mir, de Stellantis Grupp, Opel kaaft hunn, ass et net drëm gaangen, datt Peugeot Opel klappt. All Mark huet seng Clienten. An dat ass d’Stäerkt vum Stellantis Grupp.

Villmools Merci fir d'Gespréich

RTL

© Romain Scheffen