Renault Rafale
Renault wëll zeréck an d’Premium-Segment, an dat mam neie Rafale.
Wéi vill Premium am neien SUV-Coupé stécht, a wéi e sech op der Strooss schléit, huet den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp op der Presentatioun zu Sevilla probéiert erauszefannen.
Nom Austral, dem Espace (dee mëttlerweil méi SUV wéi Van ass), dem Arkana, dem Symbioz an dem Captur, steet elo also mam Rafale e weideren SUV-Coupé am Showroom. An dee soll méi sportlech, méi extravagant a virun allem méi Premium wéi seng Gesëschter sinn.

Lo ass et mam Rafale e bësse wéi an der Famill: déi Gesëschter gläiche sech alleguer…
D’Form vum Rafale kenne mer scho vun aneren SUV-Coupéen, ech denken do un en Audi Q3 Sportback oder e BMW X4. D’Linn ass relativ roueg gezeechent, d’Front erënnert staark u Modeller vu Peugeot, hannen ass e bësse Lamborghini Urus dra verstoppt. Net spektakulär, awer mat e bësse méi Piment wéi dat soss bei Renault de Fall ass.

Ass den Interieur dann och méi schaarf wéi gewinnt?
Deels deels: d’Armaturebriet kenne mer scho vum Espace. De Mix aus horizontalem a vertikalem Display funktionéiert zwar an der Praxis ganz gutt, allerdéngs wierkt et manner integréiert a manner Premium wéi bei der Konkurrenz. Dofir gëtt et aner Highlights,wéi de Panoramadaach, deen op Knappdrock vun transparent op dréif wiesselt, d’Sëtzer mat blo beliichten Alpine Logoen, dem Stéck Schiefer am Amaturebried op der Bäifuerersäit, oder nach déi propper ausgekleeten Dieren mat blo-roude Kontrastnéit.

D’Basis deelt sech de Rafale mam Espace, wéi steet et dann ëm Plaz a Raumgefill?
De Rafale ass minimal méi kleng wann ee Längt a Radstand vergläicht. Déi grouss Iwwerraschung ass d’Plaz op der Réckbänk, déi trotz Coupé-Linn net gelidden huet. Hei sëtzen och zwee Erwuessener bequeem ouni sech ëm Käpp oder Knéie suerge maachen ze mussen. E cleveren Detail ass d’Mëttelaarmleen mat agebauter Halterung fir Tablet oder Smartphone.

De Rafale huet säin Numm vun engem franséische Kampfjet aus den 30er Joren – gëtt deen neie Rafale da sengem Numm gerecht?
Fir et kuerz ze maache: Rekorder wäerts de mam Rafale keng briechen. Aktuell gëtt et en nëmmen als E-Tech Full Hybrid 200. Ënnert der Motorhauf schaffen en 1,2 Liter 3-Zylinder Bensinner mat 130 PS (96 kW) an en Elektromotor mat 70 PS (50kW) zesummen.

Esou fiert e sech uerdentlech, awer net esou stiermesch wéi den Numm et undeit. 8,9 Sekonnen dauert et bis op Tempo 100, bei 180 km/h ass Schluss. D’Stroosselag ass gutt, woubäi d’Fuerwierk scho bal ze straff ofgestëmmt ass. Net gefall huet mir d’Automatik-Boîte; déi ass nämlech net all ze presséiert. Apropos net presséiert: mat 4,7 Liter gëtt Renault de Verbrauch un, um Enn vum Test waren et bei mir 5,5 Liter.

Wou mer scho bei Zuele sinn: wat kascht de Rafale dann?
Lass geet et bei 42.500 Euro, als „esprit Alpine“ wéi mir en op der Virstellung fueren dierften, stinn op mannst 46.300 Euro um bon de Commande. A wien méi Leeschtung wëll, sollt sech nach bis Enn vum Joer gedëllegen: da kënnt nämlech de Plug-In Hybrid mat 300 Päerd an Allrad Undriff.
