• De PLUS

    • accessibel Mobilitéitsléisung
    • niddrege Ressourcëverbrauch
    • eenzegaartegen Design
  • De MINUS

    • Limitéiert Vitesse
    • wéineg Sécherheetsequipement
    • Stroosselag verbesserungsfäeg

Ob e klengen Elektroauto, dee just 45 km/h fiert, dat richtegt ass fir zu Lëtzebuerg ënnerwee ze sinn, huet den Akim Schmit probéiert erauszefannen.

Kleng an handlech ass e jo mol, de Citroën Ami. Wéi sech de klenge Fransous am Alldag schléit, an ob se da Kolleege gi sinn, dat verréit eis den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp. Well hien hat d’Éier den Ami an Ami Buggy ze probéieren.

Automag: Citroën Ami + Ami Buggy

Jo, a wiem de Microlino schonn ze kleng war, dee wäert mam Ami net waarm ginn. Dat ass esou sécher wéi den Amen an der Kierch. Den Ami dierfs de nämlech scho mat 16 Joer mam "klenge Führerschäin" (Catégorie AM) fueren. An dat bedeit, dass de bei der Vitesse op 45 km/h limitéiert bass.

Beim Citroën Ami hunn ech elo net direkt e Bild virun Aen. Wéi géifs de e beschreiwen?

An éischter Linn puristesch a symmetresch mat engem Hauch vu Concept Car. An dat ass nawell net ze wäit hiergeholl, well verschidden Iddien et vum Concept Car et bis an d’Serie gepackt hunn. Esou verbaut Citroën lénks a riets déi selwecht Dier, mam Resultat, dass d'Chauffersdier sech géint d'Fuerrichtung opmécht. D’Front- an Heckpartie sinn identesch, dat suergt fir en ongewinnte Look. An och bei der Faarf hues de kee Choix: d’Plastik-Karosserie ass ëmmer „Ami blo“.

RTL

Ech ka mer virstellen, dass et bannendran och éischter onkonventionell ausgesäit?

Virun allem gesäit et bannen no vill schwaarzem Plastik aus. Iwwert d’Ergonomie an den Infotainment brauche mer net ze schwätzen, béides ass praktesch inexistent. Wier et e 4x4 fir den Terrain géif ech soen, e wier liicht propper ze halen. Ongewinnt ass awer och d’Sëtzpositioun: d’Sëtzer sinn esouwäit hanne montéiert, dass ech d’Gefill hat, ech géif op der Réckbänk sëtzen. Gläichzäiteg ass d’Raumgefill awer gutt, och duerch de Panoramadaach, dee vill Luucht era léisst. Wat mer am Alldag awer gefeelt huet, sinn Oflagen. Där gëtt et der net genuch, an eng Mall gëtt et guer net.

RTL

Dat héiert sech u wéi wann de Comptabel en Auto entworf hätt…

Dat war ganz sécher och de Fall. Zil vu Citroën ass et mam Ami den Individualverkéier ze revolutionéieren. Den Ami soll e bëllegen Auto fir d’Masse sinn: grad emol 7.990 Euro kascht en zu Lëtzebuerg. An trotz deem gënschtege Präis begéint een de klenge Fransous éischter seelen op eise Stroossen.

Stéchwuert Strooss: wéi mécht e sech dann am Alldag?

E schwieregt Thema: prinzipiell wënschen ech mer jo e gënschtegen Elektroauto, deen och ouni Primm ze bezuelen ass. Mee… mat senger Vitesse-Limitatioun op 45 km/h hunn ech mech net just gefillt, ewéi wann ech op der Strooss gehënnert hätt, nee, ech hu gehënnert. All Stéck Landstrooss huet mech gestresst an ech war frou, wou ech ukoum sinn. Dat betrëfft awer all Autoen aus dëser Kategorie.

RTL

Kritik gëtt et vu mir fir d’Reechwäit: an der 5,5 kWh Batterie stieche knapp 70 Kilometer: kee Problem fir Leit, déi an enger Groussstad wéi Paräis liewen, hei am Land awer éischter onpraktesch.

RTL

An da wier do nach de Fuerconfort: den Ami ass schlecht isoléiert, haart gefiedert a kann ee mat senger schwammeger Stroosselag mol béis iwwerraschen…

RTL