XPENG G6
-
De PLUS
- Veraarbechtung
- Design
- Verbrauch
-
De MINUS
- Grafik vum Display
- Keng Knäppercher. Alles muss iwwert den Touchscreen gemaach ginn
- Warnsystemer
An dësem Automag gëtt et eng Première. Mir schwätzen nämlech iwwer eng Mark, iwwer déi mir bis elo nach ni hei geschwat hunn.
Wa mir vun neien Autosmarke schwätzen, dann sinn dat am Prinzip ëmmer chineesesch Marken déi op de Maart kommen. An dat ass elo an deem heite Fall net anescht. D'Mark em déi et geet ass Xpeng. Deen Numm klengt fir eis e bëssen exotesch. Fir ee Chines dierft beispillsweis Opel awer och exotesch klenge. Wat den Adam Opel fir eis ass, ass den He Xiaopeng fir d'Chinesen. Dee Mann ass nämlech elo de President vun Xpeng. Dat erkläert also den Numm.

Da wësse mir elo mol wou den Numm hierkënnt. Wat fir eng Autoen, respektiv Modeller bitt Xpeng dann un?
Xpeng baut, an dat dierft wuel keng Iwwerraschung sinn, Elektroautoen. Den Ament besteet hir Gamme aus 3 Modeller. De P7, dat ass eng sportlech Limousine an dann zwee SUV´s: Nämlech de G9 an de G6. An de G6 hat ech elo am Test. De G6 ass een SUV Coupé an der Gréisst ongeféier, mat engem Porsche Macan ze vergläichen. Ech schwätzen elo just vun der Gréisst, mee Xpeng huet ganz kloer den Usproch, datt si de sougenannten Premiummarken wëlle Konkurrenz maachen. Dat ass den Usproch deen d'Chinesen sech selwer stellen.
Ass deen Usproch da realistesch oder utopesch?
Aktuell géif ech soen, datt een dertëschent läit. Schonns bei anere chineesesche Marken hu mir op dëser Plaz gesot, datt d'Veraarbechtung ganz gutt wier. An dat ass bei Xpeng och de Fall. Alles ass héichwäerteg an eebe gutt verschafft. Plaz hues de masseg, alles ass logesch ubruecht an den Design ass och gelongen.

Wat kanns du eis iwwer d´Batterie respektiv d'Leeschtunge soen?
Du kriss 2 Varianten: Eng Kéier een Akku mat 66 kWh an enger Autonomie laut WLTP vu 435 Kilometer an een aneren Akku mat 87,5 kWh mat enger Autonomie vu 570 Kilometer, respektiv bei Performance Model, vu 550 Kilometer. Bei de Päerd schwätze mir vun 258, 286 respektiv fir de Performance vun 476 PS. Xpeng versprécht, datt een d'Batterie mat 280 kW vun 10 op 80 Prozent, an 20 Minutte ka lueden. De Verbrauch gëtt Xpeng mat 17,5 kWh un. Mat 14 kWh sinn ech do drënner bliwwen. Dat hat ech bis elo nach ni mat engem Elektroauto. Dat hat awer méi wéi sécher, mat der Teststreck ze dinn.
Dann huel eis elo mol mat op déi Teststreck....
Ech hat de G6 mat 476 Päerd an den Test goung ronderëm Amsterdam. Wann ee weess, datt dat héchste Gefill op hollänneschen Autobunnen, wéinst ganz vill Trafic, 100 Kilometer an der Stonn sinn, da brauch een näischt iwwer Acceleratioun a.s.w. ze schwätzen. Nieft de Kilometeren op den Autobunnen, ass et gréisstendeels vun engem Duerf an dat anert gaangen. Op wat ech eraus wëll: d'Teststreck war a sech net gemaach, fir vill ze testen. Trotz allem muss ech awer soen, datt de G6 agreabel ze fueren ass.

Ech misst léien wann ech géif soen, dat do ass net gutt gemaach an dat doten hätt ee kéinte besser maachen. Mee wéi gesot, Teststreck war éischter suboptimal. Wat mech awer stéiert, mee dat ass eng Tendenz, déi elo ëmmer méi kennt, et gi keng Knäppercher. Du muss zum Beispill d'Spigelen och iwwer den Touchscreen beweegen. Apropos Touchscreen. Du hues een Display vun 10,2 an ee vu 14,96 Zoll. Wat Grafik um Display ugeet, do ass nach Loft no uewen. D'Warnsystemer mellen alles wat sech beweegt an dat nervt dach e bëssen.

Wéi gesäit däi Fazit aus?
Et sinn den Auto knapp 200 Kilometer gefuer. Do kann ee sécherlech net esou vill testen, wéi bei engem Alldagstest. Deen dierft awer nach nokommen. Géint den Xpeng G6 ass wierklech net vill ze soen. D'Chineese maachen hir Hausaufgaben. Ob dat engem gefält oder net. Jo et huet een d'Gefill, datt si sech Saachen, respektiv Design, bei etabléierten Marken ofkucken an et dann a liicht ofgeännerter Form bei hiren Autoen ëmsetzen. Dat ass sécherlech net falsch. Dofir kritt een awer fir seng Suen, vill Auto. Den Xpeng G6 fänkt 41.990 Euro un.
