D'Mark mam Blëtz am Logo feiert Gebuertsdag an de Christian Schmit krut en exklusiven Abléck an d'Classic Werkstatt zu Rüsselsheim.

En huet sech awer och fir d'Mark Opel hei zu Lëtzebuerg interesséiert.

Automag: 125 Joer Opel

Mat Bitzmaschinnen a Vëloe goung et lass. Mat Autoen hat den Adam Opel näischt um Hutt." Stink-Karren für Reiche" huet hien dës beschriwwen.

RTL

Ganz anescht seng 2 Filssen, déi 1898 op der Berliner Automesse op dem Auto Pionéier Friedrich Lutzmann säi Patent-Motorwagen opmierksam goufen. An esou gouf nach virun 1900 den "Opel System Lutzmann" lancéiert. Doktorwagen, a Puppchen sollte scho virum 1. Weltkrich dozou bäidroen eng vun de populäersten europäesche Marken ze ginn.

1924 leeft mam "Laubfrosch" deen éischten Opel vum Fliessband. Olympia a Kadett ware vill gefrot, an den Opel Rekord, Kapitän a Manta stounge fir d'Wirtschaftswonner.

RTL

All déi, an natierlech de legendäre GT, stinn an der wonnerbarer Kollektioun vun der Classic Werkstatt. Genee wéi de Modell Ampera, dee jo schonn 2011 d'Elektrifizéierung bei Opel agelaut huet. Mee och d'Limousinn Insignia an de Cabrio Cascada si schonn nom Auslafe vun der Produktioun hei ukomm.

RTL

A wéi beléift Opel hei zu Lëtzebuerg war, a sech geschloen huet, dat weess e Mann, deen iwwer 40 Joer als Chef d'Atelier bei Opel zu Dikrech geschafft huet. De Klaus Dichter.

"Ugangs den 80er Joren, wéi mir hei nei ugefaangen hunn, do hu mir 500 Autoen d'Joer verkaf. Dat ass awer dunn an de 90er Joren méi zeréck gaangen. D'Garage Muller ass dunn zeréckgetrueden an hunn d'Mark opginn aus Altersgrënn."

Opel, a senger 125 Joer Geschicht, zäitweis eppes wéi en Tour op der Achterbunn mat vill Opreegung?

"Dat ass richteg. Et ass erop an erofgaangen. Et ware Modeller dobäi, déi net esou gutt gezunn hu wéi anerer. Normalerweis huet Opel all 6 Joer en neie Modell erausbruecht. Mee et sinn awer Modeller, déi 12 Joer gebaut goufen. Wéi zum Beispill den Opel Manta. Et ass op Frontantrieb ëmgestallt ginn. Saachen déi geännert hunn, wou Clienten net méi esou frou waren. D'Konkurrenz koum och op d'Been, an hunn Modeller ugebueden déi méi ugeschwat hunn wéi déi vun Opel."

RTL

Schéinst Opel Erliefnes fir hien?

"Mir hu nach e Client mat engem Manta 400. Wann deen op den Haff kënnt, dat ass e Glécksgefill, wann een domat eng Probefahrt ka maachen. Dat ass schonn en Auto, deen engem Spaass mécht."

Eriwwer bei de Motorsport. Och do huet Opel seng Erfolleger gefeiert, wéi de Guy Lucius mat senge Modeller ze verziele weess?

"Ech hunn ugefaange mat engem Kadett, en C Coupé Grupp 2. Domat hunn ech mech gutt ameséiert hei am Land an och am Ausland. Duerno hunn ech en Ascona kritt, en i 2000, dat war 1983. Ech si mat deem 1984 Lëtzebuerger Rallyemeeschter ginn. Sinn dunn op Manta ëmgeklommen. Biergcourse, Slalom, Circuit, virun allem awer Rallye gefuer."

RTL

An deem säi schéinsten Opel Erliefnes?

"Zweemol de Challenge Grand Garage Jean Muller gewonnen ze hunn. Dee war déi Zäit dotéiert mat 80 bis 100.000 Frang. An natierlech 1984 Lëtzebuerger Rallye Meeschter."

Happy Birthday Opel. Zënter 2017 jo elo am Stellantis Grupp, an am Moment muss e sech iwwer Popularitéit keng Suerge maachen. "Forever forward since 1899" esou gëtt gefeiert.