Citroën huet mam neien C3 en Auto op de Marché bruecht, dee besonnesch iwwert de Präis erausstécht, well deen ass extrem attraktiv.

An dësem Automag  si mir esouwuel elektresch wéi och mat Bensinn ënnerwee. De Rich Simon huet nämlech den neien Citroën C3, deen et mat Elektroundriff wéi och mat engem normalen Bensinnsmotor gëtt, getest. 

Automag: Citroën C3

Wann ech schonns de Choix hunn, da géif ech léiwer mat der Elektroversioun ufänken. Ech ginn nämlech dovunner aus, datt dat dee Modell ass, deen am interessantsten fir de potentielle Client ass. Citroën wëll der chineesescher Konkurrenz d'Stier bidden. Dat bedeit, datt ee muss, wat de Präis ugeet, konkurrenzfäeg sinn. Normalerweis halen ech ëmmer mam Präis op, haut fänken ech mat deem un. De C3 als Elektroauto kritt ee vun 22.529 Euro un. An domadder ass een da schonns konkurrenzfäeg.

RTL

Wéi vill Auto kritt een da fir dee Präis?

Relativ vill Auto, dee fir dee Präis och gutt verschafft ass. Et däerf een natierlech keng Wonner erwaarden, dofir ass dann och vill haarde Plastik verschaaft. D'Autoen déi mir ze Verfügung gestallt kruten, waren nach an der Pre-Produktioun. Dat heescht, datt virun allem, wat d'Assistentssystemer ugeet, nach net alles funktionéiert huet, wéi et da beim komplett fäerdegen Auto wäert sinn. Dofir wëll ech och net ze vill dorobber agoen. Den Auto fiert sech awer gutt. Virun allem duerch eng direkt a ganz präzis Lenkung. D'Fuerwierk ass gutt ofgestëmmt, kleng Lächer oder Knuppe gi gutt vum C3 absorbéiert.

RTL

Wat fir eng Batterie ass am C3 agebaut a wat fir eng Leeschtung bréngt si?

Deen Akku huet 44 kWh. Citroën versprécht eng Autonomie bis zu 320 Kilometer. Eis Testfaart war leider ze kuerz fir eng seriö Meenung driwwer ze hunn, wéi wäit een effektiv kënnt. De Verbrauch louch awer bei gudden 12,7 kWh. An dat iwwer Landstroosse wéi och iwwer d'Autobunn. Maximal ka mat 100 kW geluede ginn. Vun 20 op 80 Prozent a 26 Minutten. Un der 7,3 kW Wallbox doheem, dauert d'Luede 6 Stonnen. 113 Päerd stinn zu Verfügung. Domadder ass ee vun 0 op 100 an 11 Sekonnen. D'maximal Vitesse läit bei 135 Kilometer.

Lo hu mir vill iwwer den C3 an der Elektroversioun geschwat. Wéi gesäit et mam Bensinner aus?

Och hei wëll ech nees mam Präis ufänken. Den C3 Bensinner kriss de schonns vu 14.494 Euro un. Och dat ass, fir den däitschen Therme ze benotzen, eng "Kampfansage". An och hei muss ee realistesch sinn, datt een net alles ka fir dee Präis kréien. Et kritt een awer een 1,2 Liter Dräizylinder mat 101 Päerd. Et kritt een dofir awer keng automatesch Boîte. Déi ass eebe bësse méi deier wéi eng manuell. Déi manuell Boîte huet 6 Gäng, déi sech gutt schalte loossen. Et war iwwregens zanter laangem nees eng Kéier, datt ech een  Testauto hat, dee manuell huet musse geschalt ginn. De Verbrauch louch bei der 150 Kilometer laanger Testfaart, bei 6,6 Liter.

RTL

Wéi gesäit et mam Design aus?

Deen ass esouwuel baussen, et ass iwwregens ee 5 Dierer, wéi och bannen, gutt gelongen. Den C3 ass mat senge ronn 4 Meter ee ganz kompakten SUV. Den Auto gëtt zwar an der Slowakei gebaut, et ass awer nach ëmmer ee Fransous an d'Fransousen hunn et fäerdeg bruecht, déi 4 Meter ganz gutt auszenotzen. Et huet een am Auto hanne wéi vir gutt Plaz. D´Mall ass mat 310 Liter och ganz ok.

RTL

Zum Schluss wéi gewinnt däi Fazit...

D'Präisser sinn esouwuel fir den Elektro wéi och den Bensinner richteg gutt. Et ass sécherlech net alles perfekt an et mierkt een, datt probéiert gouf ze spueren, wou ee spuere konnt. Dat sinn esou kleng Detailer wéi zum Beispill d'Grëffer iwwert der Dier. Där ginn et keng. Du hues och keng Accoudoiren. Dat Feelen, geet dann e bësse zu Laaschte vum Confort. Den neien C3 wäert awer nees seng Cliente fannen. An de leschten 22 Joer ass den C3 ëmmerhin iwwer 5,5 Millioune Mol verkaaft ginn.

RTL