Toyota Yaris Cross Hybrid
-
De PLUS
- kompakt an handlech Moossen
- gutt Fuerleeschtungen
- vill Stauraum
-
De MINUS
- wéineg Plaz op der Réckbänk an an der Mall
- nerveg Assistenzsystemer
- alles muss iwwert de grousse Schierm gesteiert ginn
- Keyless Entry just fir de Chauffer
Den Toyota Yaris Cross gouf iwwerschafft, fir dass di positiv Verkafszuelen och weiderhi Bestand hunn. De Präis huet et allerdéngs a sech.
De Christian Schmit war op der Presentatioun mat dobäi.
Jo an dat zu Palma de Mallorca, a ganz bewosst gouf déi Destinatioun ausgewielt. Well Palma stéing fir Serenity, also Geloossenheet, a genee dofir stéing de Modell Yaris jo och, esou d'Marketing-Leit. Mat 200.000 Exemplairen eleng, déi 2023 verkaf goufen, kann ee scho vun engem Erfollegsmodell schwätzen. A wou mir do esou vrun deem neie Yaris Cross stinn, fält eis op, dass eis op den éischte Bléck näischt Extraes opfält. Also froe mir emol no beim Etienne Plas vun Toyota Motor Europe.
"Beaucoup de changements qui ne sont pas tous visibles. On voulait l'évoluer clairement. Il y a des nouveaux systèmes de sécurité et surtout il y a un cockpit digital avec de nouveaux écrans et de nouvelles fonctionalitées connectée en particulier."

Optesch sinn et wierklech marginal Retuschen, awer et gëtt méi Power ënnert dem Capot?
"On va effectivement à 130, or vous avez plus de punch, plus de torque et de puissance. Et je dirai aussi une plus grande part d'électricité sur le système hybrid amélioré. Des éléments de la cinquième génération qui ont été rajouté dans cette motorisation. Malgré de fait qu'elle est plus puissante elle reste quand même plus efficiace que la version prédédante".

An Zuelen heescht dat: 30 % méi Dréimoment an en Tick méi séier op 100 a beim Iwwerhuelen. An dat hu mir dann och konnten op de Stroosse vun der Balearen-Insel testen. De 1500er Hybrid, deen net op eng Steckdous ugewisen ass, wierkt zimmlech äerdeg. Mee et gouf un der stufeloser CVT Boîte festgehalen, an esou ass de Sound vum Motor ëmmer present, och wann Toyota investéiert huet, fir Dezibel a Vibratiounen ze reduzéieren. Mee esou oder esou, héich Toure leien him net, mee bon e Yaris Cross keeft e jo och net fir op der Nürburgring Nordschläif Beschtzäit ze fueren.
Dat Zesummespill vun Thermik an E-Power fonctionéiert gutt. Den Test-Parcours war mat Autobunn, Landstrooss, a Passagen duerch Palma Stad ganz variéiert, a beim Verbrauch goufe 4,5 Liter notéiert. Respekt! Domat sinn esou wäit iwwer 600km Autonomie dran.

Bei Toyota huet ee jo eng aner Interpretatioun vun där Transitioun beim Automobil.
"Alors nous pensons clairement que, dans la situation actuelle, les années à venir la solution n'est pas unique. Il faut miser sur plusieurs chevaux. La technologie hybride, hybride rechargeable, la technologie électrique et également tous se qui est hydrogène. Toutes ses motorisations différentes nous paraissent relevantes sur le marché, et donc on va tous les développer en parallèle."
E Progrès gouf et och bei den aktuellen Assistenzsystemer. Alles wat en esou aus der ieweschter Mëttelklass kennt, ass elo och am Yaris Cross u Bord.
Keng bonne note gëtt et definitiv beim Präis. Jo de Yaris Cross Hybrid an der neier Faarf Urban Khaki gréng a mat 18 Zoll Felgen ass vun Haus aus gutt ekipéiert. Trompt mat generéise Garantieleeschtungen op, mä 40.000 Euro sinn dann dach eng schéi Staang Geld, fir dee Klengen "Made in Japan".
