Porsche geet beim Facelift vum 911er beim Undriffskonzept nei Weeër. Wéi den neie GTS mat Hybrid-Technik sech fiert, huet den Andy Brücker erausfonnt.

Enn Mee gouf de Facelift vum Porsche 911 Carrera GTS virgestallt an et huet net laang gedauert, bis de Shitstorm an de soziale Medie lassgetrëppelt gouf. Jo well den neie GTS ass een Hybrid. D'Puriste ware schockéiert an hunn déi wëllsten Theorië lassgetrëppelt, wéi schwéier den Auto elo wäert sinn, wéi grouss d'Batterië sinn a wéi schrecklech dat dach ass, wann en 911er reng elektresch fiert.

Automag: Porsche 911 Carrera GTS

Déi Panik war awer net néideg, well et ass keen "normalen" Hybrid, wéi mer en aus aneren Autoe kennen. 

Et ass e komplett nei entwéckelten, a virun allem ganz komplexe System, deen op den Numm t-hybrid lauschtert. Elo gëtt et e bësse méi technesch, an ech hoffen ech kréien et verständlech erkläert.

Den Opbau vum t-hybrid beim neie Porsche 911 Carrera GTS (992.2)
Copyright: https://newstv.porsche.com/de/

Et ass en Hybrid-System mat elektrifizéiertem Turbo. Eng E-Maschinn ass hei tëscht Verdichter an Turbinnerad montéiert a bréngt de groussen Turbolader blëtzschnell op Dréizuel, och wann deen nach net vill Ofgas kritt, fir en unzekuerbelen. Doduerch huet de Motor ënnen erëm schonn direkt volle Punch. D'E-Maschinn funktionéiert awer och als Generator a ka bis zu 11kW Leeschtung produzéieren, woumat dann nees d'Batterie geluede gëtt, respektiv en zweeten Elektromotor an der Boîte kann ugedriwwe ginn.

RTL

De Motor ass eng komplett Nei-Entwécklung an ass vun 3 Liter op 3,6 Liter gewuess. En huet elo keng 2 Turboe méi, ma just nach een. Et bleift awer e 6-Zylinder Boxer, deen allerdéngs manner héich opbaut, fir genee ze sinn ass en 110mm méi niddreg wéi säi Virgänger. Domadder ass Plaz fir déi ganz zousätzlech Elektronik. E Virdeel vum Héichvolt-System ass dann nach, dass de Klimakompressor elektresch kann ugedriwwe ginn, an net duerch eng Pulli iwwert de Motor. Och d'Servosteierung funktionéiert elektresch. Deemno huet de Motor keng extern Rimmer méi, déi iergendwellech Niewenaggregater undreiwen.

Geschalt gëtt iwwert eng 8-Gang Doppelkupplungsboite, an där dann och en Elektromotor verbaut ass. Dësen ass permanent aktiv a liwwert 150 Nm Dréimoment a 53,6 PS Leeschtung, respektiv 40kw. Béid Elektromotoren, also deen an der Boîte, an deen am Turbolader si un eng Héichvoltbatterie gekoppelt.

RTL

D'Héichvolt-Batterie ass vir ënnerbruecht, wou soss déi normal 12V-Batterie war a weit mat hire 27kg quasi d'selwecht vill, wéi eng normal 12V-Starterbatterie. Si späichert bis zu 1,9kWh a funktionéiert mat enger Spannung vu 400V.

RTL

De System mat der Batterie, grad ewéi den 2 Elektromotoren, ass esou komplex an intelligent opgebaut, dass ëmmer déi néideg Power uläit. Entweder ginn d'Elektromotoren ugedriwwen, zum Beispill wa maximal Acceleratioun gefuerdert ass, oder wa gecruised gëtt, respektiv héich Dréizuelen uleien, kënnen d'Elektromotoren als Generator d'Batterie nees speisen. Dës gëtt iwwert dee System ni eidel a kann zu all Moment d'Elektromotoren usteieren.

Déi normal 12V-Batterie gëtt iwwerdeems als Liichtbau Lithium-Ionen-Batterie verbaut, fir eng optimal Gewiichtsverdeelung. Den neie GTS weit trotz der viller neier Technik "just" 50kg méi wéi säi Virgänger.

Dat dote waren elo vill Zuelen, ma e puer feelen awer nach. Wéi vill Leeschtung huet den neie GTS dann elo? 

Den 3,6 Liter Boxermotor kënnt ouni elektresch Ënnerstëtzung op 485 PS an 570 Nm Dréimoment. Domat ass e scho méi staark wéi säi Virgänger. Duerch den t-Hybrid-System kënnt en op net manner wéi 541 PS a 610 Nm, deemno 61 PS méi wéi am 992.1. De Sprint vun 0 op 100 geschitt an 3 Sekonnen, an ass deemno och nach emol 0,4 Sekonne méi féx.

RTL

Am normale Posche 911 Carrera a Cabrio gëtt iwwerdeems weiderhin den 3 Liter Boxermotor mat 394 PS verbaut an hei geschitt dee Sprint an 3,7, respektiv 3,9 Sekonnen.

Komme mer dann awer nach bei aner wichteg Aspekter vum 911... wat huet da bausse geännert? 

Keng Angscht... et ass nach ëmmer déi typesch 911er Silhouette. Wat engem beim GTS awer direkt opfält, sinn déi sougenannte "Cool Flaps" an der ënneschter Front-Partie. Et si 5 visibel Elementer op all Säit vum Auto, déi op oder zou kënne gemaach ginn, jee nodeem ob grad méi kill Loft fir d'Küler gebraucht ginn, oder ob eng besser Aerodynamik bei héije Vitessen erwënscht ass.

RTL

Wat nach nei ass, sinn d'LED HD-Matrix-Luuchten, déi net manner wéi 32.000 LED'en hunn, déi all eenzel ugesteiert kënne ginn. D'Strooss soll bis zu 600 Meter wäit kënnen ausgeliicht ginn.

Um Heck gëtt et och en neit Luuchtenelement, grad ewéi de Porsche Schrëftzuch, duerch deen dat ganzt méi breet wierkt. D'Autosplack gëtt elo e bësse méi héich montéiert an d'Auspuffanlag ass an den Diffusor integréiert. Beim GTS ass de Sportauspuff iwwregens elo serieméisseg verbaut.

RTL

Wann een awer nach am Optiounskatalog Sue wëll ausginn, kann een en Aerokit bestellen, mat engem anere Frontsplitter, Säiteschweller an e festen Heckfligel, wouduerch nach méi Upressdrock generéiert gëtt. Wiem dat net duergeet, fir dee gëtt et och nach déi eng oder aner Carbon-Optioun, Titan-Auspuff oder Felge mat Carbon-Airblades.

Der Individualiséierung sinn dann och keng Grenze gesat... oder bal keng... sou ginn et z.B. 127 verschidde Faarwe fir d'Baussenhaut.

Vu Baussen dann elo eran an de Banneraum. Wat gëtt et do Neies?

Hei wäerte Puriste warscheinlech och e bësse Bauchwéi kréien, well den typeschen analogen Tourenzieler, dee verschwënnt. Et gëtt et elo e volldigitale Cockpit mat engem 12,6 Zoll breede Curved-Display. Op dësem gouf dann och un der Visibilitéit geschafft, well et d'Kritik gouf, dass ee munch Unzeigen un de baussechte Ränner duerch d'Steierrad guer net gesinn huet. 7 verschidden Usiichte ginn et elo, jee nodeem wat een alles am Bléck wëll hunn.

RTL

Nei ass dann och, dass een elo lénks nieft dem Steierrad e Start-Knäppchen huet, fir de Motor ze demarréieren, an net méi en Zündschlass oder eng Schlësselattrapp, déi een dréie muss.

Den 911 gëtt an Zukunft als Zweesëtzer an der Basis ugebueden. Récksëtzer gëtt et awer op Wonsch dobäi, ouni Oppräis.

Wat d'Connectivitéit ugeet, ass een dann och elo am Carrera um neiste Stand, sou wéi een et zu, Beispill schonn aus dem Cayenne kennt.

Eppes wouriwwer mer nach guer net geschwat hunn... wéi fiert den neie GTS sech dann iwwerhaapt?

Ech muss am Virfeld scho mol erklären, dass ech elo net wierklech de groussen Expert sinn, wat Porsche ugeet. Kuerz éier ech op der Presentatioun vum neie 911 war, hat ech d'Geleeënheet de 718 Spyder RS ze fueren, wouriwwer ech an engem aneren Automag ze schwätze kommen. Da konnt ech och 2 Deeg mat engem aktuelle Carrera 4S fueren, an domat huet et sech scho quasi mat menger Porsche-911-Erfarung.

Dëst huet mer op alle Fall gehollef, d'Faszinatioun Porsche besser ze verstoen. Déi Autoe si sou performant, an dobäi awer och, jee no Modell, extrem Alldagstauglech. Den neie GTS sinn ech da beim Test zu Malaga och op der Rennstreck vun Ascari gefuer, an ech muss soen, ech war scho bal erféiert, wéi gutt sou ee serieméissege Porsche Carrera do ofliwwert, an dat mat sengen 394 PS.

RTL

Am Verglach mam GTS Hecktriebler, respektiv dem GTS Allrad huet een de Gewiichtsënnerscheed scho gemierkt, ma de GTS ass einfach eng enorm Fuermaschinn. Op deene puer Tier, wou mer fuere konnten, huet ee sech scho béis mussen ustrengen, fir den Auto an de Grenzberäich ze bréngen, an och do war en dunn nach ganz gutt ze beherrschen. D'Pneuen op der hënneschter Achs sinn 10mm méi breet wéi beim Virgänger, wat sécherlech zur Fuerstabilitéit bäigedroen huet.

Déi 541 PS Systemleeschtung a Kombinatioun mat der PDK-Boite, engem extrem gudde Fuerwierk an enger perfekter Sëtzpositioun, sinn einfach just e Garant fir Fuerspaass. Dëst souwuel iwwer kleng Biergstroossen, am normale Stroosseverkéier an der Stad, oder eben op enger Rennstreck.

Fuerimpressioune vum neie Porsche 911 Carrera GTS um Circuito Ascari a Spuenien
Copyright: Porsche

Ech hat dann och vun der Geleeënheet profitéiert, dass den éisträichesche Porsche Wierksfuerer Richard Lietz op der Ascari-Rennstreck mat dobäi war an hunn e kuerzerhand gefrot, ob ech mech fir e puer Tier dierft nieft hien an den Auto setzen. Hie war do ganz onkomplizéiert an huet direkt zougesot.

RTL

De Richard Lietz huet ënnert anerem e puer mol d'24h vu Le Mans gewonnen, grad ewéi d'24h um Nürburgring.

Ech wollt einfach gesinn, wéi ee Mann, dee kuerz virdrun LeMans gewonnen huet, sou ee Stroossenauto op der Rennstreck beweegt. Hei waren d'Bremspunkten nach emol e gudde Strapp méi spéit, d'Linn eng aner, an zu gudder Lescht ass en och nach e bësse mat mer iwwert de flotte Circuit gedrift. Et hat sech definitiv gelount ze froen, an dobäi ass et och nach en immens feinen a sympathesche Mënsch, deen och nach no de puer Tier net einfach fortgelaf ass, ma nach weider mat mer gepotert a philosophéiert huet.

Um Circuito Ascari: E puer Froen un de Porsche-Wierkspilot Richard Lietz.
Gefuer gouf an engem Porsche Carrera GTS 992.2

Nei Weeër bei der Presentatioun

Et ass déi éischte Kéier, dass Porsche bei der Virstellung vun enger neier Modellrei, wéi an dësem Fall dem 992.2, direkt de GTS als éischt presentéiert. Doduerch erreecht een natierlech direkt méi e breede Public, well eben nieft dem einfache Carrera an dem Cabrio och direkt e GTS mat méi Leeschtung disponibel ass, ma et mécht allerdéngs och extrem virwëtzeg, wat se sech fir den neie Porsche Turbo afale gelooss hunn. De GTS ass d'Ronn op der Nordschleife a 7min16,93 gefuer, wat 8,7 Sekonne méi séier ass wéi säi Virgänger. Do muss den neien Turbo sech scho richteg laang maachen... et däerf ee gespaant sinn, wat nach kënnt!

RTL

Zu gudder Lescht dann nach d'Fro nom Präis

Fir den 911 Carrera GTS muss een op d'mannst 168.500 Euro op den Dësch leeën. Dat si ronn 14.000 Euro méi wéi fir de Virgänger, ma en huet och e sëllegen Equipementer scho serieméisseg verbaut, déi do nach Oppräis kascht hunn. Dobäi kënnt dann eben dat neit Undriffskonzept mam t-hybrid.

A wa mer scho bei de Präisser sinn... et gëtt nach eng Optioun, déi e bësse méi speziell ass. Et kritt een nämlech och eng ganz perséinlech Auer vu Porsche Design ze kafen, déi ee genee esou konfiguréiere kann, wéi säin Auto... mam Felgendesign, der Faarf asw.

RTL

Esou eng Auer kritt een dann och just, wann ee sech de passenden Auto keeft. Dat kann dann eventuell och e flotten, wann och net ganz gënschtege Kaddo fir de Gebuertsdag oder sou sinn. Lass geet et bei 5.990 Euro an der Basis... bis dann erop op ongeféier 9.000 Euro. D'Auere si bei de Porsche-Piloten op alle Fall gutt ukomm, wéi een op eise Fotoe gesäit.

RTL