Mëtt Mee hat Alfa Romeo op de legendäre Circuit vu Spa Francorchamps invitéiert, fir do kënne verschidde Modeller ze testen. Ma et gouf och eng Première.

Sou war et déi éischte Kéier, dass een de fuschneien Alfa Romeo Junior konnt gesinn, upaken a sech och drasëtzen. Bis dohi war den Auto just an Italien gewise ginn. Deemno war dat schonn eng besonnesch Geleeënheet.

Leider konnt een dëst awer net sou an där Form maachen, wéi een et gäre gemaach hätt, well et huet dee Freideg wéi aus Eemere geschott zu Spa.

Et konnt ee sech den Auto awer e bësse méi genee ukucken, wann ee kee Problem domadder hat, dobäi naass ze ginn.

Wat d'Italiener jo kënnen, dat ass Design. Dat beweise se dann och mam Alfa Romeo Junior... deen u sech bei senger Première nach "Milano" sollt heeschen. Ma do hat den italieenesche Staat sech dunn awer ageschalt, dat a Persoun vum Industrieminister Adolfo Urso. Et gëtt nämlech e Gesetz, dat ënnert dem Silvio Berlusconi erauskomm war, dat beseet, dass Produiten, déi en italieeneschen Numm hunn, oder sou kléngen, och mussen an Italien produzéiert, respektiv hiergestallt ginn. Den Alfa Romeo Milano gëtt awer a Polen gebaut... an net an Italien. Deemno gouf Alfa Romeo opgefuerdert den Numm ze änneren. Kuerzfristeg huet et also geheescht, déi gesamt Marketing-Campagne op d'Kopp ze stellen an en neien Numm ze fannen, fir den neiste Sprössling vun der Mark. Erauskomm ass "Junior".

RTL

Beim "Junior" handelt et sech ëm e Gefier aus dem B-Segment, änlech wéi Giuletta oder Mito. De "Sporty Urban Vehicle" soll italieeneschen Design mat kompakter Sportlechkeet a purem Fuerspaas kombinéieren, heescht et an der Kommunikatioun vun Alfa Romeo.

E gëtt ugebueden als "Ibrida", deemno als 136-PS-Hybrid, oder als "Elettrica", also als rengen Elektro-SUV. Den Elektro gëtt et mat 156 oder mat 240 PS. Mat der 156-PS-Variant soll ee bis zu 410 Kilometer wäit kommen, mat vollgeluedener Batterie. Vun 10 op 80% luede soll an ongeféier enger hallwer Stonn méiglech sinn.

RTL

Vill Wäert geluecht gouf op eng gutt Veraarbechtung an héichwäerteg Materialien, kombinéiert mat modernster Technologie. Den 10,25 Zoll groussen Ecran vum Infotainment-System ass Richtung Chauffer geriicht, zousätzlech zum digitalen Instrumentendisplay, deen och nach emol op 10,25 Zoll kënnt.

Wéi et sech hautdesdaags gehéiert, kann een säi Wonschmodell dann och an alle méiglechen Ausstattungsvarianten zesummestellen. Präislech geet et lass bei knapp ënner 30.000 Euro fir den Hybrid a knapp ënner 40.000 Euro fir d'Elektrovariant.

RTL

Sonderserie "Tributo Italiano"

Wie sech fir en Alfa Romeo interesséiert, a gären nach méi den "italieenesche Flair" spiere wëll, dee ka sech elo fir eng Sondereditioun vun de Modeller Giulia, Stelvio oder Tonale entscheeden. Heimat ënnersträicht ee seng Virléift fir Italien, wat een dann och an de Faarwe gesäit, déi ee fir dës Editioune wiele kann. Et sinn dat gréng (Verde Montreal), rout (Rosso Alfa) a wäiss (Bianco Banchise)... d'Faarwe vum italieenesche Fändel. Dee Fändel fënnt een dann zum Beispill och nach an de Säitspigelen erëm, wourun een d'Sondereditioun dann och direkt vu baussen erkennt. Den Daach ass ëmmer a schwaarz gehalen. De Külergrill ass bei der Giulia an dem Stelvio schwaarz, iwwerdeem e beim Tonale anthrazit ass.

RTL

Un de Parechocen, respektiv de Radleef an de Säiteschweller gëtt d'Autosfaarf dann och nees opgegraff. Grouss Felgen dierfen net feelen (21 Zoll beim Stelvio z.B), respektiv Sportsëtzer a schwaarzem Lieder, mat perforéierter Sëtzfläch. An der Kappstütz fënnt een dann den "Tributo Italiano"-Logo.

RTL

D'Néit sinn a rout gehalen an d'Schaltwippen um Steierrad sinn aus Aluminium. Beim Tonale kritt ee souguer en Armaturebriet am Carbon-Look mam Alfa-Romeo-Logo.

All d'Modeller als "Tributo Italiano" hunn ëmmer déi héchsten Ausstattungsvariant a bidden deemno nëmmen dat bescht vum Beschten aus dem Alfa-Romeo-Regal, sief et bei der Technologie, wéi och bei den ausgewielte Materialien.

RTL

Bei de Motoriséierunge kann ee wielen tëscht Diesel a Bensinner. An den héchste Motoriséierungen huet een dann och nach rout Bremssuedelen. Ech konnt da ronderëm Spa och e klengen Tour mam Tonale "Tributo Italiano" fueren, ma dat war ze kuerz, fir doriwwer groussaarteg vill zielen ze kënnen.

RTL

Mam "Super Sport" iwwert de Circuit vu Spa Francorchamps

Als Highlight vum Event vun Alfa Romeo war eigentlech den Tour mam Stelvio oder Giulia Quadrifoglio "Super Sport" um legendäre Circuit an de belschen Ardenne geduecht.

Dat sollt sech allerdéngs éischter schwiereg duerstellen, well et huet wéi gesot déi ganzen Zäit wéi aus Eemere geschott.

RTL

Déi limitéiert  Versioune vun Giulia a Stelvio hunn et awer a sech, a si sinn extrem rar. Vum Giulia ginn et just 250 Exemplaire weltwäit, dat mat engem 2.9 Liter V6 Biturbo mat 520 PS. De Quadrifoglio-Logo ass elo dat gréngt Kléiblat op schwaarzem Hannergrond. Fir de kräftege Sound suergt eng Auspuffanlag vun Akrapovic. Gewiicht spuert ee mam Carbondaach an um Handling vum Auto gouf och nach emol noajüstéiert.

Ech fir mäin Deel souz fir den Tour zu Spa an engem Stelvio "Super Sport". Deen ass souguer nach méi exklusiv, well vun deem ginn et der just 175. Och hei huet een den 520-PS-Motor... d'Kraaft gëtt op alle Véier Rieder verdeelt, dat via den adaptiven Q4-Allradsystem. Domadder soll souwuel ënner-, wéi och iwwersteiere evitéiert ginn, fir dass een ëmmer optimale Gripp huet a perfekt beschleunege kann.

RTL

Wierklech ausprobéiere konnt ech dat awer net. Mir sinn an enger klenger Grupp vu 5-6 Autoen hannertenee gefuer, an de Journalistekolleeg viru mir, war nach ni zu Spa gefuer, wousst also net wierklech wou et higeet. Dobäi koum, dass en wärend dem Fueren och nach gefilmt huet... deementspriechend lues konnt ech just hannendru fueren. Eventuell kréien ech jo nach eng aner Kéier d'Geleeënheet ee Modell vun der Sonderserie "Super Sport" ze fueren, da ginn et och méi detailléiert Fuerandréck.

RTL

Alles an alles kann een awer soen, dass Alfa Romeo probéiert senge Clienten eppes ze bidden... och fir d'Zukunft wier ee gutt opgestallt, huet et bei engem klenge Briefing geheescht. D'nächst Joer soll en neien SUV am D-Segment op de Marché kommen... 2026 dann eng Limousin am D-Segment an 2027 soll en éischte reng elektresche Modell virgestallt ginn.