• De PLUS

    • Dauernd e Grinsen am Gesiicht
  • De MINUS

    • Alles anescht (Reechwäit, Kaméidi beim beschleunegen, Veraarbechtung, Präis, kee Radio, keen Airbag, keen ESP...)

Am Automag vun haut hu mer en Auto, deen näischt wierklech gutt kann, an awer den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp iwwerzeege konnt.

Rieds geet vum Microlino.

Automag: Microlino

Et ass schon eng Zäitchen hir, dass ech en Auto am Test hat, no deem sech esouvill Leit ëmgedréint hunn, wéi dat beim Microlino de Fall war. Dat ass och kee Wonner: beim Design huet sech den Hiersteller Micro, dee soss fir seng Trottinette bekannt ass,  un der legendärer BMW Isetta aus de 50er a 60er Joren inspiréiert.

RTL

Dobäi eraus koum e sympathesche Mini mat Kultpotenzial a genuch Plaz fir zwee Erwuessener, déi sech op enger schmueler Sëtzbänk mat wéineg Säitenhalt och alt mol géigesäiteg stäipen. Iwwerraschend grouss ass dann d’Mall, wou e Cageot Gedrénks an eng Akafstut erapassen.

RTL

Fir eran ze klamme schwéngt déi ganz Front hydraulesch op, duerno heescht et sech méi oder wéineger elegant hannert d’Steierrad ze klemmen. Mat e bëssen Übung klappt dat och ouni sech um Parking zum Clown ze maachen.

RTL

Wat erwaart eis dann am Interieur vum Isetta Ur-Enkel?
Leider manner Charme a Retro-Feeling wéi erwaart. Fir d’Gewiicht am Grëff ze hale gëtt am Microlino op alles verzicht, wat net onbedéngt néideg oder virgeschriwwen ass. Et gëtt keng Klimaanlag, mee just eng Lüftung, keen agebaute Radio mee e portabelen Bluetooth-Lautsprecher an nach net emol e Réckspigel un der Frontscheif, mee nëmmen déi zwee mini-kleng Réckspigelen lénks a riets.

RTL

Wéi fiert e sech dann?
Méi puristesch kann Autofueren am Moment net sinn. Schonn eleng dowéinst fillt sech all Kilometer mam Microlino wéi eng Zäitrees un. De Confort bleift op der Streck, mee grad well s de all Knubbel am Makadamm spiers, d‘Steierrad näischt eraus filtert a keen ESP dech ausbremst, wann s de ze stuerazeg ënnerwee bass, kënnt Fuerspaass op. An natierlech och duerch d’Interaktioun mat aneren Automobilisten a Foussgänger, déi an der Reegel e breet Grinsen am Gesiicht hunn, wann s de mat dengem Miniatur-Auto ëm d’Kéier gejauft kënns.

RTL

Gejauft heescht, dass de guer net esou lues domat ënnerwee bass?
Richteg, fir de Microlino ass den Autosführerschäin néideg: am Boost-Modus si bis zu 90 km/h mat deem klengen Zwerg méiglech. An ech kann der soen, se fille sech méi séier un! Op d'Autobunn hunn ech mech net getraut, ma op der Landstrooss kanns de gutt matschwammen, ouni ze hënneren. Permanent d’Pedal bis un de Blech ze drécken geet awer op Käschte vun der Reechwäit.

RTL

177 Kilometer sinn an der Theorie méiglech, um Weekend wou ech en am Test hat, hunn ech d’Batterie (10,5 kWh) awer éischter nogelueden. Dat ass un enger normaler Steckdous a knapp 3 Stonne geschitt. Informatiounen iwwert de Verbrauch liwwert de Bordcomputer keng, mee nëmmen eng Prozent-Unzeig, et muss een also mat der Zäit e Gefill fir d’Reechwäit entwéckelen. Dofir war de Weekend mam Microlino ze kuerz.

RTL

Däin Test héiert sech am grousse ganzen positiv un, ma wou sinn dann déi gréisst Schwächten?
Ech kann net iwwert alles ewech kucken: ouni ESP, ouni Airbag an ouni Knautschzon stellt sech d’Fro, wéi sécher den Zwerg ass. D’Stroosselag an de Kéieren ass wéineg souverän, a beim Gas gi kéint ee mat Momenter Ouerestëpp gebrauchen (tëscht 60 a 65 km/h), hei feelt definitiv d’Geräischdämmung. An da wier do nach de Präis: 20.000 Euro muss ee fir de Microlino op den Dësch leeën. Spéitstens dat kéint dem sympatheschen Zwerg d’Genéck briechen.

RTL