Volvo EX30
-
De PLUS
- kompakt an handlech Moossen
- gutt Fuerleeschtungen
- vill Stauraum
-
De MINUS
- wéineg Plaz op der Réckbänk an an der Mall
- nerveg Assistenzsystemer
- alles muss iwwert de grousse Schierm gesteiert ginn
- Keyless Entry just fir de Chauffer
Bei der statescher Presentatioun vum EX30 ware mer jo schonn dobäi, elo kucke mer mol wéi den Elektro-Volvo sech am Alldag beweise kann.
Seng éischt Schrëtt mat engem reng elektreschen Auto huet Volvo jo schonn hannert sech, virun 3 Joer hate mer mam XC40 Recharge deen éischte Vertrieder am Test. Den neien EX30 gouf vun Ufank un als ee reng elektresch ugedriwwenen Auto konzipéiert an deelt sech d’Plattform mat den neie smart #1 an #3, déi och zum Geely-Mammenhaus gehéieren. Wéi sech de Volvo EX30 am Alldag schléit, dat huet de Paul Origer fir eis a sengem Alldagstest erausfonnt.
E komplett neit Konzept ass ëmmer spannend an do huet Volvo sech fir eng relativ kompakt Gréisst decidéiert, an dat hunn ech och begréisst. Mat nëmme 4m23 Längt, 1m83 Breet an 1m54 Héicht ass den EX30 erfrëschend kompakt. Dat ass am Alldag natierlech e Seegen, de Volvo wuselt sech gutt duerch de Verkéier a suergt och beim Parken net fir Stress. Wou en u seng Limitte kënnt, dat ass op de Récksëtzer, wou et fir d’Knéien dann awer kann enk ginn. Soss ass ee gutt am EX30 ënnerbruecht, d’Ewechloosse vun enger Mëttelkonsol léisst besonnesch vir de Banneraum nach méi lëfteg wierken.

A punkto Design si mer definitiv bei engem typesche Volvo?
Virun allem wann ee bedenkt, dat den EX30 am Fong een Zwillingsbrudder vum smart #1 ass - optesch hunn déi zwee absolut näischt mateneen ze dinn. De Volvo bleift glat, kill a minimalistesch mat senger zouener Kalander, den typesche Luuchte mam Thor-Hummer an den zweegedeelte Réckluuchten. Sécherlech hieft en sech domat vun der Konkurrenz of. Nach méi Ënnerscheed gëtt et bannendran: De strikte Minimum ass hei ze fannen; just ee Schierm an der Mëtt a vill glat Flächen. Knäppercher fënnt een nach just e Grappvoll fir d’Fënsterhiewer an um Steier, soss ass ee gebieden alles iwwert de Schierm ze steieren. Optesch vläicht flott mee dacks nerveg, zemools ee fir Topegkeeten muss a Menüe siche goen respektiv d’Tasten um Steier relativ lues reagéieren.

Nohaltegkeet schreiwen se mam EX30 och ganz grouss, dofir sinn d’Matièren och quasi all recycléiert. Zum Deel fillt sech dat gutt un, ass awer och e bësse Stëbs- a krazempfindlech. A leider ass déi ganz Ambiance bannendran relativ steril, do hëllefen och d’Nordliichter als Ambientebeliichtung net vill. Mee dat ass eben d’Philosophie vu Volvo.

Bei der Technik schloe mer een neit Kapitel op, also keng Parallellen zu anere Volvo-Modeller – ass hei den EX30 innovativ a virun allem, wéi fiert en sech?
Jo, den Undriffsstrang mat de Batterien ass nei. Déi klengst Variant wéi an eisem Testauto goung mat 272 PS richteg gutt vun der Plaz, de Sprint op 100 ass a 5,7 Sekonne gemaach. Méi interessant ass sécherlech déi wierklech brauchbar Autonomie vun iwwer 400 km. Dat gëtt versprach, genee wéi 175 kW maximal Luedvitesse. Allerdéngs huet eisen Test-Volvo déi net gepackt. Am sielenen Idealfall si mol eppes iwwer 100 an den Akku gefloss, also ass och hei e bësse méi Gedold gefuerdert. Iwweregens, Informatiounen iwwert d’Luedvitesse oder soss ginn et keng, dofir kann een awer Youtube kucken.

Beim Fueren huet de Confort an déi gutt Geräischdämmung gefall. De Verzicht op eng iwwerdriwwe stramm Fiederung fuerdert natierlech seng Kompromësser bei méi dynamescher Fuerweis. Hei wierkt den EX30 liicht schwammeg. Och d’Steierung kéint méi präzis zoupaken, mee leider bitt Volvo keng Fuerprogrammer un, déi dat beaflosse kéinten. Wou awer onbedéngt muss nogeschafft ginn, dat ass bei den Assistenzsystemer. De semiautonomen Tempomat hat Krämpes an der Spuer ze bleiwen an huet extrem ruppeg reagéiert. Idem fir de Spuerhaleassistent, deen engem heiansdo richteg onangeneem an d’Steier gemurkst huet. A last but not least huet et genervt, dat de Keyless System just un der Chauffersdier reagéiert, en plus et op der Fernsteierung kee Knäppchen dofir gëtt.

Also e puer Ofstrécher fir deen neien Elektro-Volvo - kënnen d’Tariffer dann awer nees tréischten?
Do starte mer bei ronn 38.000 fir d’Basisversioun. Eisen Test-EX30 als Single Motor als weesentlech besser equipéierte Plus schléit mat ronn 41.000 Euro zu Buch. Domat läit de Volvo quasi um selwechten Niveau wéi säi Konkurrent vu smart.
