• De PLUS

    • Robuste Charakter
    • vill Plaz
    • Choix u Motorisatiounen
  • De MINUS

    • klenge Bensinner ze schwaach
    • vill haarde Plastik
    • Präis

Wat d'SUV-Gamme ugeet, ass Mercedes richteg gutt opgestallt a bitt quasi fir all Client déi passend Léisung. Elo krut de GLB e Facelift verpasst.

Am Automag vun haut steet mam Mercedes-Benz GLB en éischter kompakten SUV am Mëttelpunkt. Ob de 7-Sëtzer als Familljenauto iwwerzeege kann, huet den Akim Schmit aus der Automag Ekipp probéiert erauszefannen.

Automag: Mercedes-Benz GLB Facelift

Et ass nach ëmmer keen Enn vum SUV-Boom ze erkennen – gutt fir Hiersteller, déi mat hirer Gamme praktesch an all Segment vertruede sinn. Mam GLB fëllt Mercedes d’Lach tëscht dem GLA an dem Mëttelklass-SUV GLC. A genee dësen Tëschemodell krut elo e Facelift spendéiert.

RTL

Bei engem Facelift denkt een an éischter Linn u kosmetesch Korrekturen. An déi gëtt et och beim GLB, woubäi déi dezent ausfalen. De Modell behält säi robusten offroad Charakter a krut eng nei Front an nei Luuchte spendéiert. Bannendra gouf et en Update – oder Downgrade: den Touchpad vum Infotainment ass elo Geschicht, genee esou wéi verschidde Knäppercher fir d‘Haaptfunktiounen am Infotainment auszewielen. Et muss een also méi um Ecran spillen, wat iwwert dem fueren oflenkt. Et muss ee wëssen, den Ecran ass relativ kleng a wäit ewech. A wéi wann dat net genuch wier, ass och d‘Steierrad iwwerschafft a mat Touch-Knäppercher iwwerluede ginn. Ech hu mech am Test méi wéi eemol gewonnert wisou den Infotainment plëtzlech en Eegeliewen entwéckelt huet.

RTL

Wat sinn dann dem GLB seng Stäerkten?
Definitiv de prakteschen Notzen. De GLB huet e Radstand vun 2,82m, wat fir vill Plaz am Banneraum suergt. Erwuessener hunn net just an der éischter Rei, mee och op der Réckbänk gutt Plaz. Déi léisst sech iwwregens op Schinnen e puer Zentimeter (14 cm) réckelen. D’Mall ass grouss a verstoppt op Wonsch nach zwee zousätzlech Sëtzer. Esou léisst sech de GLB op kuerze Strecken als 7-Sëtzer notzen.

RTL

Fir Famillje mat Kanner, wou Kolleegen no der Schoul oder nom Sport mat Heem fuere wëllen nawell richteg praktesch. Awer och wann d’Kanner nach méi kleng sinn, ass de GLB eng Iwwerleeung wäert: als 7-Sëtzer sinn am ganze 4 Plaze mat Isofix equipéiert.

RTL

D’Kanner dierfte sech also séier wuelfillen. Wéi steet et da mat den Elteren, ginn déi och verwinnt? Stéchwuert Undriff.
Am Géigesaz zu Elektromodeller gëtt et an dësem nach richteg vill Choix. Et gëtt dräi Diesel (116 bis 190 PS) a fënnef Bensinner mat 136 bis 306 PS. Do dierft fir all Goût eppes dobäi sinn. Den Testauto war als GLB 180 mam schwächste Bensinner equipéiert – a fir et kuerz ze maachen: dat geet fir en Auto an dëser Gréisst net duer.

RTL

Den 1.300er kënnt als Mild Hybrid zwar op eng Leeschtung vun 150 Päerd (136 PS vum Verbrenner a 14 vum Elektromotor), allerdéngs sinn dës permanent um Wudderen. Esou huet d‘7-Gang Automatik vill ze schalten, ouni dass ee wierklech besser aus de Féiss kënnt. De Sprint op Tempo 100 dauert  iwwer 10 Sekonnen – et ass also keen Auto, fir presséiert ze sinn. A sou wierklech spuersam ass en och net: 7,4 Liter stoungen um Enn vu mengem Test um Bordcomputer.

Apropos spuersam – wat kascht dann esou e GLB?
De GLB 180 „AMG Line“ dee mir am Test haten steet mat 48.000 Euro an der Präislëscht. An dat virun Optiounen.

RTL