An dësem Automag fuere mer BMW. Dat mat deem neien X2. Dee kann a senger neister Generatioun als Bensinner oder E-Auto bestallt ginn.

An di zwee hat de Christian Schmit dann och am Alldagstest. A wéi hunn di zwee dann esou ofgeschnidden? 

Automag: BMW X2 vs iX2

Also ouni ze vill virop ze verroden, ech hunn déi zwee gäre beweegt, an hat déi och mat op d'Rees, wann och op ënnerschiddlech Destinatioune wéinst der Autonomie. Bei ville Marken, esou och BMW, huet de Client jo nach de Choix ob E-Power oder awer léiwer de klassesche Verbrenner.

De BMW X2 a senger zweeter Generatioun huet däitlech u Gréisst zougeluecht. Ass dach scho bal e klengen X4, hunn der vill gemengt. Mat senge 4m55 ass effektiv e Plus vu bal 20cm. Och an der Breet an Héicht eng Nummer méi grouss. Dat suergt fir gutt Plazverhältnesser vir an hannen, trotz liichter Coupé-Linn.

RTL

Wat proposéieren di zwee dann esou u Fuerleeschtungen?

Op der Verbrenner Säit, als M35i. ass dat en 2 Liter Twin-Turbo mat strammen 300 PS. E Sprint op 100 a 5,4 Sekonnen, a bei 250 ass Schluss. M steet hei fir Motorsport an deemno si Fuerwierk a Bremsen ausgeluecht. Ganz flénk ass ee mat deem ëm den Eck a ganz séier iwwer Bierg an Dall. Mat der X-Drive-Traktioun och ganz sécher op di 4 Rieder.

Den iX2 huet eng 65 kw/h Batterie, op der fiche technique stinn hei 204 PS. 8,6 Sekonne fir op 100 ze sinn, an hei ass maximum 170 dran. Dat muss och vläicht esou sinn, well héich Vitessen op der Autobunn loossen d'Autonomie ganz séier schmëlzen. D'Boost-Funktioun hat ech och ausprobéiert. Déi hält da kuerzfristeg richteg Power parat, mee mam Resultat, datt dann awer och ganz séier en etlech Kilometer Autonomie duerch d'Päif sinn.

Ënner 20 kw/h si mir souwisou seele mat him komm, an esou war no knapps 400km eng Steckdous gefrot. Do geet et dann um Super Charger no 30 Minutte nees virun. X-Drive war och hei u Bord. E ganz séchert Fuerverhale gouf notéiert, mee et mierkt ee schonn, dass een hei iwwer 2 Tonne beweegt.

RTL

Wat consomméiert deen aneren dann esou, a wéi wäit kënnt e mat deem?

Ware mir mam E-BMW just bis op Marche en Famene, esou hate mir den M35i mat op d'belsch Küst. Am Mix tëscht Autobunn, iwwer Land an och Stadverkéier koume mir op 8,3 Liter Verbrauch. Säin Tank huet och just 54 Liter, mee trotzdeem läit de Radius hei bei iwwer 600km, a beim Tanke geet kaum Zäit verluer.

Da komm mir luussen och nach an den Interieur?

Do hält ee sech gär op. An der gewinnter korrekter Manéier hunn di bayresch Motorenwerke hei geschafft. Ass jo mat Made in Germany. D'X2 Famill leeft zu Regensburg vum Band. An der M-Versioun sinn d'Sëtzer nach méi sportlech ausgeluecht an Alcantara gëtt dann och nach gebueden.

RTL

Iwwer Navi, Info an Entertainment mat BMW Connect gëtt och net vill ze meckeren. Obschonn et heiansdo schonn heescht sech duerch Menüe wullen. Hate mir ugangs gesot, dass den X2 ferm gewuess ass, esou spigelt dat sech och an der Präislëscht erëm.

RTL

Ma da looss d'Kaz emol aus dem Sak, wat kascht de Spaass?

Bon di berüümt Freed um Fuere bei BMW war jo nach ni e bëllegt Erliefnes. Och déi Kéier net. 
Fänke mir emol mam iX2 un. Den Testauto als Xdrive 30 steet mat 57.500 Euro an der Lëscht. Den Testauto koum awer op wäit iwwer 60-000 Euro.

RTL

Fir den M35i sinn am Portimao blo et da schonn 59.700 Euro. Garnéiert mat enger Partie Optiounen, déi eigentlech kéinte serieméisseg kommen, waren et dann 75.200 Euro fir den Testauto.

Fazit fir di zwee vun denger Säit?

Schéin, dass ee bei BMW bei ville Modeller de Choix huet tëscht Bensinner, Diesel oder elektresch. Esou och beim X2. Mee grad bei enger Mark wéi BMW tendéiert deen heiten zum M35i.

Sollten, wat ze erwaarden ass, Autonomie a Luedstatiounen an Zukunft un Attraktivitéit zouleeën, da klëmmt och d'Begeeschterung fir den X2 an der elektrescher Versioun.