De Countryman ass richteg erwuessen an huet a senger Topversioun mëttlerweil 300 PS. Ma behält en nach de Flair vun engem Mini?

1959 ass fir déi éischte Kéier ee Mini iwwer d'Stroosse gerullt an et gëtt en nach ëmmer. Et kann een allerdéngs net méi onbedéngt vun engem Mini schwätzen. Virun allem, wann et sech em de Countryman handelt.

Automag: Mini Countryman John Cooper Works ALL4

Wier d'Bezeechnung Maxi net méi richteg wéi Mini fir de Countryman?

Also hie kënnt sécher méi no un ee Maxi erun, wéi un de klenge Mini, deen's du elo ugeschwat hues, dee viru 65 Joer produzéiert gouf. Dee war nämlech just ronn 3 Meter laang a mol net 1.50 Meter breet. Zum Verglach: De Countryman huet eng Längt vu 4.44 Meter an eng Breet vu 1.84 Meter. Mir schwätzen also net méi vun engem klengen Auto. Mir schwätzen éischter vun engem SUV.

RTL

Dat heescht, et huet ee Plaz am Auto?

Jo déi huet een effektiv. Obwuel d'Verkleedung vun der Dier relativ héich ass, an een doduercher d'Gefill huet, e bëssen ageengt ze sinn. Dat ass awer ee subjektiivt Gefill. Och d´Mall bitt mat 505 Liter normal a 1.530 Liter mat ëmgeklappte Sëtzer, genuch Plaz fir an d´Vakanz ze fueren, oder an de Baumaart akafen ze goen.

RTL

Wéi gesäit et mam Design vum Auto aus?

De Mini Countryman dierften déi meeschte Leit virun Aen hunn. Den Auto gëtt et schonns zanter 14 Joer an et ass een elo an der 3. Generatioun ukomm. Et ass baussen um Design, natierlech e bësse gebastelt ginn. Ech géif mech awer léiwer, op de banneschten Design konzentréieren. Ech sinn an den Auto erageklommen an hat ee Grinsen am Gesiicht. Endlech emol eppes Originelles, hunn ech geduecht. Een Display, deen net rechteckeg ass mee ronn, flott Faarwspillereien, cool Sëtzer, ee richtegt sportlecht Steierrad a.s.w. Also einfach nëmme flott.

RTL

Leider ass awer zum groussen Deel ze vill op Plastik agesat ginn, wat leider dem soss schéinen Design net gerecht gëtt. Et gëtt leider, nach ee B-Mol. Et ginn esou gutt wéi keng Knäppercher méi, fir déi verschidde Funktiounen. An dat war bei Mini ëmmer een Eyecatcher. Schued, datt déi net méi do sinn. Praktesch alles muss iwwer den Display gereegelt ginn an dat kann nerven.

RTL

Dee Countryman deen´s du ënnert de Rieder has, ass jiddwerfalls, wat déi thermesch Motorisatiounen ugeet, den Topmodel gewiescht. Wéi fiert déi Maschinn sech?

De Motor ass deen, deen och am BMW X1 M35i ze fannen ass. An deem Motor ass eng automatesch Duebelkupplung 7 Gang Boîte agebaut. An un där gëtt et iwwerhaapt näischt ze meckeren. Den 2 Liter Motor mat 4 Zylinder, produzéiert 300 Päerd, bei engem Gewiicht vu knapp 1.7 Tonnen. Déi katapultéieren de Countryman John Cooper Works vun 0 op 100 a 5,4 Sekonnen. D'Spëtzt läit bei 250 Kilometer. Dat si schonns Usoen. Gutt, datt ee permanent de 4-Rad-Undriff huet.

RTL

Du hues verschidde Modussen an deenen´s de kanns hin an hir wiesselen. Natierlech probéiert een, Mini oblige, de Go-Kart Modus och aus. Wann ee mat deem da bësse méi dynamesch ënnerwee ass, mécht den Auto wierklech Spaass, ouni awer elo un de gudden "ale" Cooper S erunzekommen. De Verbrauch kann een och nach kuerz ernimmen. De louch bei mir bei 8,8 Liter.

RTL

Wéi gesäit däi Fazit aus?

Duerchwuessen. Am Design ënnerscheet sech de Mini Countryman ganz kloer vu villen Autoen, wou ee Problemer huet déi eenzel Marken nach auseneen ze halen. Dat gefält mir ganz gutt. De Mini ass dacks vu Familljen als 2. oder esouguer, als 3. Auto kaaft ginn. Mini wëll, datt de Countryman an Zukunft déi éischt Optioun gëtt, fir iwwert ee Kaf nozedenken oder net. Ech bezweiwelen, datt dat klappt.

Et huet ee Fuerspaass mam Auto, allerdéngs ass et kee Go-Kart méi.  An der Basis kascht de Countryman John Cooper Works ALL4 53.133 Euro. De Model deen ech am Test hat, mat e puer Optiounen, 61.584 Euro.

Zum Vergläich: De BMW X1 M35i, deen de selwechte Motor huet wéi de Mini, kascht an der Basis 61.923 Euro.

RTL